Recent Posts :

Photography tags :

  • concert

    06 Mee 2011

     

    Milow fir 2ten Keier am Atelier

    Fir all Fans direkt daat wichtegt viraus, nodeems den Milow lo schon vir 2ten Keier am Atelier war huet hien och schon sain Retour op Lëtzebuerg am Oktober ugekennegt.

    Bekannt ass den Milow mat sengem Lidd Ayo Technologie gin an lo huet hien dann och sain 3ten Album zu Lëtzebuerg virgestallt! Wierklech en ganz sympateschen Typ deen een do op der Bühn virfennt, awer hien wees och durech seng Stemm ze iwerzeegen.

    Fotografesch gesinn

    Alt rem eng Keier hun dei nei LED Luuchten engem d'Liewen net einfach gemeet. Ech wärt lo an nächster Zukunft och nach eng Keier en Blogeintrag desem Thema widmen well do hun ech lo zumols haut bei der Virgrupp en komeschen Phänomen festgestallt wat eis d'fotografeieren wärend den Concert wierklech net vereinfachen wärt.

    Photos

    • Martin and James support Act Milow | Atelier
    • Martin and James support Act Milow | Atelier
    • Milow | Atelier
    • Milow | Atelier
    • Milow | Atelier
    • Milow | Atelier
    • Milow | Atelier
    • Milow | Atelier
  • concert

    21 Abrëll 2011

     

    OneRepublic fir d'eischt

    Nodeems den Concert vum läschten Joër an dem Atelier reschtlos ausverkaaft war, sollt et am Joër 2011 net anescht laafen. Den Verkaaf vun den Ticketen ass suguer sou gudd gelaaf dass direkt nach eng 2ten Show dobai gesaat gin ass dei och komplett SOLD OUT war.

    Als Virband huet Angel at my Table den Atelier opgeheizt eier dass dun OneRepublic d'Bühn mat hieren Hits gestiermt hun.

    Fotografesch gesinn

    Dest war wierklech net einfach ze fotografeieren well d'Luuchten op der Bühn extreem varieiert hun. Vun hell op daischter an daat och nach op ennerschiddlechen Ebenen vun der Bühn waat eng Foto mat all den Memeberen vun der Band leider onmeiglech gemeet huet! Main absoluten Favorit an deser Serie ass d'Nummer 6 (am Moment op allenfall mol nach, well daat ennert emmer am Laaf vun der Zait)

    Lo ass et un Ierch

    Waat fir eng Foto gefällt Ierch?!

    Photos

    • Angel at my Table supporting OneRepublic @ den Atelier
    • Angel at my Table supporting OneRepublic @ den Atelier
    • Angel at my Table supporting OneRepublic @ den Atelier
    • OneRepublic @ den Atelier
    • OneRepublic @ den Atelier
    • OneRepublic @ den Atelier
    • OneRepublic @ den Atelier
    • OneRepublic @ den Atelier
  • concert

    11 Abrëll 2011

     

    Cee-Lo Green am Atelier

    No sengem riesegen Erfolleg mat senger Single "Fuck you" war den Cee-Lo Green lo desen Meinden am Atelier op Besuch fir och dem letzebuergeschen Publikum sain Album "The Lady Killer" firzestellen.

    Besonneg opgefall ass bei desem Concert, niewt der Stemm vum Cee-Lo d'Iwerhand dei dach dei weiblech Besetzung op der Bühn geholl huet, mee et schengt awer wei wann dest net grad ongewollt war.

    Op aneren Plaatzen ass menger Meenung no awer falsch gespuert gin, wei zum Beispill verschidden Playback Anspillungen vun den Backgroundsängerinen dei een vergeblech op der Bühn gesicht huet an taatsächlech vum Band kommen sin. Mee soss eng richteg Stemmungskanoun op der Bühn deen wees wei en mam Publikum spillen kann.

    Photos

    • Ebony Bones support act for Cee-Lo Green | @ Atelier
    • Cee-Lo Green | @ Atelier
    • Cee-Lo Green | @ Atelier
    • Cee-Lo Green | @ Atelier
    • Cee-Lo Green | @ Atelier
    • Cee-Lo Green | @ Atelier
    • Cee-Lo Green | @ Atelier
    • Cee-Lo Green | @ Atelier
  • concert

    01 Abrell 2011

     

    Tony Allen am Cader vum Printemps Musicale

    Wann d'Wieder dobaussen bessen gett dann ass rem Printemps Musicale Zait. Wei all Joers organiseiert den LCTO sain Event mat ennerschiddlechen Concerten an verschiddenen Beraicher.

    Haut den Owend war lo den Batteur Tony Allen mat senger Band zu Letzebuerg am Atelier op Besuch. Am Unhang fannt dir eng kleng Auswiel vun mengen Fotoen.

    Groussen Merci

    En groussen Merci un den Luxembourg City Tourist Office deen mir erlaabt huet desen Concert fotografeieren ze goen!

    Photos

    • Tony Allen @ Atelier
    • Tony Allen @ Atelier
    • Tony Allen @ Atelier
    • Tony Allen @ Atelier
    • Tony Allen @ Atelier
    • Tony Allen @ Atelier
    • Tony Allen @ Atelier
    • Tony Allen @ Atelier
  • concert

    29.03.2011

     

    Clueso im Atelier

    Nachdem Sie 2 Jahre an ihrem Album gefeilt haben war Clueso am Dienstag im ausverkauften Atelier zu Besuch.

    Auf jedenfall ein tolles Konzert was diese ereignissreiche Woche eröffnet hat.

    Morgen gehts dann sofort weiter mit Juli in der neuen Halle in Ettelbrück!

    Kommentieren erwünscht

    Photos

    • Max Prosa | Support act for Clueso @ Atelier
    • Clueso @ Atelier
    • Clueso @ Atelier
    • Clueso @ Atelier
    • Clueso @ Atelier
    • Clueso @ Atelier
    • Clueso @ Atelier
    • Clueso @ Atelier
  • concert

    2nd December 2010

     

    Angel at my Table in Santander (ES)

    “SANTANDER!” screamed lead singer of Angel At My Table Joelle as the band exploded onto the stage waking up the audience who had come to see the finals of the EuroDemo and MySpace competition.

    A contest that had whittled down 2000 acts from across Europe to a final 5 countries: Luxembourg represented by Angel At My Table, France, Netherlands, United Kingdom and Spain.

    The battle was on for the prize of EUR 20,000 as AAMT were the second act to perform on the Spanish stage after UK’s Annie Goliath.
    The journey to the finals had been an extremely stressful one and at one point was touch and go whether they’d all make it on time at all. Joe Flies the band’s drummer while waiting for the flight from Brussels to Santander was shocked to discover that he had forgotten his identity card. His only option was to return to Luxembourg to grab it before attempting to start the trip again, proving a hard task with several airports affected by snow.
    Just half an hour before the performance Joe appeared at the concert hall tired from his extremely long journey much to the relief of the entire band.
    Putting on what the compare described as “a fantastic and extremely lively performance”, Angel At My Table played one of their best performance to date to an extremely appreciative Spanish audience and certainly gained them many new admirers.

    Other acts that followed were Donata from the Netherlands, Universo Acelerado from Spain and the winners of the contest and a EUR 20,000 from France, rock band The Randy Mandys.
    Angel At My Table achieved the runners up position and speaking after their stage show they seemed extremely pleased with their performance, “it was the most fun I’ve had in years” exclaimed guitarist Robin, “it was perfect!” said Joe. “I think we did our best, we were supposed to play third but at the last minute were told, you’re playing now” explained guitarist Tom.
    Although the band didn’t win the coveted MySpace Eurodemo prize, they certainly rocked Santander and left their mark.

    Photos

    • Angel At My Table | live @ Santander
    • Angel At My Table | live @ Santander
    • Angel At My Table | live @ Santander
    • Angel At My Table | live @ Santander
    • Angel At My Table | live @ Santander
    • Angel At My Table | live @ Santander
    • Angel At My Table | live @ Santander
    • The Randy Mandys - Winner of the competition | live @ Santander
  • concert

    23 November 2009

     

    Mando Diao an der Rockhal

    Nodeems Mando Diao schon virun 2 Joer zu Letzebuerg um Rock a Field opgetrueden sin, waren si des Keier an der Rockhal op Besuch! Virgrupp waren Eternal Tango vun Letzebuerg.

    Zum Concert kann ech leider net vill soen well ech eischter goen hun missten an am Fong nemen dei 3 eischt Lidder konnt gesinn.

    Mee ech muss leider feststellen dass meng eischt Meenung dei ech mer um Rock a field vun hinnen gemeet haat rem eng Keier bestetegt gin ass an een sou eng liicht Impressioun vun Iwerhiewlegkeet op der Bühn feststellen muss. Mee ech mengen daat gefällt den Fans och sou un hinnen. Wann ech mech awer hei ieren sollt, dann schreiw mer en klengen Kommentar an beweis mer den Geigendeel. An sou kann een awer och net oofstreiden dass si musikalesch awer Top waren :)

    Fotographesch gesinn

    Dest war main eischten Concert mat der neien 7D an am groussen ganzen war ech ganz zefridden. Wei emmer sou schein gesoot gett waat een mei investeiert waat d'Zuel vun onschaarfem Ausschoss mei kleng gett! Dest kann ech dann och bestätegen. Zousätzlech sin Fotoen iergendwei mei kräfteg ouni awer wei bei der 40D an den Faarwen ze verbrennen.

    Weider Detailer wärd ech mir fir main 40D / 7D Verglach ophaalen deen och an nächster Zait kommen wärt.

    Photos

    • Eternal Tango | Support Act for Mando Diao
    • Eternal Tango | Support Act for Mando Diao
    • Mando Diao @ Rockhal
    • Mando Diao @ Rockhal
    • Mando Diao @ Rockhal
    • Mando Diao @ Rockhal
    • Mando Diao @ Rockhal
    • Mando Diao @ Rockhal
  • concert

    1 November 2009

     

    Just Jack am Atelier

    Geschter haat Just Jack den Wee bis an den Atelier fonnt.

    Ech sin dankbar fir all Remarque :)

    Weider Fotoën

    Weider Fotoën vun desem Concert kennt der op point24.lu bewonneren.

    Photos

    • Just Jack @ Atelier
    • Just Jack @ Atelier
    • Just Jack @ Atelier
    • Just Jack @ Atelier
    • Just Jack @ Atelier
    • Just Jack @ Atelier
    • Just Jack @ Atelier
    • Just Jack @ Atelier
  • concert

    28 Oktober 2009

     

    Genialen Concert vum Richard Bona am Atelier

    Waat well een vill mei soen, ausser dass dest einfach nemen en genialen Concert war vun engem vun deenen greissten Bassisten deen des Welt kennt.

    Kuerz zu der Gesicht vun desem Festival deen vum Luxemboug City Tourist Office organiseiert gin ass. Desen "Live at Vauban" Festival ass 1995 zum Kulturjoer op d'Been gestallt gin an huet sech saitdeems emmer weiderentweckelt!

    Wei schon ugedeit ass den Richard Bona een, wann net souguer deen beschten Bassist deen een am Jazz an Afro-Welt fannen kann. Hien ass schon mat villen aneren Greissten opgetrueden wei zum Beispill den Chick Corea, Herbie Hancock oder Dave Sandborn.

    Geschter Owend war den Richard Bona dun am Atelier op Besuch vir sain neien Album "The 10 shades of blues" ze presenteieren! Hien wousst awer net nemen musikalesch ze iwerzeegen mee och duerch seng Entertainer Qualiteiten an Witz. Sou konnt hien mat enger perfekter Meschung d'Zuschauer op seng Sait gewannen an begeeschteren!

    Groussen Merci

    En groussen Merci un deser Plaatz un den Claude Fries, an d'ganzt LCTO Team fir d'Organisatioun vun desem genialen Concert. An natierlech och en groussen Merci un d'Madame Giorgetti fir d'Accreditatioun fir desen Concert kennen am Bild festzehaalen!

    Photos

    • Richard Bona @ Atelier
    • Richard Bona @ Atelier
    • Richard Bona @ Atelier
    • Richard Bona @ Atelier
    • Richard Bona @ Atelier
    • Richard Bona @ Atelier
    • Richard Bona @ Atelier
    • Richard Bona @ Atelier
  • concert

    16 September 2009

     

    Fleet Foxes am Atelier

    Geschter waren Fleet Foxes bei relaxer Stemmung, am ausverkaaften Atelier op Besuch. Support Act waren Blitzen Trapper.

    Text wärt nach nokommen!

    Vergiesst net ze commenteieren!

    Photos

    • Blitzen Trapper @ Atelier
    • Blitzen Trapper @ Atelier
    • Fleet Foxes @ Atelier
    • Fleet Foxes @ Atelier
    • Fleet Foxes @ Atelier
    • Fleet Foxes @ Atelier
    • Fleet Foxes @ Atelier
    • Fleet Foxes @ Atelier