Recent Posts :

Photography tags :

  • events

    24 Mee 2009

     

    Impressiounen vum ING Marathon 2009

    Hei dann och vun mir eng kleng Billerstreck vum desjähregen ING Europe Marathon aus der Staad Lëtzebuerg.

    Dëst Joer war ech dann, schon fir 3ten Keier mam Photoapparat an der Staat ennerwee an hun probeiert puer Impressiounen vun desem Marathon am Bild festzehaalen.

    Et siew ze bedaueren dass dest Keier no eegenem Empfannen vill manner Leit den Wee bis an d'Staat fonnt hun dest awer warscheinlech och weinst der Vakanz dei ugefaang huet.

    Mee dest huet trotzdeem der flotten Athmosphere an der Staat keen Oofbroch gin, wou iwer 8000 Leit kräfteg ugefeiert gin sin.

    Photographesch gesinn

    Ech wees net firwaat mee ech sin am Moment iergendwei am Panorama Feiwer, ass wuel weinst dem Tito Dupret deen virun kuerzem bei eis an der Schoul eng Konferenz gehaal huet iwert Panorama'en an sain Site. Ech hun iweregens eng Ufro bei him gemeet fir en Beitrag bei http://clada.lu kennen ze schreiwen, krut bis lo awer nach leider keng Äntwert.

    Wei gesoot een Panorama bei souvill Menschen dei sech beweegen ass guer net evident, zumols fir d'Leit dann net 2 mol op der Foto drop ze kreien, well se sech jo logescher Weis an eng Richtung weiderbewegen.
    Leider haat ech bis lo nach keng Zait, respektiv d'Software (dei zu Namur op mengem iMac ass) fir den Panorama zesummenzestellen an en klengen Preview um Site ze weisen. Dest wärt ech awer nohuelen, dofir nach bessen Gedold.

    Photos

    • ING Europe Marathon 2009
    • ING Europe Marathon 2009
    • ING Europe Marathon 2009
    • ING Europe Marathon 2009
    • ING Europe Marathon 2009
    • ING Europe Marathon 2009
    • ING Europe Marathon 2009
    • ING Europe Marathon 2009