Recent Posts :
Entries sorted by date
-
Kolleisch in Concert 2009 - 30 Joer F an E - Back to the 80's
Am Joer 2009 sollt alles anescht sin, net nemen dass den KIC mei kuerz ausgefall ass wei dei aner Joeren, mee fir mech war et een vun deenen beschten KIC'en deen den Kolleisch zusummengestallt haat.
Alles beim aalen ? Denkste...!
No enger kuerzer Usprooch vun dem Directer aus dem Kolleisch konnten Festiviteiten fir d'30 jähregt bestoen vun der F Sectioun definitiv ufänken, mat verschiddenen musikaleschen Optreter vun der Gebuertsdaagssektioun an den verschiddenen Musiksoptiounen.
Wärend den of an opriichtpausen ass Publikum dun vun en puer Entertaineren ennerhaal gin, dass et och wierklech kengem langweileg sollt gin. Wann ech dest am groussen ganzen wierklech excellent fonnt hun muss ech awer dem Lou Consbruck seng RTL-Immitatiounen erfierhiewen, daat war wierklech groussen Kino.
Genialen Musical
No enger klengen Paus ass et dun weider gaangen mat dem Musical wou d'Responsable dest Joer en wierklech genialt Musical ausgesicht mat villen bekannten Lidder, vill Emotioun an mat witzegen Szenen dran. Back to the 80's Waat wellt een mei?!
Daat ass vlaicht och grad waat desen Musical sou sympatesch mecht dei vill Lidder wou och alt mol deen een oder deen aneren magesummt respektiv matgesongen huet. Wei zum beispill "Kids in America", "Video Killed the Radio Star", "Total Eclipse of the Heart" oder och nach "(I've Had) The Time of My Life" fir der nemen puer aus der laanger Lëscht ze nennen!
Zousätzlech dozou ass mer vun Ufank un den ganzen Zait eng ähnlechkeet mat enger vun mengen Lieblingsserien opgefall... "HOW I MET YOUR MOTHER". Engersaits weinst den Flashback'en, wou den Lou alt rem eng Keier an der Persoun vum Geschichtenzieler iwerzeegt huet, Geschicht erzielt wei hien seng Highschool Zait erliewt huet! Op der anerer Sait awer och duerch verschidden Kommentarer wei "AWESOME" oder "DUDE", respektiv daat Lidd "500 Miles" waat mech extrem un d'Folleg "Arrivederci Fiero" erennert wou dest Lidd eng Haaptroll spillt, einfach nemen genial!!
Et siew awer dobai gesoot dass och den Recht vun den Performancen excellent waren siew et waat Komik ubelaangt oder den Gesang.
Fir mech war dest Joer een vun deenen beschten Kolleisch in Concert dei ech bis lo an menger Kolleischlaafzait an och lo dono, materliewt hun. Waat Längt ugeet, den eischten Musikaleschen Deel an dann den perfekten Oofschloss mat deem Musical einfach top.
An op allenfall et huet Spaas gemeet an den Kolleisch zereckzekommen an ze gesinn wei daat ganzt do ennert der neier Directioun evolueiert, an natierlech och fir Fotoen ze maachen. :) -
1 Owend, 4 Concerten, 2 locations (2ten Deel)
Nodeems ech dun schon 2 extrem flott Concerten materliewt haat, ass d'Aventür dun weider gaang an Richtung Arel, wei dei 2 nächst Concerten mech erwaard hun!
Gott sai dank gett et Google Maps :)
Nodeems ech mech iwer Google Maps informeiert haat wei ech vun der Expo Ciney geif op Gare kommen, hun ech des Strëck dun an engem 30 Minuttegen Fousmarch gemeeschtert an war och pünktlech op der Gare fir den Zuch an Richtung Lëtzebuerg ze huelen.
Wei ech dun do aus dem Zuch geklomm sin hun ech Sulivan schon heieren spillen am Entrepôt engem klengen "Zuchsschapp" deen lo als Concertssall benotzt gett.
No engem extrem Energieraubenden Concert vun den Sulivanbandmusiker... ass den Daag dun mat engem rouegen Concert ausklengen geloos gin, hei war nämlech den Gert Bettens ( Sarah Bettens sain Brudder) vun K's Choice an Woodface op der Bühn. Hien huet mat sellegen luesen Stëcker dei mei oder weineger bekannt waren, eis Belge Nooperen zum schwärmen bruecht!
Nach en klengen Photoshoot mat Sulivan fir oofzeschleissen
Wärend desem lëschten Concert hun mer dun awer nach spontan decideiert vun den flotten Reimlechkeeten vum Entrepôt ze profiteieren fir en puer Bandfotoen ze maachen.
Jo an sou ass dun en fir mech ustrengenden Daag mat villem Gerees op en Enn gaang, mat villen flotten Erfahrungen, 3 vollen Memory Kaarten an 4 flotten Concerten.
Iweregens weider Fotoen vum Sulivan Concert kann een nach op deser Sait kuken
-
No starker Ekippenleeschtung gewennt Sparta geint Diddeleng
No zum deel spannenden 40 Minutten mat vill Action an kampfgeescht zumols vun der Sparta, kann d'Sparta sech geint den Coupe Finaliste Diddeleng duerchsätzen!
Sparta ouni Larrie an Chris
No engem Reffegen Ufank vun beiden Saiten ass, huet den Match ugefaang richteg interessant ze gin. D'Sparta dei souwuel ouni Larrie Smith an ouni Chris Wulff ugetrueden sin, haaten 2 gudd Vertriedungen fonnt enger Saits mam excellenten Phil Grant deen sech wierklech alt rem eng Keier gudd aus der Affair gezunn huet, an mat den Playmakeren Evans, Nittler an zaitenwais och Hublart.
15:0 Run mecht Differenz zum Schluss
Sparta konnt dun 3 mol en zweschenzaitlechen Reckstand vun 8 Punkten rem gudd maachen, ennert anerem och duerch en excellent opgelueschten Pit Hoffmann (27 Punkten an 17 Rebounds) deen d'Halschend vun sengen 15 Fraiwerf erangemeet huet, respect...
Schlussendlech kann Sparta duerch en 15:0 Run Differenz maachen an gewennt schlussendlech heischverdengt mat 98-83. -
Aus den Draam vun der Final an vum Doublé!
No 40 Minutten war et kloër, Sparta wärt och dest Joer net den Doublé kennen maachen! Dobai huet et no 20 Minuten nach guer net sou schlecht ausgesinn, no der Paus ass awer dun naicht mei zesummengelaaf weder an der Defense nach an der Attaque!
Dem Ersatzamerikaner Grant kann een keen Virworf maan
No enger groussen Show wei een daat an der Coque fir dei grouss Eventer gewinnt ass, ass dun och endlech basket gespillt gin. An et huet een schon vun Ufank un gemierkt dass d'Sparta awer sou seng Schwieregkeeten haat geint d'Defense vun Contern!
Op der anerer Sait ass d'Sparta des Keier ouni sain Laangzaitamerikaner Larrie Smith ugetrueden deen sech virun puer Wochen eng Muskelzerrung zougezunn huet an dofir leiwer ersaat gin ass! Et muss een awer soen dass den Grant sech wierklech gudd geschloen huet, mat villen Rebound'en an och wichtegen Punkten!
2ten Halschend komplett verschloof
An der 2ten Halschend ass guer naicht mei zesummengelaaf souze soen en kompletten Blackout bei all den Spiller. An sou konnt Contern en 17:0 scheißen an dest huet der Sparta d'Geneck gebrach.
All Ustrengung huet naicht mei gehollef
Sparta huet dono nach eng keier probeiert erunzekommen ennert anerem mat 2 Draier hannerteneen vum Grant mee an der Defense sin einfa vill zevill einfach Punkten zougeloos gin, an an der Attaque ass den Ball net dreinenen geloos gin an sou verleiert Sparta schlussendlech daitlech.
-
1 Owend, 4 Concerten, 2 locations (1sten Deel)
4 Concerten an engem Owend, daat klengt no vill Arbescht! Dei ganz Aventür ass en Freiden den Owend em 17 Auer lass gaang an wollt keen Enn hun! Gott sai dank ass alles sou gaang wei ech ma daat virgestallt haat an puer gudd Fotoën sin och nach dobai rauskomm!
Ech muss ganz eierlech soen dass ech wierklech opgereegt war fir desen Daag et goufen nämlech sou vill Faktoren dei daat ganzt hätten zum Scheiteren keinten brengen! An desem Fall war den Haaptfaktor den Öffentlechen Transport.
Wei oft ass et eis als Namurer Studenten schon virkomm dass mer op der Gare ukomm sin, an eisen Zuch 20, 30 wann net souguer 60 minuten verspeidung oder an den schlemmsten Fäll einfach annuleiert war.Dest Keier sollt daat awer net den Fall sin, zu menger Iwerraschung war den Zuch an directioun Ciney zwar gudd gefellt mee awer punktlech wei schon laang net mei!
Zu Ciney ukomm ass et dun weider mam Bus bis bei d'Expo vun Ciney gaang wou ech um Skanifest sollt meng 2 eischten Concerten fotographeieren. Daat waren eng keier d'Virgrupp vun Reel Big Fish (dei ech leider aus zaitlechen Grenn net konnt materliewen) Suburban Legends, eng wierklech extrem energie gelueden Band dei mech schon als eischten Grupp op sou engem Festival iwerrascht huet!No enger klenger Paus, wou ech mer bessen Zait geholl hun mat engem aneren Fotograph ze schwätzen deen wierklech extrem gail Fotoen gemeet huet dem Benjamin Brolet. Extrem gudd Biller mat wierklech effektiver Postproduction dei den Fotoen den leschten Kick gin!
No deser Paus ass et dun weider gaang mat Camping sauvach, enger gudd Bekanntener Band aus der Belge dei sech wierklech och gudd geschloen hun op der Bühn!
Ech well un deser Plaatz och nach eng keier en speziellen Merci un main Klassenkomerod, an Organisator den Larry Gérard gin, duerch deen desen Trip op den Skanifest iwerhaapt mol richt meiglech gin ass! Ouni hien wier daat alles guer net meiglech gewierscht! MERCI
An der Mett vun deem 2 Concert hun ech mech awer dun och schon rem missten verabschieden vun Ciney well den Zuch op der 3,5km entfernter Gare huet op mech gewaardt! Hei ass awer lo den nächsten Problem opgetaucht an der Belge do fueren d'Bussen nemen bis 18 Auer owes, waat ech ganz eierlech gesoot zimlech egal waat fannen.
Mee bon dun huet et dun geheescht den Wee bis op d'Gare ze fannen. Hei haat ech mech awer och virbereed an mer d'Streck vun der Expo bis op Gare bei Google Maps erausgedreckt, an mer et och op den Handy als PDF oofgespeichert. Sou war et dun och en Kannerspill fir den Wee bis bei den Zuch fir op meng nächst Location ze fannen!Weider Detailler vun mengem Trip kommen dann am 2ten Deel vun mengem wahnsinns owend :)
-
Gudden Logo? am deischteren definitiv net!
Dësen Logo hun ech lo main Stage iwer baal all Daag gesinn wou ech mam Bus op Leideleng bei Nvision gefuer sin! An emmer rem Moiës hun ech mech gefroot waat den Logo am Fong sollt bedeiten, respektiv aussoen! Et siew dobai gesoot dass ech den Logo emmer nemen am daischteren gesinn hun an dofir hun ech och probeiert desen Effekt duerzestellen andeems ech bessen un den Kontrast, Saturatioun Regleren spillen gaang sin!
Wann dir desen Logo nach net firdrun gesinn hudd, dann huelt Ierch lo mol puer Sekonnen Zait an iwerleet mol einfach waat desen Logo keint bedeiten, respectiv waat fir een Message en wellt eriwer gin!
Am aneren Fall well ech lo mol bessen schielderen wei ech daat ganzt all Moiën an Owend emmer rem gesinn hun, an einfach probeiert hun ouni iergendwelch à priori Kenntnisser un daat ganzt erugaang sin, respectiv erliewt hun! Daat heescht ech hun net op den Buttek gekukt wou den Logo drop afficheiert war.
Wei mir daat an eisem Studiengang am eischten Joer am cours "Phénomènologie de la perception" (klengt an Wierklechkeet mei schweier wei et ass) geleiert hun, probeiert den Mensch soubaal en Logo respectiv an desem Fall eng Unuerdnung vun Dreiecken, Parallelogrammen,... (dei hei duerch verschidden Faarwen duerchgestallt gin), gudd bekannten Figuren, Formen eremzefannen an ze identifizeieren!
An do ass daat eischten waat bei mir erausgestach ass dei waiss Fläch am ierwechten Deel vum Bild. Ech hun wärend deenen eischten Wochen an deser Form emmer en Schëff entdeckt. Dest huet awer wierklech enner kengen Emstänn zu dem Buttek gepasst wou desen Logo présenteiert gin ass.
Puer Deeg drop hun ech dun eng Téikaan gesinn, dei waiss Fläch uewen ass lo zum iwerechten Deel vun der Kaan gin, an den enschten bloen deel war den Behälter selwer mat der Hänk dei op der rietser Sait eraussteet!
Enges Moiës ass mer awer dun eng Spaicherliichtchen opgaang an schlussendlech hun ech gesinn waat deen Logo mir an dem Recht vun den Leit matdeelen wollt! Et ass nämlech folgendes : en Haus waat an enger Perspektiv duergestallt as, an deems mat den Faarwen an Formen gespillt gin as! Dest ass nämlech en Logo fir eng Immobilien Agence Immo DPI. Leider fannen ech den Choix vun den Farwen net ganz gleckeg, well menger Meenung no kennt dei wäissen Deel vill ze vill eraus par rapport zu deem donkelbloën Hannergrond an deem Mëttelblo!
Et siew nach dozou gesoot dass ech net elleng mat menger Iwerleeung do stin, verschidden Leit, net all dei hun och en Schëff oder eng Téikaan gesinn wei ech hinnen den Logo gewisen hun! An wann een mol bis eng Keier sech op d'Formen fixeiert huet an zum Beispill en Schëff gesait ass et och immens schweier fir dono eppes aneschtes ze gesinn!
-
Luxury in Concert @ The Viking
En Samsden haat Luxury, eng Funk Cover Band vun Letzebuerg hieren eischten Optrëtt mat hierem neien Batteur, dem Thierry. An groussarteger Athmosphere ass den Concert am Viking oofgehaalen gin, bis frei an d'Moies Stonnen eran.
Direct vun Ufank un huet d'Luxury d'Leit matgerappt, ech mengen et konnt een einfach net anescht, wann een mat Lidder wei "let me entertain you" vum Robbie Williams ufänkt dann ass gudd Stemmung garanteiert!
No desen eischten Minuten ass et dun och weider gaang mat weideren Funky, groovy stecker wei sexmachine vum James Brown oda Respect!























































