Recent Posts :
-
Bierchem gewennt am Handball & Sparta am Basket
clada.lu war fir Ierch rem fotographesch sportlech ennerwee. Bierchem am Handball an d'Sparta am Basket heeschen dei 2 Gewenner vun desem Weekend.
Handball an der Coque
Am Hanball konnt sech Bierchem an der Coupe mat 34 op 29 geint Käerjeng duerchsetzen an steet domadder an der Coupe Final geint den Geigener deen den Owend am Match HB Esch - HB Red Boys Differdange wärt gewannen.
Spetzematch am Basket zu Bartreng
Am Basket war et dun den Optakt vun den Playoffs an hei kann sech Sparta dach knapps geint Etzella vun Ettelbrëck duerchsetzen.
An der eischten Halschend huet et alles anescht wei dono ausgesinn dass dest sou en spannenden Match sollt gin. Sparta ass mat enger konfortabeler Avance an d'Paus gaang. No den eischten 20 Minuten huet d'Sparta den Equippengeescht awer komplett verluer an d'Etzella konnt sech rem Punkt vir Punkt erukämpfen an souguer och rem virkommen.
Sou sollt et bis zum Schluss extreem spannend bleiwen. Nodeems den Nelson Delgado en Offensiv Feeler gepaff krut, an d'Sparta rem an Ballbesetzt waren et nach 3,7 Sekonnen op der Auer an et stoung 59-59.
No engem Timeout huet den René Wolzfeld sech en Härz geholl, obgeschoss an getraff. Op den Kuerf lo wierklech regulär war daat ass eng aner Fro...
Sou gewennt Sparta den eischten Match vun den Playoffs an kanns sech mat Diddeleng un Spetzt vun der Tabell setzen.













