Recent Posts :
-
Sparta gewennt heichverdengt geint Contern
Sparta gewennt schlussendlech heichverdengt geint Contern an huet sech domadder all Dieren opgemeet fir och dest Joer rem an den Final 4 ze kommen.
Nodeems Sparta an den lëschten Spilldeeg net sou richteg iwerzeegen konnt! Ass se haut als Kollektiv geint eng eischter schwaach Conterner Equippe opgetrueden!
Sparta huet vun Ufank un den Tempo ugin an konnt sou och eng liicht Feierung erausspillen dei si bis zum Schluss ni an Gefoor kommen geloos hun!No dem Match an der Bestätegung dass Ettelbrëck geint den T71 Diddeleng gewonnen hätten ass et awer dun mam rechnen lass gaang, et gin nach vill Combinatiounsmeiglechkeeten an am Moment ass also och nach net sou richteg gewosst ween dann lo dei aner 2 Equippen an den Final 4 wärten sin. Gewosst ass just wann Sparta den Match en Sonnden geint Musel Pikes wennt sin se secher bei den 4 bäschten mat vun der Partie.
-
Sparta kämpft mee Diddeleng wosst op alles eng Äntwert
En zimlech secher gegleewten Match geet der Sparta verluer andeems sie an der eischten Halschend net zu hierer Defensiver Stärkt fonnt hun an sou vill onneideg Kierf geschoss kruten.
Um Ufank vun der Partie haat Sparta sou seng Schwieregkeeten fir an den Match ze fannen, an der Defense sin vill ze vill Reim opgeloos gin, an sou haaten dei Diddelenger och net vill Schwieregkeeten vir fortzezeihen ouni awer wierklech en frapanten Ecart hierzestellen!
An enger eischten Phase woust Sparta sech awer ze hellefen an konnt dun och kuerz virum 2ten Veierel mat engem Buserbeater vum Laurent Nittler op 3 Punkten erukommen.
Hoffnung am 2ten Veierel
An den 2ten 10 Minuten huet een eng ganz aner Sparta um Terrain gesinn vill mei konzentreiert an Offense an an der Defense. Sou konnten se sech och kuerzzaiteg eng kleng Feierung erausspillen dei awer bis Paus schon rem verluer war an sech an en 8 Punkten Rëckstand gedreint haat.
No der Paus huet d'Sparta rem gudd ugefaang an mat 3 Punktenwerf vum Xavier Engel lues awer secher rem erukommen. Desen Kampf ass awer dun rem ennerbonnen gin vun 3 Draier um Steck vum Tim Whitworth, deen haut wierklech duerch seng Offensiv Stärkt opgetrumpft ass.
Sparta am Pesch
Sparta konnt sech awer alt rem eng Keier rukämpfen mee et schengt wierklech wei wann et net der Sparta hieren Daag gewierscht wier, an der Attaque sin vill einfach Schess net getraff gin an op der anerer Sait muss een awer och en groussen Respect un Diddelenger Equippe gin dei op alles waat Sparta gemeet huet eng Äntwert woussten ze gin.
Sou verleiert Sparta schlussendlech dach daitlech mat 94-72, an muss lo kuken dei 2 wochen Paus ze notzen fir den Equippengeescht rem remzefannen.
-
Net gudd gespillt an trotzdeem gewonn
No enger ufänglecher Nervositeit an villen Ballverloschter gewennt Sparta schlussendlech dach verdengt mat 67-62 an kann dei 3ten Positioun am Final Four behaapten.
Nodeems Sparta an den eischten Minuten den besseren Start an den Match fonnt huet an mat 2 Draieren vum Xavier Engel an Feierung gaangen ass, huet Spill sech an den eischten Minuten zimlech equilibreiert, an zwar duerch vill beidsaiteg Ballverloschter an Konterattaquen.
Reicht no der Awiesslung vum Jean de Marchi ass en bessen mei rou an der Sparta hiert Spill kommen an den Ball ass emmer besser gedreint. Sou konnt Sparta sech och en liichten Virsprong erausspillen ouni sech awer definitiv oofsätzen ze kennen.
No der Paus huet d'Awiesslung vum Christopher Jones en ähnlechen Phenomän an der Steesler Equippe erfierbruecht an sou sollt et zum Schluss vun der Partie nach eng Keier spannend gin. Wei Steesel 10 Punkten hannen, den Travis Dupris mat 4 Feeler virbelaascht war huet den Steeseler Trainer ugefaang mat Handballschangementer fir Zait stoppen ze kennen an sou nach awer eng Chance op den Gewenn vun der Partie ze hun.
Steesel ass mat desem System och nach eng Keier op 5 Punkten erukomm mee den Tom Wagner konnt 4 Punkten vun der Fraiworf Linn secher verwandelen sou dass Sparta schlussendlech dach verdengt an enger zimlech haart emkämpften Partie gewennt.
-
Schlussendlech Sparta ouni den Hauch vun enger Chance
No guddem eischten Veierel verspillt Sparta seng komfortabel Feierung duerch Ballverloschter, an muss kuken sou schnell wei meiglech souwuel spillerech wei moralesch d'Form zereckzefannen.
Et war d'Sparta dei direct vun Ufank un den Toun ugin huet, an sou konnten si ouni weider Geigenwier vun den Ettelbrecker op 10 Punkten fortzeihen! No engem Time-Out vum Rick Brooks huet sech dest dun awer zu mei engem kämpferechen Basket Match entweckelt. Ettelbreck konnt duerch eng mei agressif Defense d'Reim vun der Sparta op engem Minimum haalen, an sou ass der Sparta hiert Spill guer net mei zur Entfaalung komm!
Innerhalb vun 10 Minuten huet daat ganzt sech dun gedreint, Sparta krut keen Fous mei op den Buedem an d'Ettelbrecker hun wei an Transe gespillt! Een Punkt nom aneren hun se sech erugekämpft an sin dun kuerz virun der Sirène vum Enn vun der eischten Halschend fir komm! Um Ufank konnt Sparta zwar nach reageieren an zum 41-41 ausglaichen! Mee dono ass naicht richteges mei bei der Sparta zesummengelaaf.
2ten Halschend
Dei zweeten Halschend ass dann och schnell resumeiert! Sparta huet zu kengem Moment dei Ettelbrecker Feierung an Gefoor bruecht. Souguer d'erukämpfen op 8 Punkten huet d'Etzella net aus der Faasung bruecht dei konsequent hiert Spill weidergefouert hun! An sou verleiert Sparta schlussendlech no guddem Ufank op 25 Punkten. Lo mussen d'Feeler analyseiert gin an sou schnell wei meiglech rem ausgebessert gin fir rem den Wee zereck an d'Erfollegsspuer ze fannen, well ennert der doten Form gett et schweier an den Final Four ze kommen.
-
Sparta verleiert trotz kämpferescher Leeschtung geint Pikes
Nodeems Pikes schon baal den Uschloss un Tabellenspetzt verluer haaten hun si duerch eng gudd Equippenleeschtung rem Hoffnung op der Mousel erwechen geloos dass et awer nach keint eppes gin mat dem Final4.
An den eischten Minutten konnt Sparta sech liicht oofsätzen ouni awer wierklech ze glänzen. Dono sin Pikes awer emmer mei an d'Rullen komm an hun sech sou en liichten Virsprong erausgespillt!
Et huet een dann och op eng Reaktioun vun der Sparta bis no der Paus waarden missten. Wou op eemol eng excellent Defense gespillt gin ass an d'Pikes hier Systemer net mei richteg emgesaat kruten. Sou ass et och komm dass mol eng oder dei aner Keier d'24 Sekonnen auer ganz oofgelaaf war ouni dass Pikes en Kierfchen markeieren konnten!
Wei et dun an d'Schlussphase vun desem Match gaangen war huet een gemierkt dass d'Sparta sech wierklech mei gin huet fir desen Match awer nach zu hieren Gonschten ze dreienen. An sou sin si och nach eng Keier kuerz firkomm eier d'Pikes dun awer dei decisif Punkten gemeet hun, wou Sparta vlaicht oniwerluecht an schnell Schëss geholl huet dei net onbedengt hätten missten sin.
Feelentscheedung vun den Arbiter??
D'Arbitteren dei den Match menger Meenung no, net zu all Moment am Greff haaten, an sou och verschidden Fehlentscheedungen getraff hun.
36,4 Sekonnen firun Schluss war et eng, ech well et net spillendscheedend nennen, awer trotzdeem fatal Decisioun geholl.
Obwuel den Ball schon frai gin war fir den Fraiworf vum Laurent Schwarz (deen iweregens net eran gaang ass), haat d'Madame Weivers en changement ugewisen, an sou hun dei 2 Fraiwerf missten widderhol gin. Dest huet zum Schluss dozou gefouert dass Sparta 3 Punkten hannen war am Plaatz nemen 2 ... an daat hätt den Match demno wei nach an d'Verlängerung kennten brengen! Mee loosen mer lo net weemüteg sin Sparta Leit hun sech zum Schluss nach eng Keier gudd eremgekämpft an et hätt einfach net sollen sin!En Sonnden geet et lo op Ettelbrëck an do geet et lo em dei 3ten Plaatz am Titelplayoff!
-
Schwach eischt Halschend gett Sparta zum Verhängnis
No enger extrem schwaachen eischten Halschend wou schon baal keen mei drun gegleeft huet dass Sparta nach eng Keier geif erukommen, huet missten eppes besserem beleiert gin.
Katastrophal eischten Halschend
An den eischten 20 Minuten krut Sparta guer keen Fous op den Buedem, Conterner Kollektiv huet se mat einfachen Kierwercher düpeiert, ouni awer richteg ze iwerzeegen!
An der Attaque huet guer naicht geklappt an sou haat d'Sparta no deenen eischten 10 Minutten just 7 Punkten um Konto. Defense huet dun och demendspriechend fonktionneiert... an et huet een schlemmes erwaarden geloos.
Aus enger Fotographeschen Siicht war des eischt Halschend och net grad Spannend, grad mol 20 Fotoen krut ech gemeet, och wann des zwar zimlech expressiv waren an och Stemmung um Terrain menger Meenung no gudd eremspiggelen. Sou ass et och komm dass ech als eenzegen nach op der Sparta Sait soutz Fotoen ze maachen... an daat bei engem Spëtzenmatch,... naja.
Et siew nach dem Gary sain Buserbeater am 2ten Veierel erauszehiewen, vum Mettelfeld aus der Dreiung eraus einfach mol ze markeieren, ech mengen sou eppes erliewt een och net all Daag.
Pausenusproch vum Philippe Gilberti schengt Wonner vollbruecht ze hun
No der Paus waren beid Equippen wei verwandelt an Zaitenweis ass och mol Basket gespillt gin. Der Sparta ass obeenmol alles gelongen an d'Conterner Equippe war wei vun der Rull, an der Defense huet et gehaapert an an der Attaque ass hinnen guer naicht mei gelongen.
Sou konnt Sparta sech dann rem bis op 1 Punkt kuerz virun Schluss erunspillen, eier den Ken Diederech der Sparta mat engem 3er Geneck gebrach huet!
Se haaten d'Chance zwar nach eng keier puer Sekonnen virun Schluss trotzdeem nach d'Verlängerung ze erzwengen mee et hätt net sollen sin!!
-
Sparta rem zereck an der Erfollegspur?
No puer ernüchternden Resultater an vill Verletzungspech schengt et wei wann d'Sparta hier aal Stärkt eremfonnt hätt : den Kollektiv! Mee d'Saison ass nach laang an et bleiwt oofzewaarden wei et lo nach weider wärt goen!
2/2 Matcher gewonn
Nodeems Sparta schon en Freiden geint den demoolegen Tabelleneischten Amicale Steesel gewannen konnt, ass et am 2ten Match vum Weekend drems Situatioun an der Tabell ze festegen!
Am eischten Veierel konnt keng vun den 2 Equippen sech sou richteg oofsätzen an sou ass et och nach 19:18 an dei 2ten 10 Minuten gaang. Wou een gemierkt huet dass d'Sparta des Victoire wierklech wollt.
Larrie Smith no senger Verletzungspaus rem deen aalen
Am dretten Veierel huet Sparta dun awer den Tempo eropgeschrauwt ennert anerem mat hellef vum Larrie Smith deen mat elleng 14 Punkten am 3ten Veierel glänzen konnt!
Diddeleng ass zwar nach puer mol erunkomm mee d'Sparta konnt sech schlussendlech mat hellef vun enger staarker Kollektivleeschtung an der Defense duerchsetzen an gewennt sou och den 2ten Match op desem eischten Play-offspilldaag verdengt mat 87-74.
-
No starker Ekippenleeschtung gewennt Sparta geint Diddeleng
No zum deel spannenden 40 Minutten mat vill Action an kampfgeescht zumols vun der Sparta, kann d'Sparta sech geint den Coupe Finaliste Diddeleng duerchsätzen!
Sparta ouni Larrie an Chris
No engem Reffegen Ufank vun beiden Saiten ass, huet den Match ugefaang richteg interessant ze gin. D'Sparta dei souwuel ouni Larrie Smith an ouni Chris Wulff ugetrueden sin, haaten 2 gudd Vertriedungen fonnt enger Saits mam excellenten Phil Grant deen sech wierklech alt rem eng Keier gudd aus der Affair gezunn huet, an mat den Playmakeren Evans, Nittler an zaitenwais och Hublart.
15:0 Run mecht Differenz zum Schluss
Sparta konnt dun 3 mol en zweschenzaitlechen Reckstand vun 8 Punkten rem gudd maachen, ennert anerem och duerch en excellent opgelueschten Pit Hoffmann (27 Punkten an 17 Rebounds) deen d'Halschend vun sengen 15 Fraiwerf erangemeet huet, respect...
Schlussendlech kann Sparta duerch en 15:0 Run Differenz maachen an gewennt schlussendlech heischverdengt mat 98-83. -
Aus den Draam vun der Final an vum Doublé!
No 40 Minutten war et kloër, Sparta wärt och dest Joer net den Doublé kennen maachen! Dobai huet et no 20 Minuten nach guer net sou schlecht ausgesinn, no der Paus ass awer dun naicht mei zesummengelaaf weder an der Defense nach an der Attaque!
Dem Ersatzamerikaner Grant kann een keen Virworf maan
No enger groussen Show wei een daat an der Coque fir dei grouss Eventer gewinnt ass, ass dun och endlech basket gespillt gin. An et huet een schon vun Ufank un gemierkt dass d'Sparta awer sou seng Schwieregkeeten haat geint d'Defense vun Contern!
Op der anerer Sait ass d'Sparta des Keier ouni sain Laangzaitamerikaner Larrie Smith ugetrueden deen sech virun puer Wochen eng Muskelzerrung zougezunn huet an dofir leiwer ersaat gin ass! Et muss een awer soen dass den Grant sech wierklech gudd geschloen huet, mat villen Rebound'en an och wichtegen Punkten!
2ten Halschend komplett verschloof
An der 2ten Halschend ass guer naicht mei zesummengelaaf souze soen en kompletten Blackout bei all den Spiller. An sou konnt Contern en 17:0 scheißen an dest huet der Sparta d'Geneck gebrach.
All Ustrengung huet naicht mei gehollef
Sparta huet dono nach eng keier probeiert erunzekommen ennert anerem mat 2 Draier hannerteneen vum Grant mee an der Defense sin einfa vill zevill einfach Punkten zougeloos gin, an an der Attaque ass den Ball net dreinenen geloos gin an sou verleiert Sparta schlussendlech daitlech.
-
Sparta setzt sech no Zitterpartie duerch
Sparta spillt mam feier an gewennt zum Schluss trotzdem och wann et enk gin ass, an d'Hiefnecher Fans deelweis schon gehofft haaten dass et awer lo des Keier duer geif goen fir eng grous equippe ze schloen als Tabellenleschten!
No deenen eischten 10 Minuten huet een gemengt dass Spartadest Spill enner Kontroll hätt, an en gudd opgeluechtenen Chris Wulf huet een draier nom aneren getraff!
An den 2ten 10 Minuten huet een awer dun Geigenwier vun den Hiefnecher ugefaang ze spieren mat enger agressiver Defense hun se der Sparta d'Liewen net grad einfach gemeet an sou ass et komm wei et kommen muss, Sparta huet Punkt vir Punkt verluer an op eenmol war Hiefnech rem am Spill.
Ween gemengt haat dass et an der 2ter Halschend besser geif goen, duerft um Ufank Recht behaalen bis rem daat selwescht Spillchen ugaangen ass wei an den eischten 20 Minuten!
An sou stoung et no 40 Minuten glaich an Hiefnech as an seng 2ten Verlängerung gaang nodeems se den Weekend virdrun d'Musel Pikes schon an d'Verlängerung zwengen konnten!
Hei konnt Sparta sech dann awer definitv oofsätzen an gewennt zum Schluss desen dach spannenden Match. Ween hätt daat wuel geduercht





















































































