Recent Posts :
Entries sorted by date
- January 2009 (3)
- February 2009 (7)
- March 2009 (9)
- April 2009 (7)
- May 2009 (11)
- June 2009 (5)
- July 2009 (9)
- August 2009 (1)
- September 2009 (3)
- October 2009 (4)
- November 2009 (5)
- December 2009 (1)
- January 2010 (4)
- February 2010 (4)
- March 2010 (6)
- April 2010 (3)
- May 2010 (4)
- June 2010 (2)
- August 2010 (2)
- September 2010 (2)
- October 2010 (3)
- November 2010 (5)
- December 2010 (2)
- February 2011 (1)
- March 2011 (2)
- April 2011 (3)
- May 2011 (1)
Angel at my table EP release am Melu
Nodeems FunkyP an Metro hier CD schon am Melu virgestallt haaten, war et lo geschter un Angel at my table. En gudd gefellten Melu krut eng mega Show oofgeliwert an et ass nach deif bis an d'Nuecht weider gefeiert gin!
Dei leschten Deeg hun den Cedric (cedricletsch.com) an ech eis en bessen mei mat der Band vun Angel at my table beschäftegt. Fir si en bessen an hieren leschten Deeg virun hierer EP release an glaichzaiteg och hierem eischten Concert ze begleeden.
Sou waren mer dann och mat hinnen dobai wei se fir en Interview bei RTL Radio op Besuch waren, awer mir haaten och d'Meiglechkeet si bei den Prouwen ze besichen an kruten sou en ganz privaten Ableck an des Letzebuergesch Newcomer Band.
Geschter war dun den groussen Oofschloss vun deser fantastesch, witzeger Woch am Melu mat der offizieller release vun der neier Angel at my table ep dei den Numm City Romance dreit. Dei glaichnameg Single huet et iweregens geschter an der RTL Hitmaschine bis op Plaatz 1 ze klammen, an daat nemen no 7 Wochen! RESPEKT an Félicitationen nach vun deser Plaatz aus!
TOP / flop
Als Virgruppen stoungen Project Yoko an Jacob Conspiracy op der Bühn an hun den Leit richteg gudd virum Concert vun Angel at my table ageheizt. Zum Concert selwer : Wei schon am Viraus gesoot war den Melu gudd gefellt an d'Leit sin richteg matgaang, speziell bei der eischter Singleauskopplung huet een d'Leit richteg matgröllen heiren. Mengen dovunner kennen dei meeschten Bands bei hierem eischten Concert nemen dreemen!
Den flop vun desem Concert war leidergottes d'Luucht an den Toun. Eng gemeschten Luucht aus verschidden Faarwen huet et sou gudd wei onmeiglech gemeet "uerdentlech" Fotoen ze kreien. Hei hun dun missten d'ISO'en vun menger 7D drun gleewen an sou rauschen d'Fotoen och liicht! Leider war dest net ze vermeiden!













