Recent Posts :

Photography tags :

  • fotographie

    4ten März 2010

     

    Canon EOS 7D review

    Nodeems ech meng Canon EOS 7D lo 3 Méint a Betrib hunn gëtt et Zäit fir en klenge Review vun dësem neiste Modell vu Canon aus der EOS Serie.

    En puer Fakten fir unzefänken

    18.0 Megapixel APS-C CMOS senor
    Dual DIGIC IV processors
    ISO 100-6400 (12.800 meiglech)
    19-punkt Auto Fokus
    8 Biller an der Sekonn
    3 Zoll groussen LCD mat 920.000 Bildpunkten
    Magnesium Body

    7D Geheis

    Et ass en richtegen Genoss déi nei 7D an der Hand ze halen. Géigeniwwer menger Virgänger Modell der 40D huet Canon hei verschidden Saachen ëmgeännert. Sou huet een mat Hëllef vun deem nei entwéckelten Grip eng perfekt Haptik.
Canon huet zousätzlech all Knäppercher mäi grouss gemeet an méi handlech disposéiert. Sou kann een och souguer mat Händschen 7D ouni Problemer bedéngen.
    Deen neien 3 Zoll grousse LCD mat 920.000 Bildpunkten ass am Gebrauch vun der Kamera eng wonnerbar Hëllef fir d'Fotoe kenne schnell ze iwwerblécken. Hei huet Canon wierklech eng grouss Verbesserung an d'7D par Rapport zu der 40D agebaut. Dobäi sief awer ëmmer rëm betount dass een engem Bildschirm op der Kamera ni trauen däerf! Dann éischter den Histogramm kucken an dono definitiv um Computer entscheeden.

    Canon EOS 40D (left) vs Canon EOS 7D (right)

    Hei nach eng Keier meng aal Kamera (40D) lenks am Verglaich zu der neier Kamera riets (7D) © Fotoen clada.lu

    Performance

    Wat Performance vun der Camera ugeet, kann ech nemen Positives beriichten. Den neien 19-Punkt Autofokus mécht souguer ënnert schwierege Bedingungen eng extrem gutt Aarbecht. Zumols d' "AF Expansion" Fonctioun huet mir et ugedoen. Hei wielt een en Beräich aus an deemde Fotoapparat de Fokus siche soll. Dest erliichtert zumols d'Schaffen am Serien-Bild-Modus, wou een dann net ëmmer 100 prozentesch muss mat engem eenzelnen AF-Punkt um Motiv sinn. Leider ginn et awer souguer och mat dem neien AF System Feelfokusseierungen, mee dës hunn sech awer extrem minimiséiert par Rapport zu menger 40D. Sou bleift festzestellen : Watee mei an de Body investéiert wat d'Ausbeute un schaarfe Fotoe méi heisch ass.

    Bild Qualitéit

    Qualitéit vum Bild ass zum gréissten Deel excellent. Bei niddregen ISO Zuele kann d'7D seng 18 Megapixelen ausspille fir wonnerbar Detailer prais ze gin. Ab 800 ISO fänkt d'Rauschen dann awer un opzefalen, mee richt ab 6400 fänken d'Biller un wierklech onbrauchbar ze ginn. Sou ass d'Extensioun op 12.800 ISO och just fir an absoluten Noutfäll ze gesinn, an dann och nach just fir kleng Prints oder den Internet.

    • Billy Talent
    • Nickelback
     

    2 Fotoen mat der neier 7D bei 1600 ISO an verhältnissmässeg schlechten Liichtbedingungen © Fotoen: clada.lu

    Features

    En Featuren op deen ech mech bei der 7D richteg gefreet hunn ass d'Méiglechkeet den interne Camerabletz als Master zu externe Speedlight Slaves ze benotzen. Dëst war fir mech zemools praktesch well ech momentan nemen en Speedlight 430EX hunn an dësen net als Master benotztka ginn! Ween heizou méi Informatioune wëllt kann och eng Kéier hei laanscht luusse goen.

    Dës weidere kann ee mat der 7D awer och Filmen an zwar an HD Qualitéit. Des Funktionalitéit huet mech bis lo nach net sou richteg interesséiert, mee an nächster Zukunft muss ech mech awer onbedéngt mol domadder befaassen!

    perseinlech Aschätzung an Fazit

    Keng Kamera ass perfekt, mee dës 7D kennt menger Virstellung wat eng Kamera alles bréngen muss respektiv soll en weideren Schrëtt méi no.
    Als negativ Punkte muss ech leider soen, dass déi 18Megapixelen mir en béissen ze vill sinn. RAW files ginn immens grouss (+/- 25mb). Dat mécht et net nemen schwéier vir op engem Event zu fotographéieren mee schränkt een och bessen am Backup vun den Fotoen an.
    En weideren negativen Punkt, fir mech op allenfall mol, ass den Crop Sensor. Canon huet wat Rauschen ugeet zwar schon vill drun geschafft, mee sou richteg zefriddestellend et awer nach net! Leider huet een am Sport / Concert am Semi-Professionellen Beräich keng richteg alternativ. 5D MarkII ass hei wei gesot bëssen lues am AutoFokus.

    Fir den Recht huet Canon awer eng top Aarbecht geleescht, zemools mat hirem neien AF System, mee weess awer och an villen aneren Beräicher ze iwwerzeegen.

    An sou kann ech als Fazit nemen soen dass d'7D, fir mech am Moment déi beschten Kamera am APS-C (1.6 Crop) DSLR Beräich ass. Also fir ambitionéiert Amateuren wierklech ze recommandéieren.

    Canon EOS 7D + 24-70 2.8L

    Canon 7D an Combinatioun mam 24-70 2.8L © Fotoen clada.lu

    EOS 7D Fimware Update

    Fir alleguerten déi déi schon eng 7D hier eegen nennen kennen, sollten op allefalls den Firmware Update vun Canon op Kamera spillen, méi zu dësem Thema kann een op deser Sait gewuer gin

  • fotographie

    19 November 2009

     

    Ambitioneiert Fotographen an hir Problemer

    Ween kennt et als ambitioneierten Fotograph net, Fotoen gin net emmer sou wei een sech daat firstellt. Mol ass et weinst dem Kadrage, mol weinst der Schärft oder ben einfach nemen weinst dem Sujet.

    Ok, lo kann een sech och rem soen, ech huelen mer einfach mei Zait fir mech mat dem Sujet ze beschäftegen fir dann schlussendlech eng "perfekt" Foto rauszekreien. Mee leider gett et DEI perfekt Foto net. Zumols wann een als Reportagefotograph ennerwee ass an schnell handelen muss. Do huet een net emmer Zait alles perfekt anzestellen, et soll een jo och an deem Ableck nemen Dokumenteieren waat geschidd / geschidd ass, an d'Creativiteit gett doduerch (an muss) vun villen Fotgraphen zimlech baussen fir geloos.

    Ech well awer lo net laang hei vun der Theorie schwätzen, mee einfach mol direkt op en konkreten Fall ze schwätzen kommen. Sou geschidd en Sonnden zu Treier um NBA Legends. Mol eng Keier war bei mengem geschilderten Problem net den Zaitdrock oder soss iergendeppes, mee einfach nemen Pech den wonnen Punkt! (och wann een et hätt kennen Viraus gesinn ... mee bon dono ass een emmer mei schlau).

    Den Georges Noesen haat dei genial Iddi fir hannert all Bried wärend dem Basketsmatch tescht den NBA Legends an den Letzebuerger / Treier All Stars, en Fotoapparat ze monteieren. Dest huet dann och alles geschengt wonnerbar ze klappen! Mir waren zur Zait do fir alles ze monteieren an och ze testen. Alles wonnerbar! Leider Gottes haaten mir 2 net domadder gerechent dass d'Vibratiounen vun den Dunken sou en groussen Afloss op den Manuellen Fokuseierreng vun dem Fisheye Objektiv hätten. An sou huet sech mat all Dunk d'Schärft vun der Foto bessi mei an d'Onschärft bewegt.

    Schlussendlech ass keng Foto notzbar gewierscht, op allenfall mol op där Sait wou meng 40D ugemeet war. Dofir sin awer puer cool Fotoen op dem aneren Kuerf erauskomm, eng Keier vum Georges Noesen an eng keier vum Gerry Schmit

    Hei well ech dann mol souzesoen daat Tabu briechen dass d'Fotographen normalerweis emmer nemen hier beschten Biller weisen an dei "verschassen" emmer nemen op der Sait loosen. An sou hei dei 2 Fotoen dei wierklech Potenial gehaat hätten fir "baal perfekt" ze gin.

    onscharf Foto

    onscharf Foto

    Fro un Ierch dobaussen

    Lo einfach mol d'Fro un Ierch ambitioneiert Fotographen, hudd dir och sou Fotoën wou der Ierch soot "merde dei Foto hätt d'Potential gehaat eng TOP Foto ze gin mee leider leider......."?! Dann post einfach en klengen Kommentar mat der Foto oder mat dem Link, oder scheckt mer se per Mail.

    Respektiv waat maacht dir mat deenen Fotoen dei extreem gail hätten keinten, et schlussendlech awer net gin sin! Haalt dir se, oder landen des direct an der Pubell!

  • fotographie

    02 September 2009

     

    Canon EOS 7D Preview - den Allrounder

    Um éischte September huet Canon seng neisten Entwécklung virgestallt, Canon EOS 7D. Dës wäert d'Canon Rei kompletéieren an huet puer Features drop op déi d'Fotographen sech freeë kennen.

    Schon zënter längerem huet et bei Canon rumouert dass an nächster Zäit eng nei entwéckelt Kamera wäert erauskommen. An hei ass se lo, déi nei EOS 7D vun Canon. Endlech kann een do wuel nemen soen.
    Wei ech et schon an der Intro ugedeit hunn bréngt Canon lo an nächster Zäit eng nei DSLR mat 17.92 Millioune Pixel eraus. Dëse Modell gëllt ass competitiv Geigensteck zu der Nikon D300 an D300s. Als Prais schwätzt Canon vun ongefeier 1700€.

    Nei Features vun der CANON EOS 7D

    An dësem klenge Preview probéieren ech just déi wichtegst Saachen unzeschwätze mä ech konnt et awer net loossen all déi nei Feature wéinstens eng kéier opgezielt ze hunn :

    Ennert anerem huet sech Canon et net huele gelooss en neie Sensor, neien AF System, Metering System, neien Bildschierm, eng nei TTL Kontroller Funktionalitéit an nei Konfiguratiounen an Optiounen anzebauen déi ee bis lo nach an kenger Canon fonnt hat, an dat zu deem dach erschwengleche Präis!

    Par Rapport zu der neier 50D ass d'Kamera nach en bësse méi grouss an sou soll een nach en bessere Feeling hunn wann een dës an der Hand hält.

    Den Autofokus ass ganz nei entwéckelt ginn an sou kann de Fotograf lo op en 19-Punkt-System zeréckgräifen, wat hoffentlech och der Genauegkeet vum Auto-Fokus zegutt kennt. Den Auto Fokus ass mir perséinlech ganz wichteg well ech Sport an Concerte fotographéieren, an well 5D am Fong éischter als lues fokusseierend Kamera bekannt ginn ass sinn ech lo ganz frou dass et do lo eng Alternativ gëtt.

    An mat de Features vun der 5D kenne mer am Fong direkt weider fuere well an Testbiller kann ee feststellen dass d'Rausche bei heigen ISO'en erstaunlech niddereg bei dëser neie Kamera sinn!

    En weider interessante Feature sin dei 8 Biller an der Sekonn dei des Kamera maache soll.

    clada.lu Fazit

    Canon huet missten op Konkurrenz reageieren an nodeems se eng nei 5D erausbruecht hun, ass d'Virstellen vun der 7D en Schrett an dei richteg Richtung. Well des Kamera schengt wierklech, wann een den Tester gleewen kann net schlecht ze sin, mat villen neien Features dei ze iwerzeegen wessen!

    Kamera ass am Fong eischter als allrounder ze gesinn, mat 18 Milliounen Pixel kann een sech gudd Virstellen domadder fir greisser Projeten ze schaffen. Dobai ass Kamera awer och gudd fir den Sport mat 8 Biller an der Sekonn an neiem AutoFokus System, awer och fir Concerten an schlechtbeliichten Szenen mat gudden Resultater bis zu 1600 ISO mat Meiglechkeet fir bis op 12800 ISO opzestocken.

    Obwuel d'7D richt gëschter virgestallt ginn ass huet mech dës nei Kamera schon gepackt, an ech verspieren dauernd sou en "Dat muss ech hunn" Gefill. Naja mol kucken op dat dann hanneno wierklechde Fall wäert sinn.