Recent Posts :

Photography tags :

  • fussball

    09 Mai 2010

     

    Fussball fir den gudden Zweck

    Virun ausverkaaftem Stadion hun europäesch Fussballer sech fir den gudden Zweck agesaat. Ennert der Leedung vum Zinedine Zidane an Figo ass iwer 70 Minuten laang fir den gudden Zweck gekickt gin.

    Ween hätt et geduercht d'Letzebuerger Auswiel huet geint Staren mat 6:3 den kierzeren gezunn. Mee d'Resultat war jo och net sou wichteg, well et sollt nämlech op d'Kannerkrankheet Leukodystrophie opmierksam gemeet gin.

    Ennert anerem stoungen follgend Leit um Terrain :
    Zidane, Figo, Koller, Marschall, Ziege, Wiltord, Sylvestre, Frechaut, Wilmots, Strasser, Hellers an Mutsch.

    Photos

    • Fussballmatch ELA 2010
    • Fussballmatch ELA 2010
    • Zinedine Zidane | Fussballmatch ELA 2010
    • Fussballmatch ELA 2010
    • Zinedine Zidane | Fussballmatch ELA 2010
    • Figo | Fussballmatch ELA 2010
    • Fussballmatch ELA 2010
    • Figo | Fussballmatch ELA 2010
  • fussball

    09 Mee 2009

     

    Harel gewennt 1-2 zu Mamer

    Harel gewennt verdengt geint eng ennerleen an onkonzentreiert opspillend Mamer Equippe.

    Nodeems Mamer net richteg an den Match fonnt huet an net 200% an den Zweekämpf gin huet konnten Greenboys sech en klengen Avantage erausspillen an sou och mei Drock opbauen!

    Schlussendlech fällt den eischten Goal awer eischter zoufälleg well den Goalkeeper vun Mamer en bessen ze wait am Terrain stoung an den Ball sou iwert hien an den Goal fällt. Bis zum Enn vun der eischten Halschend konnt Harel desen Virsprong dun gereieren an och nach weider ausbauen duerch en Goal kuerz virun der Paus.

    An den 2ten 45 Minuten huet Mamer den Drock dun erheischt. Sou ass et dun och komm dass si mat engem Goal den Virsprong vun den Greenboys verkierzt hun an sou stoung et nemen nach 2-1. Mamer huet den Tempo probeiert weider heischzehaalen, an huet sech och puer schein Goalchancen erausgespillt. Schlussendlech sollt et awer net duergoen an Harel gewennt auswärts 2-1.

    Greenboys sin lo 5ten an der Tabell mat 41 Punkten an hun Wentger dei 4:3 verluer hun lo mat 2 Punkten Virsprong hannert sech geloos.

    Photographesch gesinn

    Dest war main 2ten Fussballsmatch deen ech je photographeiert hun. An obwuel ech mer verschidden aner Fotoen virgeholl haat sin ech am groussen ganzen fir main 2ten Match awer recht zefridden.

    Weider Fotoën

    Weider Fotoen vum Ben Majerus kann een och nach um offiziellen Greenboyssite kuken.

    Photos

    • Mamer - Harel
    • Mamer - Harel
    • Mamer - Harel
    • Mamer - Harel
    • Mamer - Harel
    • Mamer - Harel
    • Mamer - Harel
    • Mamer - Harel