Recent Posts :

Photography tags :

  • panorama

    15 März 2010

     

    Neien Atert - Panorama Preview

    Ween bis lo nach net an der neier Haal zu Bartreng op Besuch war kann sech mat desem Panorama mol en eischt Bild maachen.

    En puer Eckdaten

    Desen Panorama besteet aus ongefeier 50 Fotoen, dei all eenzel am Heischformat mat Hellef vun engem Panoramastativ opgeholl gin sin.

    Dono sin se dun an engem Programm zesummengesaat gin, an manuell bearbescht gin bis alles perfekt gepasst huet. An hei dann lo d'Resultat.

    Panorama Preview

    Error text.

    Am Panorama selwer kann een mat der Maus hin an hier goen, an mat + an - kann een ran oder rauszoomen © Fotoen clada.lu

    Panorama als Foto

    Fir dei dei et interesseiert. Iwert desen Link kann een den Panorama och nach als flaach Foto ukuken.

    Feedback

    Ech freen mech iwert all Commentaire deen dir op mengem Site oder iwer Mail kennt hannerloosen.

  • panorama

    15 August 2009

     

    Panoramafotographie mam Tito Dupret

    De 14ten Mee 2009 war den Tito Dupret bei menger aler Schoul, der Haute Ecole Albert Jacquard op Besuch. Hien sollt vun dëser Geleeënheet profitéiere fir de Schüler aus dem eischte Joer vu sengen Erfahrungen an der Fotographie a méi spezifesch der Panoramafotographie ze schwätzen.

    Dem Tito Dupret sain Projet

    Mat Hëllef vun dem J. M. Kaplan Fund vun New York, ass den Tito Dupret den Initiator vum Projet "1001 merveilles" wou hien duerch ganz Welt déi impressionanteste kulturell an natierlech Sitë panographieieren (also 360 Grad Biller) maache geet.

    Op sengem Site 1001merveilles.org weist hie regelméisseg seng nei Errungenschaften déi en vun deenen eenzelne Sitë vun den Patrimoine vun der Welt gemeet huet. Sou fënnt een am ganzen 2098 Panographien an senger Kollektioun. Sou kann een sech en Bild maache vun der Plaatz ouni do musse gewiescht ze sin.

    Wann een sech op sengem Site umellt, kann ee Panoramaen iweregens och am Fullscreen Format kuke waat een bei grousse Bildschiermer oder Projektioune richt sou richteg genéisse kann, well een och wierklech all klengsten Detail op dëse Fotoe kann erblécksen.

    Konferenz am Hall vun der HEAJ

    Komme mer lo da kuerz zu senger Konferenz. Hei huet hien de Schüler erklärt wat hie bis lo sou vun Erfahrunge gemeet huet, an sou souguer Tricke verrode fir besser Panoramen ze maachen.

    Um Enn vun der Seance huet en dem Publikum dunn nach gewise wei hien seng Panoramaen um Terrain mecht. An hei hunn ech erstaunleches feststelle kennen. Hien huet sech nämlech mat sengem Fotoapparat deen un engem Panoramakapp mat Monopod fixéiert gouf, einfach an d'Mett vum Raum gestallt, puer Astellungen un sengem Apparat geännert. Ënnert anerem den "Intervallomètre" ugemeet, datt heescht dass all 5 Sekonnen eng Foto gemach gett. No all Clic vun der Kamera em plus minus 60 Grad gedréint. Wei dës Serie vu Fotoe fäerdeg war huet hien dunn nach eng Foto no uewen an eng no ënnen gemeet (dës Method ass zimlech schwéier mat nemen Text ze beschreiwen dofir loossen ech et léiwer sinn) an fäerdeg waren Serie vun den Fotoen.

    No dësem Prozess ginn d'Fotoen dann op de Laptop, an dësem Fall en Macbook Pro, eriwwergeholl a mat engem extra'en Panoramaprogramm beaarbecht! An Zack no 5 Minutte war dëst Panoramabild fäerdeg an konnt op sain Site eropgelueden gin. Dëst geschitt dann mat engem Programm deen déi eenzel Biller an en Quicktime VR oder wei op sengem Site an en Flash ëmwandele geet!

    Panorama Heaj

    Dono huet den Tito Dupret eis awer och nach verooden dass daat doten nemen d'Standart Astellunge wären, an dass hie Biller greisstendeels awer nach selwer am Photoshop geif zesummenstellen an just dem Panoramaprogramm uneneenreien vun den Biller iwerloosen geif.

    Meng eegen Erfahrunge mat der Panoramafotographie

    Virun 3 Joer sinn ech fir d'éischte Kéier mat de Panorama Opnamen demols nach am éischte Joer op der HEAJ duerch eisen 360° Cours mam Alain Hamblenne (keen onbeschriwe Blat an dem 360° Milieu) an Verbindung komm. An iergendwéi huet mech dës speziell Aart a Weis fir de Raum ze weise passionéiert.

    Leider ass dës Fotographie net grad déi bëllegsten. Sou kascht normalerweis en professionelle Panoramakapp ëm déi 1000€, da bräicht een am beschten nach en uerdentleche Fotoapparat mat engem gudden Objektiv (den Här Dupret fotographéiert iwwregens mat engem Fisheye 10,5mm vun Nikon) an natierlech engem gudde Stativ mat 3 Been oder engem Monopod.

    De Virdeel vun sou engem Professionelle Panoramakapp ass einfach deen dass een d'Fotoen net sou vill verzerrt gin wann een alles richteg oppenen ofgestëmmt huet (Objektiv + Brennwäit + Fotoapparat). Zousätzlech kann een Fotoen am Heischkant Format huelen waat dem Fotograph d'Meiglechkeet gett mei op d'Foto drop ze kreien. Et schafft een nämlech hei mam Nodalpunkt. Mee dëst ass eng kniffleg Gesicht fir déi een am Fong schon bal en Artikel fir sech kéint opstellen.

    Weider Panoramaen

    Iwwert dese Link kennt der nach Panoramaen déi ech a leschten Zäit gemeet hunn betruechten déi ech mat engem erschwengleschem Panoramakapp, an zwar dem Panosaurus.

    spellchecker.lu

    Dëst ass iwwregens dee éischten Artikel deen ech lo hei op mengem Site mam Spellchecker verbessert hunn! Hoffentlech versteet ee lo nach alles ;)