Recent Posts :

Photography tags :

  • basket

    18 Mee 2009

     

    Contern ass Champion vun der Saison 2008/2009

    Nodeems Contern och hier 19 Partie doheem gewennt, secheren si sech den Championstitel!

    Et waren definitiv dei Conterner dei besser an Partie fonnt hun an hiert Spill mei souverain duerchgezunn hun. Mee d'Musel Pikes hun sech vun Ufank un net opgin an sech rem urugekämpft, eier dass Contern sech kuerz virun der Paus, liicht duercht Bascht gemeet huet.

    An der 2ten Halschend hun Pikes et zwar nach eng Keier gepackt erunzekommen awer konnten den Conterner Amerikaner, Brandon Gary deen rem en super Match gemeet huet, net an den Greff kreien.

    Et sollt awer nach eng Keier spannend gin wei Pikes en puer Minuten virun Schluss nach eng Keier bis op 4 Punkten erukomm sin. Mee dun hun se verschidden vun hieren Kierf net getraff sou dass Contern zum Schluss als Gewenner feststoung, an Champion vun deser Saison gett.

    Mat desem leschten Match geet eng laang Saison op en Enn, wou sech Contern duerchsätzen kann, an wou am fong keen sou direct, no deem miserabelen Start an dei nei Saison gegleeft hätt. Dofir och vun clada.lu Gleckwensch op Contern.

    Photographesch gesinn

    Wei lo schon zenter en puer Joer sin op den Finalen emmer an emmer mei Photographen vertrueden an jiddereen well natierlech seng Biller maachen, an se dann och sou schnell wei meiglech un d'Zeitung schecken fir dass dei nach virun Redaktiounsschluss des ereechen!

    Gott sai Dank stinn ech do net sou vill enner Drock, mee dei ganz Atmosphere ass awer schon iergendwei ustierchend, sou och zum Beispill bei der Foto ganz zum Schluss, wou Spiller mam Plateau um Buedem leien, do gett em all Zentimeter gekämpft. Daat ass alles net sou einfach zummols wann daat emmer spontan geschidd an d'Spiller sech einfach zu iergendengem Moment op den Buedem setzen.

    Virum Ufank vum Match haat ech mech dann awer och eng Keier an d'Mett vum Terrain getraut, fir rem eng Panorama Foto ze maachen. Eng Foto virun sou enger impressionnanter Kuliss mat 1800 Leit, waat jo och am Letzebuergeschen Basket net all Daag virkennt! Sin mol gespannt waat daat gett.

    Heimadder geet dann och vir mech eng laang Basketballsaison op en Enn, mat villen photographeierten Match, an ennert anerem och 7/8 Matcher aus den Final4 wou ech fir basketnews.lu ennerwee war. Op deser Plaatz dann och nach en groussen Merci un si an zumols un den Kevin Zender. MERCI. An op weiderhin nach eng gudd Zesummenarbescht.

    Weider Fotoen

    Och bei desem Match sin rem en groussen Undeel vun mengen Fotoen op basketnews.lu ze fannen.

    Photos

    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
  • basket

    17 Mee 2009

     

    Diddelenger sin Champion 2009 bei den Fraen

    Den leschten an decisiven Match, sollt entscheeden ween dest Joer Champion bei den Fraen sollt gin.

    An engem extrem bis zur leschter Minutt spannenden Match, ass et haut dun em d'Wurscht gaang. Nodeems keng vun den Equippe sech an der Ufanksphase richteg oofsätzen konnt ass et dun kuerz virun der Paus den Walfer Meedecher gelongen en klengen Equart mat an d'Paus ze retten.

    No der Paus waren et och weider si dei den Toun ugin hun an bis op 11 Punkten fortgezunn sin! Dono ass awer net mei vill zesummengelaaf an et sin vill onneideg Feeler an Feelschess gemeet gin sou dass d'Diddeleng sech rem erukämpfen konnt, an och d'Nues liicht virhaat. 6 Sekonnen virun Schluss sollt et awer dun nach eng keier spannend gin. Mat engem 3er huet d'Walfer do nämlech den Score nees egaliseiert an et huet alles op eng Verlängerung hingedeit. Mee dei Diddelenger haaten awer eppes dogeint an gewannen sou op den leschten drecken mat 62-60 an sin domadder Champion vun Letzebuerg.
    Felicitatiounen och vun clada.lu op Diddeleng :).

    Weider Fotoen

    Weider Fotoen och dest Keier rem op basketnews.lu vill spaas domadder :)

    Photos

    • Women Finals 2009 | T71 Diddeleng - Walfer
    • Women Finals 2009 | T71 Diddeleng - Walfer
    • Women Finals 2009 | T71 Diddeleng - Walfer
    • Women Finals 2009 | T71 Diddeleng - Walfer
    • Women Finals 2009 | T71 Diddeleng - Walfer
    • Women Finals 2009 | T71 Diddeleng - Walfer
    • Women Finals 2009 | T71 Diddeleng - Walfer
    • Women Finals 2009 | T71 Diddeleng - Walfer
  • basket

    16 Mee 2009

     

    Contern ziddert sech an en 3ten decisiven Match geint Musel Pikes.

    Virun 1400 Leit gewennt Contern deen 2ten FinalsMatch doheem an bleiwt domadder och den 16 Match noeneen doheem ongeschloen.

    Pikes mussen domadder färten och no deem 2ten Final4 ennerhalb vun 2 Joer rem eidel heemzegoen, sou heemstaark wei dei Conterner am Moment sin.
    Am Fong huet alles guer net sou schlecht ausgesinn fir d'Musel, mee dei Conterner hun awer emmer iergendwei en Wee fonnt fir Spill rem ze dreinen.

    Pikes waren definitiv dei Equippe dei besser an den Match gestart ass an sech sou och konnten en klengen Equart erausspillen. Desen huet awer net bis d'Paus gehaalen wei d'Contern rem dru war an sech alles huet missten an der 2ten Halschend entscheeden.

    Schlussendlech huet Contern an den 2ten 20 Minuten d'Blaat gedreint an en klengen Virsprong bis zum Schluss gehaalen. Sou kann Contern en 3ten an decisiven Match en Sonnden spillen.

    Photographesch gesinn

    Wei ech an d'Haal erankomm sin huet sech eng impressionant Kuliss mir entgeintgewierkt. Natierlech war d'Stemmung och um iwerkachen an dementspriechend waarm war et dann och an der Haal. Waat fir ze fotographeieren awer zimlech ustrengend ass zumols well een d'Impressioun haat d'ganz Hetzt geing sech um terrain zesummenballen.

    Fir den Recht waren haut all Zeitungen mat villen verschiddenen Fotographen besaat an sou gesait een dann och mol rem eent oder daat anert bekannten Gesiicht um Basket rem, waat och emmer rem interessant an spannend ass fannen ech.

    Weider Fotoen

    Wei emmer, op basketnews.lu eng ausfeierlech photographesch Dokumentatioun vun desem dach Heichpunkt vun der Basketballsaison 2008/2009.

    Photos

    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
  • basket

    10 Mee 2009

     

    Pikes gewannen doheem och geint Contern

    Pikes gewannen och den eischten Match an den Finalen, an sin sou an den Finals 2009 Series nach ongeschloen.

    Virun mei wei ausverkaaften Haal, 900 Leit vir genau ze sin (et sin der 500 erlaabt ... gott sai dank ass naicht geschidd), konnten Pikes an hierem 3ten Match hannerteneen d'Iwerhand behaalen, an wann sou den eischten vun 3 Meiglechen Finals Matcher.

    Bei sensationneller Stemmung war et en nervösen Ufank vun beiden Equippe wou et wierklech Schlag op Schlag goung. Eier dass Pikes sech lues awer secher oofsätzen konnten alt rem eng Keier duerch hier Draier an einfach Punkten, dei si trotz allem geint eng gudd gestaffelt Conterner Defense erzielen konnten.

    Sou ass et dun mat 35-25 an d'Paus gaang.

    No der Paus war et Contern dei mat 100 à l'heure aus den Vestiairen komm sin an hier Unhänger rem hoffen geloos dass desen Match dach awer nach keint op Contern goen.

    Contern huet sech Punkt vir Punkt erugeschafft an war bis op 4 Punkten rem drun. Pikes hun sech et schlussendlech awer net huelen geloos an weider clever opgespillt. An et war rem en Draier vum Laurent Schwartz deen eng kleng Virentscheedung kuerz virun Schluss vir Pikes bruecht huet, an den Conterner hier leschten Versich fir desen Match dach nach ze wannen vernicht huet.

    Mam Reck zur Mauer

    Weider geet et lo desen Freiden mat dem 2ten Spilldaag vun desen Finalen, an dann kann een mol gespannt sin wei Contern mat desem Szenario eenz wärt gin. Geint Diddeleng konnten si jo mol en 1:0 Reckstand zu hieren Gonsten em dreinen. Wärt daat och des Keier den Fall sin. Ob allenfall missten se dann deen nächsten Match mol wannen an dann geif et am 3ten an decissiven Match zu der Entscheedung kommen ween dest Joer CHAMPION am Basket gett.

    Weider Fotoën

    Weider Fotoen vun desem Match wärten och des Keier rem op basketnews.lu kommen. Merci hei och nach eng Keier fir des Zesummenarbecht.

    Photos

    • Finals 2009 | Musel Pikes - Contern
    • Finals 2009 | Musel Pikes - Contern
    • Finals 2009 | Musel Pikes - Contern
    • Finals 2009 | Musel Pikes - Contern
    • Finals 2009 | Musel Pikes - Contern
    • Finals 2009 | Musel Pikes - Contern
    • Finals 2009 | Musel Pikes - Contern
    • Finals 2009 | Musel Pikes - Contern
  • basket

    05 Mee 2009

     

    SemiFinals 2009-Contern kann weider hoffen | Etzella deklasseiert

    Nodeems d'Musel Pikes an Diddeleng um eischten Mee hier jeweileg Mätcher gewonnen hun war et lo d'Heemequippen dei mam Reck zur Wand stoungen.

    Musel fiert mat gudder Leeschtung weider

    Nodeems Pikes en Freiden d'Etzella vun Ettelbreck förmlech iwerrannt huet, duerft een Haut op eng Reaktioun vun dem dach 1ten Titelaspirant gespaant sin.

    Dest huet sech och an den eischten 20 Minuten erugebaant wou d'Etzella domineiert huet an och 18 Punkten vir war.

    Mee dun ass rem Zait komm vun den Muselaner duerch Draier vum Schwartz an Braier koum d'Musel lues awer secher am 3ten Veierel erun, an op een mol war d'Etzella nemen nach 4 Punkten fir. Eier dass d'Musel dun 2 Minuten virun Schluss rem op 5 Punkten fortgezunn war an schlussendlech och den Saack zougemeet huet an mat 73:65 gewennt.

    An sou steet den eischten Finalist 2009 fest et ass dest wei och d'Lescht Joer d'Musel Pikes.

    Contern setzt sech doheem duerch

    An der 2ten Partie vun desen Semi-Finals 2009, ass den Geigner vun den Pikes an der Final gesicht gin, an hei waren dei Diddelenger zu Contern op Besuch.

    An dësem Match war et definitiv d'Conterner Equippe dei domineiert huet an sou och direct mat engem 17-2 duerchstarten konnt. Ab deem Moment waren si nemi ze bremsen. Si hun eng excellent Zone gespillt an Diddeleng huet vun waitem an einfach Schëss net getraff.

    Sou ass et komm wei et kommen huet missen Contern gewennt heich verdengt geint Diddelenger mat 89:59 an huet sech domadder eng Optioun opgemeet fir dach awer nach an d'Final 2009, no enger duerchwuessener Saison ze kommen.

    Hei kennt et lo en Mettwoch zum Showdown tescht den Conterner an den Diddelenger. An et muss een gespannt sin wei dei Diddelenger lo geint dei heemstaark Conterner Equippe well bestoen.

    Weider Fotoen

    Weider Fotoen fennt een och des Keier rem op basketnews.lu.

    Photos

    • SemiFinals 2009 | Contern - Diddeleng
    • SemiFinals 2009 | Contern - Diddeleng
    • SemiFinals 2009 | Contern - Diddeleng
    • SemiFinals 2009 | Contern - Diddeleng
    • SemiFinals 2009 | Contern - Diddeleng
    • SemiFinals 2009 | Contern - Diddeleng
    • SemiFinals 2009 | Contern - Diddeleng
    • SemiFinals 2009 | Contern - Diddeleng
  • basket

    02 Mee 2009

     

    SemiFinals 2009 - Eischten Spilldaag mat direct 2 Heemerfolleger

    No 2 extrem spannenden Finalen gewannen dei 2 Heemequippen an kennen domadder mat engem klengen moraleschen Virdeel an den Match en Sonnden erangoen!

    Diddeleng - Contern

    Als eischten Mol koum et op desem eischten Spill vun der Final4 Serie am Basket 2009 zum Remake vun der Coupefinale an selwescht wei demols gewennt Diddeleng geint Contern. Waat een awer schon als kleng Iwerraschung vun desem Spilldaag kann duerstellen, wu Diddeleng dach iwerhaapt Schwieregkeeten haat fir sech iwerhaapt fir den Final 4 ze qualifizeieren!

    Um Ufank vum Match waren et dei Diddelenger dei den besseren Start fonnt hun an vill mei konzentreiert opgetrueden sin. Nodeems Contern zereck an den Match fonnt haat an och zaitenwais rem konnten an Feierung goen, ass et hinnen awer net gelongen sech oofzesätzen. Schlussendlech hun dei Diddelenger am 4ten Veierel den Saack zougemeet an kennen lo en bessen mei berouegt un den Match en Sonnden erugoen!

    Musel Pikes - Etzella

    Kommen mer dann lo zum 2ten Match vun desen Halleffinalen wou et dach eng daitlech Victoire fir dei Muselaner gouf. Zur grousser Iwerraschung haaten d'Musel Pikes vun Ufank un den Match an der Hand an hun daat gefeierlecht Ettelbrecker Spill ni sou richteg zur Entfaalung kommen geloos. An sou war dann och Bommenstemmung zu Remich an der Haal dei baal iwergekacht ass! Do hun och dei gudd 10 Ettelbrecker Trommen net vill gehollef fir hier Equippe novirzebrengen.

    Erauszehiewen aus desem Match ass en iweraagenden Samy Picard deen elleng an desem Match 36 Punkten geschoss huet, huet praktesch aus allen Laagen getraff! An dest huet him net nemen Sympathien bei den Musel Pikes gin.

    Trotzdeem war desem Match en immens agressiven an hekteschen Match wou d'Arbitteren dann och eng oder dei aner Keier hun missten mat onsportleschen oder Techniquen agraiffen. An do kann ech leider Gottes verschidden Ettelbrecker Fans net verstoen dei d'Arbitteren zu deser Neierlaag vun der Etzella verantwortlech maachen. Well och wann d'Arbitteren vlait net hieren beschten Daag erwecht haaten, hätt dest secherlech keng Differenz gemeet fir d'Musel Pikes, dei haut sou iwerragend gespillt hun wei ech se nach ni gesinn hun. Op der anerer Sait war d'Etzella awer och erstaunlech schwaach haut, respectiv si waren och vun enger gudder Defense vun den Pikes emhüllt an konnten sech guer net richteg entfaalen. Kompliment un Pikes. Ech sin dann mol gespannt op si sech auswärts en Sonnden zu Ettelbreck och vlait suguer behaapten kennen.

    Weider Fotoen

    Weider Fotoen vun mir sin och nach op basketnews.lu ze fannen.

    Photos

    • SemiFinals 2009 | Diddeleng - Contern
    • SemiFinals 2009 | Diddeleng - Contern
    • SemiFinals 2009 | Musel Pikes - Etzella
    • SemiFinals 2009 | Musel Pikes - Etzella
    • SemiFinals 2009 | Musel Pikes - Etzella
    • SemiFinals 2009 | Musel Pikes - Etzella
    • SemiFinals 2009 | Musel Pikes - Etzella
    • SemiFinals 2009 | Musel Pikes - Etzella