Recent Posts :

Photography tags :

  • basket

    23 März 2009

     

    Coupe de Luxembourg 2009 geet op Diddeleng

    Virun 5200 Leit ass den 21ten März Coupe Final am Basket tescht Contern an dem T71 Diddeleng ausgedroën gin! Dës Final war mat grousser Spannung erwaard gin, dest war awer nemen deelweis beregtegt!

    Nodeems Ettelbrëck an den deenen leschten Joeren Coupe plus ou moins domineiert huet, stoung schon virun der Final fest dass d'Coupe dest Joer net an den Norden geif goen!

    No ufänglechen Schwieregkeeten mat vill Nervositeit an demendspriechender Trefferquote huet den Tim Whitworth (MVP vun Spill) d'Blaat an d'Hand geholl an konnt seng Faarwen mat 9 Punkten an Serie an Feierung brengen!

    Zu dësem Ablack huet Contern wei oofwiesend um Terrain geschengt, hinnen wollt naicht gelengen an sou huet Diddeleng den Virsprong lues awer secher eropschrauwen kennen!

    Reaktioun vun Contern

    Kuerz virun der Paus sollt awer dun eng Antwert vun den Conterner kommen! Si hun sech kontinueierlech erugekämpft an sou ass et och mat 33-38 an d'Paus gaang! An et huet een sech op eng spannend 2ten Halschend astellen kennen!!

    Dem war awer leider net sou well Diddlenger alt rem eng Keier den besseren Start erwecht haaten an sou den Conterner definitiv Geneck gebrach hun.

    Coupe op Diddeleng

    An sou geet Coupe am Joer 2009 op Diddeleng!
    Zum Schluss awer nach eng kleng Feststellung dei ech dank dem wort.lu och mol reicht bemierkt hun! D'Verantwortlech haaten d'Siegereierung sou geplangt dass nemen d'Halschend vun den Leit vun desem Moment konnten profiteieren. Dest war duerch en Werbeplakat bedengt waat metten um Terrain stoung! Naja Sponsoren gin halt fir an sou Geschichten... traureg awer wouer!

    Weider Fotoen op basketnews.lu

    Hei nach en Link zu weideren Fotoën op basketnews.lu, mat deenen ech fir desen groussen Basketsevent zesummengeschafft haat! Groussen Merci vun deser Plaatz aus nach eng keier un den Kevin Zender an un d'FLBB.

    Photos

    • Contern - Diddeleng | Coup de Luxembourg 2009
    • Contern - Diddeleng | Coup de Luxembourg 2009
    • Contern - Diddeleng | Coup de Luxembourg 2009
    • Contern - Diddeleng | Coup de Luxembourg 2009
    • Contern - Diddeleng | Coup de Luxembourg 2009
    • Contern - Diddeleng | Coup de Luxembourg 2009
    • Contern - Diddeleng | Coup de Luxembourg 2009
    • Contern - Diddeleng | Coup de Luxembourg 2009
  • basket

    11 Februar 2009

     

    Aus den Draam vun der Final an vum Doublé!

    No 40 Minutten war et kloër, Sparta wärt och dest Joer net den Doublé kennen maachen! Dobai huet et no 20 Minuten nach guer net sou schlecht ausgesinn, no der Paus ass awer dun naicht mei zesummengelaaf weder an der Defense nach an der Attaque!

    Dem Ersatzamerikaner Grant kann een keen Virworf maan

    No enger groussen Show wei een daat an der Coque fir dei grouss Eventer gewinnt ass, ass dun och endlech basket gespillt gin. An et huet een schon vun Ufank un gemierkt dass d'Sparta awer sou seng Schwieregkeeten haat geint d'Defense vun Contern!

    Op der anerer Sait ass d'Sparta des Keier ouni sain Laangzaitamerikaner Larrie Smith ugetrueden deen sech virun puer Wochen eng Muskelzerrung zougezunn huet an dofir leiwer ersaat gin ass! Et muss een awer soen dass den Grant sech wierklech gudd geschloen huet, mat villen Rebound'en an och wichtegen Punkten!

    2ten Halschend komplett verschloof

    An der 2ten Halschend ass guer naicht mei zesummengelaaf souze soen en kompletten Blackout bei all den Spiller. An sou konnt Contern en 17:0 scheißen an dest huet der Sparta d'Geneck gebrach.

    All Ustrengung huet naicht mei gehollef

    Sparta huet dono nach eng keier probeiert erunzekommen ennert anerem mat 2 Draier hannerteneen vum Grant mee an der Defense sin einfa vill zevill einfach Punkten zougeloos gin, an an der Attaque ass den Ball net dreinenen geloos gin an sou verleiert Sparta schlussendlech daitlech.

    Photos

  • basket

    08.01.2009

     

    Sparta gewennt an der coupe no staarker kämpferecher Leeschtung

    No enger eischter Halschend mat villen Ballverloschter an klenger Trefferquote huet d'Sparta an der 2ten Halschend d'Differenz gemeet an gewennt zum Schluss dach daitlech 83 op 66.

    An den eischten 10 Minutten ass d'Etzella besser aus den Startlächer koum an sou louchen si och schnell fier. Dun huet Sparta awa mam Larrie Smith reageiert an konnt op 13-13 ausglaichen.

    Ab desem Moment ass d'Spill dauernd hin an hier gaang an keen konnt sech sou richteg oofsetzen sou war d'Sparta zur Paus och nemen mat engem Punkt fier!

    No der Paus huet d'Leit vum Philippe Giberti awer dun en krack zougeluecht an gewannen no enger staarken kämpferechen Leechtung schlussendlech dach iwerleen mat 83-66.

    Domadder zitt d'Sparta lo an d'Veierelsfinal vun der coupe an wou et lo wärt geint Contern goen.

    Photos

    • Etzella-Sparta - Larrie geint 3 aner Etellbrecker Spiller
    • Etzella-Sparta - Jairo Delgado kritt den Rebond
    • Etzella-Sparta - Kampf em den Rebond
    • Etzella-Sparta - Wulf scheisst op
    • Etzella-Sparta - Larrie mecht 2 Punkten mat Feeler
    • Etzella-Sparta - Julien Hublart mecht 2 Punkten
    • Etzella-Sparta - Pit Hoffmann setzt sech duerch
    • Etzella-Sparta - den Jean de Marchi setzt sech duerch