Nachdem es in letzter Zeit etwas ruhiger war auf http://clada.lu, wird es jetzt mal wieder Zeit von meinen letzten spannenden Erfahrungen im Bereich Fotografie zu erzählen.
Heutzutage stellt sich fast jeder der eine digitale Spiegelreflexkamera in den Händen hällt als Fotograf dar. Leider ist dies ein Phänomen das sich in den letzten Jahren immer mehr herauskristallisieren lässt. Die meisten dieser Fotografen haben aber keine Ahnung von der Technik die hinter so einer Kamera steckt geschweige denn wissen was eine Mittelformatkamera oder eine Plattenkamera ist.
Oldschool
Um diesem Phänomen entgegen zu gehen und um mich einer neuen Herausforderung zu stellen, hatte ich mir dieses Jahr vorgenommen ein Konzert mit einer analogen Mittelformatkamera zu fotografieren. Eigentlich passen Konzert und analoge Fotografie nicht wirklich zusammen. Viel zu sehr muss man sich als Fotograf heutzutage auf den Belichtungsmesser in der Spiegelreflex verlassen um brauchbare Ergebnisse zu erhalten. Ich bin zwar schon vor gut einem Jahr auf die Manuelle Belichtung an meiner Canon 7D umgestiegen aber die Technik ist einem dann doch noch immer behilflich um kleine Belichtungskorrekturen vorzunehmen.
Bei einer Mittelformatkamera (Mamyia RB67) so wie ich Sie in Wiltz in Luxemburg benutzt habe ist man auf die Angaben eines externen Belichtungsmessers angewiesen was bei solch schwiergien Lichtsituationen zum Horrorakt wird. Jede Lampe die sich bewegt oder gar die Lichtfarbe ändert benötigt eigentlich eine neue Lichtmessung.
Hier ist mir meine Erfahrung im Konzertgraben zu gute gekommen, so dass ich die Belichtungszeiten erstaunlich gut an die Lichtsituation anpassen konnte.
Eine weitere Komponente die einem das Leben als Analog-Fotografen extrem erschwert ist die Anzahl der Bilder pro Film. Ganzer 10 Fotos konnte ich mit meinem Schwarz / Weiß 3200 ISO lichtempfindlichen Film verschießen. Wenn man dies nun mit der normalen Anzahl an Fotos vergleicht die ein digitaler Konzertfotograf wärend 3 Liedern macht dann ich das minimal, zumal es auch keine Serienbildfunktion gibt.
Geduld ist das A und O
Ein postiver Effekt der Analogfotografie ist auf jedenfall dass man lernt geduldig zu sein udn auf das "perfekte" Bild ohne blind drauf los zu fotografieren. Dies schärft den Blick und man zögert schon mal 1 oder 2 Sekunden bevor man auch tatsächlich abdrückt.
Unten findet Ihr eine kleine Auswahl aus 4 Bildern von dem Konzert von Anthem of the Sun, Inborn und Eternal Tango vor.
Coupe de Luxembourg SemiFinals
Nach meinen wie ich finde guten Ergebnissen bei dem Konzert hat mich der Ehrgeiz wieder gepackt um auch noch mal beim Basketball mit einer Analogen-Mittelformatkamera zu arbeiten. Diesmal im Halbfinale des Pokals in der Coque in Luxemburg.
Schwierig beim Basketball sind vor allem die schlechten Lichtverhältnisse und die Schnelligkeit des Spiels die ein manuelles Scharfstellen fast unmöglich machen.
Auch hier findet Ihr eine kleine Serie aus 4 Bildern vor. Leider kann man bei diesen Farbscans einige Farbstiche noch in den Bildern erkennen.
Bgl Bnp Paribas Open an Sparta geint Zolver stoungen um Programm
Eier ech lo vir puer Deeg mat dem Komma op Roum op en Festival sin wollt ech just nach en puer sportlech Andreck vun desem Weekend hannerloosen.
Op der enger Sait ass en Samsden d'Qualifikatioun vir den desjähregen Bgl Bnp Paribas Open ugaang. Wou dann och 3 letzebuerger mat vertrueden waren. Des sin awer leider an d'Zweschenzait genau sou wei d'Mandy Minella waat am Haapttableau direkt konnt spillen, ausgescheed.
Am Basket huet d'Sparta dann desen Weekend geint Zolver gespillt, wou dei Bartrenger am Fong och keng Mei haaten sech duerchzesetzen.
Kommentarer
Dest sollt et dann och mol rem vun mir gewierscht sin. Falls nach een oder deen aneren en Kommentar wellt hannerloosen oder eppes dobaizefügen huet, kann een dest gären maachen iwert d'Kommentarfunktioun.
Scheint Wieder den Weekend an 6 verschidden Jobs, 2 Basketsmatcher, 2 Concerten, 1 Interview an 1 Shooting, waat well een mei, et war einfach nemen Spaß ugesoot.
Nodeems Basketssaison am Fong schon d'läscht Woch rem ugefaang huet sin ech awer reicht des Woch dozou komm fir Fotoen vun der neier Saison maachen ze goen. Sou war et och bessen komesch lo no der laanger Summerpaus rem Basket ze shooten. Ausser dass d'Linnen um Buedem an den Amerikaner vun der Sparta sech besen geännert hun, huet et awer net laang gedauert fir rem an d'Basketsfotografie eranzefannen.
En Samsden den Owend war dun Kelis am Atelier op Besuch. Nierwt dem Fakt dass hat 1 Stonn ze speit op Bühn komm ass, ass opgefall dass een bei der Virgrupp Natalia Kills zimlech vill plaakech haut gesinn konnt, wei een daat nach ni gemeet huet am Atelier.
En Sonnden war dun en klengen Shooting mam Laurent Zeimet ugesoot. Mettes dun en Interview fir fuze mat Funkyp Frontman Isaac Roosevelt an dem Bassisten Marc Reichling. Bei engem Drink dono konnt een dun och nach iwert Musek zu Lëtzebuerg schwätzen waat och extreem interessant war.
Owes ass et dun nach op den Basket op Diddeleng gaang wou Sparta an engem spannenden Match den kierzeren gezunn huet. No desem Match nach an den Atelier fir Biffy Clyro ze fotografeieren. Waat och extreem interessant war fir si nodeems ech schon d'Meiglechkeet haat um Rock-a-field rem ze fotografeieren.
Dono ass et dun nach op Mannheim gaang. An sou huet sech en laangen, ustrengenden awer spannenden Weekend dem Enn zou geneigt.
Virun ausverkaaftem Atert, ass haut zu Bartreng dei eischten Final vun den Playoffs 2010 gespillt gin. Bartreng wollt onbedengt gewannen an dei Diddelenger wollten sech fir dei verlueren Coupe Final revancheieren!
Den besseren Start an den Match haat definitiv Bartreng. Si hun den Match vun Ufank un kontrolleiert an sin och greisstendeels zu einfachen Punkten komm. Den T71 stoung praktesch nierwt dem Terrain bei hinnen ass guer naicht zesummen gelaaf, an domadder steet et no der eischter vun 3 meiglechen Finallen 1:0 vir dei Bartrenger. En Freiden mussen dei Diddlenger lo an eegener Haal gewannen fir sech eng Optioun op den Titel ze haalen
Fotographesch gesinn
Fir mol eng keier eppes anescht ze maachen hun ech mer extra fir desen Match eng Rolleiflex vun menger Heischschoul ausgeleint. Fir dei dei et net wessen sollten, dest ass eng analog Mettelformatkamera an mecht Biller dei menger Meenung no schon baal aus enger aneren Welt kommen.
Firwaat sech extra sou vill mei maachen an daat "onmeiglecht" probeieren Sport mat enger analoger Kamera ze fotografeieren.
Ech hun et als extreem spannend emfonnt fir mol ze kuken wei d'Sportsfotographen freier Biller gemeet hun. Ouni manuellen Fokus an demnowei och nach ouni internen Beliichtungsmiesser hun si missten schaffen.
Bei mir waren d'Conditiounen ähnlech den Beliichtungsmiesser vun der Kamera ass futti (Cedric du kenns daat gefill ;)). Sou hun ech als eischten mol emmer miessen missten eier dass ech iwerhaapt eng Foto gemeet hun.
Bei desem Verfahren konzentreiert een sech dann och vill mei op den Cadrage, waat awer bei sou enger Mettelformat guer net sou einfach ass well alles nämlech spiggelverkeiert ass.
Sou hun ech mir am Kapp eng kleng Lescht gemeet vun Saachen dei ech onbedengt fotographeieren wollt an hun des lues a lues oofgeschafft andeems ech op den richtegen Moment gewaard hun.
2tens hun ech ma d'Mettelformat ausgeleint well ech am Fong en sou eng Foto maachen wollt :
Eng speziell Foto mat nemen enger Schärftenebene an der Metten |Fotoen clada.lu
Quizz
Kleng Quizzfro wei nennt een daat Verfahren, an wei ass des Foto entstaan?!
Fir den Recht sin ech lo just nach gespannt op meng analog Fotoen ... Soubaal des färdeg entweckelt an gescannt sin wärt ech se och hei posten!
No engem reegelrechten Basketskrimi steet d'Sparta vun Bartreng als Gewenner fest vun der eischten Halleffinal an den Playoffs 2010.
Waat en Match, bis en puer Sekonnen virun Schluss vun der 2ten Verlängerung wosst keen an der Haal ween desen Match geif fir sech entscheeden. Reicht en Feelworf an en Ballverloscht vun den Ettelbrecker hun et der Sparat erlaabt desen Match vir sech entscheeden ze kennen.
Den Match war vun Ufank un séreiert an keng Equippe konnt sech su richteg oofsetzen. Den Larrie ass dei eischten Halschend gudd verteidegt gin an huet sou laang op seng eischten Punkten waarden missten. Op der Sait vun deenen Ettelbrecker ass den Tim Giver erviirzehiewen deen mat sengen Draier dei temporär "entscheedend" Akzenter konnt setzen.
An desem Match ass et vill em dei mental Stärkt gaang sou hun ech och den Fokus op dei Fotoen gesaat.
En Sonnden geet et lo weider zu Ettelbreck mat dem 2ten Match aus den Halleffinalen.
No 13 Joer gewennt Sparta am Joer 2010 d'Coupe de Luxembourg an schleit heimadder den gewenner vum leschten Joer.
Ween hätt daat doten virun deser Final geduercht dass d'Sparta sech sou eendaiteg keint oofsätzen an Coupe no 1997 rem eng Keier mat op Bartreng huelen.
Nierwt mengen Fotoen hun ech och dest Joer rem eng Keier en Panorama gemeet, leider sin puer Feeler dran an sou änelt 360° vue eischter engem Spill "trouvez l'intrus" wei soss eppes. Soubaal der en Feeler bemierkt kennt der desen jo kommenteiren.
Contern verleiert an engem spannenden Match geint Sparta
No 2 Neierlaagen gewennt Sparta mol rem auswärts geint eng gudd opgeluechten Conterner Equippe. Schlussendlech sollt d'Differenz 2 Punkten maachen an desen Match entscheeden.
An der Ufanksphase huet d'Sparta den Tempo ugin an si konnten och liicht fortzeihen. Mee Contern huet sech erugekämpft an konnt sou och mat engem klengen Virsprong an Paus goen!
Den Virsprong ass dun weider bis op 9 Punkten gewues bis Sparta ze konteren wosst an glaich en puer mol glaich zitt ouni sech awer behaapten ze kennen.
Sparta gewennt schlussendlech dank deenen 2 läschten Kierf vum Larrie mat 2 Punkten geint Contern.
Diddeleng haat d'Zepter vum Ufank vum Match un an der Hand an gewennt desen läschten Match an der Poly geint d'Sparta.
Vun Ufank hun huet Diddeleng den Tempo ugin, an huet sech duerch einfach Kierf en klengen Equart erausspillen kennen.
Sou sollt et dann och weider goen. Eng Treffsecher Diddelenger Equippe huet desen Virsprong dun am 2 an 3ten Vierel nach weider ausbauen kennen.
Am entscheedenden Veierel ass Sparta dun nach eng Keier zaitenweis erukomm ouni awer des Diddelenger Victoire an Gefoer ze brengen.
Dest war domadder och den leschten Heemmatch fir d'Sparta an der Poly an ab der nächster Keier gett rem am neigemaachten Atert gespillt.
Eröffnungsfeier ass hei den 17ten März.