Recent Posts :
-
Gudden Logo? am deischteren definitiv net!
Dësen Logo hun ech lo main Stage iwer baal all Daag gesinn wou ech mam Bus op Leideleng bei Nvision gefuer sin! An emmer rem Moiës hun ech mech gefroot waat den Logo am Fong sollt bedeiten, respektiv aussoen! Et siew dobai gesoot dass ech den Logo emmer nemen am daischteren gesinn hun an dofir hun ech och probeiert desen Effekt duerzestellen andeems ech bessen un den Kontrast, Saturatioun Regleren spillen gaang sin!
Wann dir desen Logo nach net firdrun gesinn hudd, dann huelt Ierch lo mol puer Sekonnen Zait an iwerleet mol einfach waat desen Logo keint bedeiten, respectiv waat fir een Message en wellt eriwer gin!
Am aneren Fall well ech lo mol bessen schielderen wei ech daat ganzt all Moiën an Owend emmer rem gesinn hun, an einfach probeiert hun ouni iergendwelch à priori Kenntnisser un daat ganzt erugaang sin, respectiv erliewt hun! Daat heescht ech hun net op den Buttek gekukt wou den Logo drop afficheiert war.
Wei mir daat an eisem Studiengang am eischten Joer am cours "Phénomènologie de la perception" (klengt an Wierklechkeet mei schweier wei et ass) geleiert hun, probeiert den Mensch soubaal en Logo respectiv an desem Fall eng Unuerdnung vun Dreiecken, Parallelogrammen,... (dei hei duerch verschidden Faarwen duerchgestallt gin), gudd bekannten Figuren, Formen eremzefannen an ze identifizeieren!
An do ass daat eischten waat bei mir erausgestach ass dei waiss Fläch am ierwechten Deel vum Bild. Ech hun wärend deenen eischten Wochen an deser Form emmer en Schëff entdeckt. Dest huet awer wierklech enner kengen Emstänn zu dem Buttek gepasst wou desen Logo présenteiert gin ass.
Puer Deeg drop hun ech dun eng Téikaan gesinn, dei waiss Fläch uewen ass lo zum iwerechten Deel vun der Kaan gin, an den enschten bloen deel war den Behälter selwer mat der Hänk dei op der rietser Sait eraussteet!
Enges Moiës ass mer awer dun eng Spaicherliichtchen opgaang an schlussendlech hun ech gesinn waat deen Logo mir an dem Recht vun den Leit matdeelen wollt! Et ass nämlech folgendes : en Haus waat an enger Perspektiv duergestallt as, an deems mat den Faarwen an Formen gespillt gin as! Dest ass nämlech en Logo fir eng Immobilien Agence Immo DPI. Leider fannen ech den Choix vun den Farwen net ganz gleckeg, well menger Meenung no kennt dei wäissen Deel vill ze vill eraus par rapport zu deem donkelbloën Hannergrond an deem Mëttelblo!
Et siew nach dozou gesoot dass ech net elleng mat menger Iwerleeung do stin, verschidden Leit, net all dei hun och en Schëff oder eng Téikaan gesinn wei ech hinnen den Logo gewisen hun! An wann een mol bis eng Keier sech op d'Formen fixeiert huet an zum Beispill en Schëff gesait ass et och immens schweier fir dono eppes aneschtes ze gesinn!




