Recent Posts :

Entries sorted by date

  • basket

    29 März 2009

     

    Schlussendlech Sparta ouni den Hauch vun enger Chance

    No guddem eischten Veierel verspillt Sparta seng komfortabel Feierung duerch Ballverloschter, an muss kuken sou schnell wei meiglech souwuel spillerech wei moralesch d'Form zereckzefannen.

    Et war d'Sparta dei direct vun Ufank un den Toun ugin huet, an sou konnten si ouni weider Geigenwier vun den Ettelbrecker op 10 Punkten fortzeihen! No engem Time-Out vum Rick Brooks huet sech dest dun awer zu mei engem kämpferechen Basket Match entweckelt. Ettelbreck konnt duerch eng mei agressif Defense d'Reim vun der Sparta op engem Minimum haalen, an sou ass der Sparta hiert Spill guer net mei zur Entfaalung komm!

    Innerhalb vun 10 Minuten huet daat ganzt sech dun gedreint, Sparta krut keen Fous mei op den Buedem an d'Ettelbrecker hun wei an Transe gespillt! Een Punkt nom aneren hun se sech erugekämpft an sin dun kuerz virun der Sirène vum Enn vun der eischten Halschend fir komm! Um Ufank konnt Sparta zwar nach reageieren an zum 41-41 ausglaichen! Mee dono ass naicht richteges mei bei der Sparta zesummengelaaf.

    2ten Halschend

    Dei zweeten Halschend ass dann och schnell resumeiert! Sparta huet zu kengem Moment dei Ettelbrecker Feierung an Gefoor bruecht. Souguer d'erukämpfen op 8 Punkten huet d'Etzella net aus der Faasung bruecht dei konsequent hiert Spill weidergefouert hun! An sou verleiert Sparta schlussendlech no guddem Ufank op 25 Punkten. Lo mussen d'Feeler analyseiert gin an sou schnell wei meiglech rem ausgebessert gin fir rem den Wee zereck an d'Erfollegsspuer ze fannen, well ennert der doten Form gett et schweier an den Final Four ze kommen.

    Photos

    • Etzella - Sparta
    • Etzella - Sparta
    • Etzella - Sparta
    • Etzella - Sparta
    • Etzella - Sparta
    • Etzella - Sparta
    • Etzella - Sparta
    • Etzella - Sparta
  • basket

    28 März 2009

     

    Sparta verleiert trotz kämpferescher Leeschtung geint Pikes

    Nodeems Pikes schon baal den Uschloss un Tabellenspetzt verluer haaten hun si duerch eng gudd Equippenleeschtung rem Hoffnung op der Mousel erwechen geloos dass et awer nach keint eppes gin mat dem Final4.

    An den eischten Minutten konnt Sparta sech liicht oofsätzen ouni awer wierklech ze glänzen. Dono sin Pikes awer emmer mei an d'Rullen komm an hun sech sou en liichten Virsprong erausgespillt!

    Et huet een dann och op eng Reaktioun vun der Sparta bis no der Paus waarden missten. Wou op eemol eng excellent Defense gespillt gin ass an d'Pikes hier Systemer net mei richteg emgesaat kruten. Sou ass et och komm dass mol eng oder dei aner Keier d'24 Sekonnen auer ganz oofgelaaf war ouni dass Pikes en Kierfchen markeieren konnten!

    Wei et dun an d'Schlussphase vun desem Match gaangen war huet een gemierkt dass d'Sparta sech wierklech mei gin huet fir desen Match awer nach zu hieren Gonschten ze dreienen. An sou sin si och nach eng Keier kuerz firkomm eier d'Pikes dun awer dei decisif Punkten gemeet hun, wou Sparta vlaicht oniwerluecht an schnell Schëss geholl huet dei net onbedengt hätten missten sin.

    Feelentscheedung vun den Arbiter??

    D'Arbitteren dei den Match menger Meenung no, net zu all Moment am Greff haaten, an sou och verschidden Fehlentscheedungen getraff hun.
    36,4 Sekonnen firun Schluss war et eng, ech well et net spillendscheedend nennen, awer trotzdeem fatal Decisioun geholl.
    Obwuel den Ball schon frai gin war fir den Fraiworf vum Laurent Schwarz (deen iweregens net eran gaang ass), haat d'Madame Weivers en changement ugewisen, an sou hun dei 2 Fraiwerf missten widderhol gin. Dest huet zum Schluss dozou gefouert dass Sparta 3 Punkten hannen war am Plaatz nemen 2 ... an daat hätt den Match demno wei nach an d'Verlängerung kennten brengen! Mee loosen mer lo net weemüteg sin Sparta Leit hun sech zum Schluss nach eng Keier gudd eremgekämpft an et hätt einfach net sollen sin!

    En Sonnden geet et lo op Ettelbrëck an do geet et lo em dei 3ten Plaatz am Titelplayoff!

    Photos

  • concert

    28 März 2009

     

    Stacey Kent op Besuch an der Philharmonie

    Seng Geschicht klengt wei en Dreibuch aus Hollywood. Als Lituraturstudentin ass hat an Europa komm an huet sech hei mat der Zait als eng vun den greissten an feierenden Jazzsängerinnen etableiert.

    Dësen Weekend war des groussarteg Sängerin zu Lëtzebuerg an der Philharmonie op Besuch, et geet riets vum Stacey Kent.
    Seng fantastesch Stemm wees emmer rem d'Publikum ze begeeschteren, an sou wonnert et och keen dass hat schon mat 2 vun sengen Albumen Gold Status ereegt huet, an zwar mat "Breakfast on the Morning Tram" aus dem Joer 2007 an "the boy next door" (2003). 2001 ass Stacey Kent dun mam British Jazz Award an 2002 mat BBC Jazz Award ausgezeechend gin.

    Zum Concert

    Waat mech speziell bei dësem Concert markeiert huet an waat ech och probeiert hun mat verschidden Fotoen auszedrecken, ass d'Relatioun dei zweschend dem Saxophonist, Jim Tomlinson an dem Stacey Kent herscht. Des 2 Musiker sin nämlech net nemen op der Bühn lieiert mee sin och am privaten mat eneen bestuert. Ech denken do speziell un d'Fotoen 4 an 5 aus menger Serie. Dës Relatioun wierkt sech dann awer och op deen musikaleschen Deel aus, an loosen Stecker vill mei gefillvoll zur Geltung kommen! Zudeem haat Stacey Kent genau op desem Daag Gebuertsdaag an dest wärt och net ouni weideres laanscht un senger Aart an Weis fir ze sangen eriwer gaangen sin.

    Dass Stacey Kent wärend senger Zait Daitsch an Franseisch geleiert huet, huet hat wärend dem Concert enner Beweis gestallt, dei dann och duerch Aussoën wei des verstärkt gin sin : "waat ech sou gär hun un Lëtzebuerg : dass mir eis net nemen musikalesch op enger Ebene befannen mee och sproochlech, an daat ass alles waat ech brauch".

    Groussen Merci

    En groussen Merci nach un d'Philharmonie an speziell un den Här Goossens dei ma erlaabt hun desen Concert fotographeiren ze goen.
    Ech muss nach dobai soen dass ech d'Afeierungsgespreich, genau sou wei d'Astellung vun der Philharmonie geigeniwer den Fotographen als extrem positiv emfond hun! Et ass fir d'eischt Keier dass ech daat erliewen dass een sech wierklech Zait hellt fir den Fotographen alles ze erklären, an och mol als "Individum" ugesin gett, an net einfach an der Entrée vun engem Concert "3 Lidder, ouni Bletz" hannendrun geruff kritt. Groussen Lob vun menger Sait aus, fannen dest huet Firbildcaractère.

    Weider Fotoen

    Weider Fotoen vun ennert anerem dësem Concert mee awer och aneren Jazz Concerten kann een hei op dem Gerard Beckers senger Sait kuken oder och iwert den Luxembourg City Tourist Office

    Photos

    • Stacey Kent @ Philharmonie
    • Stacey Kent @ Philharmonie
    • Stacey Kent @ Philharmonie
    • Stacey Kent @ Philharmonie
    • Stacey Kent @ Philharmonie
    • Stacey Kent @ Philharmonie
    • Stacey Kent @ Philharmonie
    • Stacey Kent @ Philharmonie
  • basket

    23 März 2009

     

    Harlem Globetrotters an der Coque

    Nodeems d'Harlem Globetrotters schon eng Keier an der Coque waren, sin si dest Joer als Oofschloss vun hierer Europatournée alt rem eng Keier zu Lëtzebuerg gelandt.

    Animatioun pur

    Eppes anescht kann een vun desem Event net soen! Fir dei dei d'Harlem Globetrotters net sollten kennen hei eng kleng Beschreiwung : eng onvergiesslech BasketsSHOW fir grous an kleng mat Spaas, Witz, Animatioun,... mat deenen si Zuschauer schon zenter 82 Joer begeeschteren. Hei en klengen BestOf.

    Zur Show

    Nodeems d'Maskotchen vun den Harlem Globetrotters, den Bobby mat senger Show d'Leit an Stemmung bruecht huet, ass et dun ugaang mat dem legendären Basketsshow!

    D'Harlem Globetrotters hun fir sech warm ze maachen mol als eischten en puer Tricker zum beschten gin, wärendeems am Hannergrond dei legendär Harlem Globetrotters Musek gelaaf ass!

    Dono ass et dun awer mam Match lass gaang wou d'Globetrotters alt rem eng keier geint dei daitlech mei schwach New York Nationals ugetrueden sin!

    No kuerzer Zait stoung et dann och schon 10:0 fir dei iwermächteg Globetrotters dei et sech net huelen geloos hun mat den New York Nationals ze spillen, am duebelen Sënn vum Wuert. An wärenddeems d'Auer konstant oofgelaaf ass, ass d'Publikum emmer mei zum Zentrum vun der Show gin, eng Keier eng Madamm dei hier Posch geklaut krut, en Kand waat mat op den Terrain konnt,...!

    Sou ass den Match deen um Ufank als einjamoosen serieux ugefaang huet emmer mei zum Showkampf gin, opeenmol hun Globetrotters American Football gespillt, puer Minuten drop mat Popcorn iwert den Terrain geschmass oder och nach d'Leit am Publikum mat Waaser an Konfetti iwerschot!

    No 40 Minuten geet sou en flotten Basket's Nometten fir d'ganz Famill op enenn.
    Waat d'fotographeieren ubelaangt war desen Match bei wäiten net mat engem aus der DBBL ze verglaichen, et war extrem schnellen Basket wou een d'Halschend vun der Zait den Ball mol net gesinn huet.

    Weider Fotoen op basketnews.lu

    Weider Fotoen fannt der nach op basketnews.lu. Groussen Merci un basketnews.lu an un den Här Haas vun Optin.

    Photos

    • Harlem Globetrotters | Coque 2009
    • Harlem Globetrotters | Coque 2009
    • Harlem Globetrotters | Coque 2009
    • Harlem Globetrotters | Coque 2009
    • Harlem Globetrotters | Coque 2009
    • Harlem Globetrotters | Coque 2009
    • Harlem Globetrotters | Coque 2009
    • Harlem Globetrotters | Coque 2009
  • basket

    23 März 2009

     

    Coupe de Luxembourg 2009 geet op Diddeleng

    Virun 5200 Leit ass den 21ten März Coupe Final am Basket tescht Contern an dem T71 Diddeleng ausgedroën gin! Dës Final war mat grousser Spannung erwaard gin, dest war awer nemen deelweis beregtegt!

    Nodeems Ettelbrëck an den deenen leschten Joeren Coupe plus ou moins domineiert huet, stoung schon virun der Final fest dass d'Coupe dest Joer net an den Norden geif goen!

    No ufänglechen Schwieregkeeten mat vill Nervositeit an demendspriechender Trefferquote huet den Tim Whitworth (MVP vun Spill) d'Blaat an d'Hand geholl an konnt seng Faarwen mat 9 Punkten an Serie an Feierung brengen!

    Zu dësem Ablack huet Contern wei oofwiesend um Terrain geschengt, hinnen wollt naicht gelengen an sou huet Diddeleng den Virsprong lues awer secher eropschrauwen kennen!

    Reaktioun vun Contern

    Kuerz virun der Paus sollt awer dun eng Antwert vun den Conterner kommen! Si hun sech kontinueierlech erugekämpft an sou ass et och mat 33-38 an d'Paus gaang! An et huet een sech op eng spannend 2ten Halschend astellen kennen!!

    Dem war awer leider net sou well Diddlenger alt rem eng Keier den besseren Start erwecht haaten an sou den Conterner definitiv Geneck gebrach hun.

    Coupe op Diddeleng

    An sou geet Coupe am Joer 2009 op Diddeleng!
    Zum Schluss awer nach eng kleng Feststellung dei ech dank dem wort.lu och mol reicht bemierkt hun! D'Verantwortlech haaten d'Siegereierung sou geplangt dass nemen d'Halschend vun den Leit vun desem Moment konnten profiteieren. Dest war duerch en Werbeplakat bedengt waat metten um Terrain stoung! Naja Sponsoren gin halt fir an sou Geschichten... traureg awer wouer!

    Weider Fotoen op basketnews.lu

    Hei nach en Link zu weideren Fotoën op basketnews.lu, mat deenen ech fir desen groussen Basketsevent zesummengeschafft haat! Groussen Merci vun deser Plaatz aus nach eng keier un den Kevin Zender an un d'FLBB.

    Photos

    • Contern - Diddeleng | Coup de Luxembourg 2009
    • Contern - Diddeleng | Coup de Luxembourg 2009
    • Contern - Diddeleng | Coup de Luxembourg 2009
    • Contern - Diddeleng | Coup de Luxembourg 2009
    • Contern - Diddeleng | Coup de Luxembourg 2009
    • Contern - Diddeleng | Coup de Luxembourg 2009
    • Contern - Diddeleng | Coup de Luxembourg 2009
    • Contern - Diddeleng | Coup de Luxembourg 2009
  • basket

    16 März 2009

     

    Schwach eischt Halschend gett Sparta zum Verhängnis

    No enger extrem schwaachen eischten Halschend wou schon baal keen mei drun gegleeft huet dass Sparta nach eng Keier geif erukommen, huet missten eppes besserem beleiert gin.

    Katastrophal eischten Halschend

    An den eischten 20 Minuten krut Sparta guer keen Fous op den Buedem, Conterner Kollektiv huet se mat einfachen Kierwercher düpeiert, ouni awer richteg ze iwerzeegen!

    An der Attaque huet guer naicht geklappt an sou haat d'Sparta no deenen eischten 10 Minutten just 7 Punkten um Konto. Defense huet dun och demendspriechend fonktionneiert... an et huet een schlemmes erwaarden geloos.

    Aus enger Fotographeschen Siicht war des eischt Halschend och net grad Spannend, grad mol 20 Fotoen krut ech gemeet, och wann des zwar zimlech expressiv waren an och Stemmung um Terrain menger Meenung no gudd eremspiggelen. Sou ass et och komm dass ech als eenzegen nach op der Sparta Sait soutz Fotoen ze maachen... an daat bei engem Spëtzenmatch,... naja.

    Et siew nach dem Gary sain Buserbeater am 2ten Veierel erauszehiewen, vum Mettelfeld aus der Dreiung eraus einfach mol ze markeieren, ech mengen sou eppes erliewt een och net all Daag.

    Pausenusproch vum Philippe Gilberti schengt Wonner vollbruecht ze hun

    No der Paus waren beid Equippen wei verwandelt an Zaitenweis ass och mol Basket gespillt gin. Der Sparta ass obeenmol alles gelongen an d'Conterner Equippe war wei vun der Rull, an der Defense huet et gehaapert an an der Attaque ass hinnen guer naicht mei gelongen.

    Sou konnt Sparta sech dann rem bis op 1 Punkt kuerz virun Schluss erunspillen, eier den Ken Diederech der Sparta mat engem 3er Geneck gebrach huet!

    Se haaten d'Chance zwar nach eng keier puer Sekonnen virun Schluss trotzdeem nach d'Verlängerung ze erzwengen mee et hätt net sollen sin!!

    Photos

    • Contern - Sparta | Pit gett gefoult
    • Contern - Sparta | Kampf em den Rebound
    • Contern - Sparta | Julien setzt sech duerch
    • Contern - Sparta | Julien an der Raquette
    • Contern - Sparta | Laurent mat 2 erkämpften Punkten
    • Contern - Sparta | Xavier flitt zu 2 Punkten
    • Contern - Sparta | Arbitter diskuteieren
    • Contern - Sparta | Larrie gett gefoult
  • concert

    12 März 2009

     

    Joshua Redman Trio @ Atelier | Printemps Musical

    Den 11ten März huet den Joshua Redman mat sengem Trio Zwëschenstatioun zu Lëtzebuerg am Atelier gemeet. Am Kader vum printemps musical huet hien ennert anerem sain neien Album "Compass" virgestallt.

    Joshua Redman

    Als Starsaxophonist ass hien ugekennegt gin, an d'Publikum am Atelier sollt net entäuscht gin sin. Et huet een wierklech gemierkt dass en extremt Talent hannert dem Joshua stecht, deen sain Instrument beherscht an och mol mat extravaganten "beatboxing" Tein emmer rem vir eng Iwerraschung gudd war! Einfach nemen exceptionell.

    Nierwt der Presentatioun vun sengem neien Album "Compass" deen Ufanks 2009 erauskomm ass huet hien awer och nach aner Stecker modernen Jazz zum beschten gin.

    Trio

    Nierwt dem Joshua Redman stoungen nach 2 aner groussarteg Museker op der Bühn eng keier den Reuben Rogers um Kontrabass an den Greg Hutchinson op der Batterie dei allenbeid duerch verschidden Solo'en Publikum ze begeeschteren wossten.

    En groussen Merci un deser Plaatz och nach eng keier un den Luxembourg City Tourist Office deen mir et erlaabt huet op desem fantasteschen Konzert ze fotographeieren.

    Photos

    • Joshua Redman Trio @ Atelier |
    • Joshua Redman Trio @ Atelier |
    • Joshua Redman Trio @ Atelier |
    • Joshua Redman Trio @ Atelier |
    • Joshua Redman Trio @ Atelier |
    • Joshua Redman Trio @ Atelier |
    • Joshua Redman Trio @ Atelier |
    • Joshua Redman Trio @ Atelier |
  • basket

    09 März 2009

     

    Sparta rem zereck an der Erfollegspur?

    No puer ernüchternden Resultater an vill Verletzungspech schengt et wei wann d'Sparta hier aal Stärkt eremfonnt hätt : den Kollektiv! Mee d'Saison ass nach laang an et bleiwt oofzewaarden wei et lo nach weider wärt goen!

    2/2 Matcher gewonn

    Nodeems Sparta schon en Freiden geint den demoolegen Tabelleneischten Amicale Steesel gewannen konnt, ass et am 2ten Match vum Weekend drems Situatioun an der Tabell ze festegen!

    Am eischten Veierel konnt keng vun den 2 Equippen sech sou richteg oofsätzen an sou ass et och nach 19:18 an dei 2ten 10 Minuten gaang. Wou een gemierkt huet dass d'Sparta des Victoire wierklech wollt.

    Larrie Smith no senger Verletzungspaus rem deen aalen

    Am dretten Veierel huet Sparta dun awer den Tempo eropgeschrauwt ennert anerem mat hellef vum Larrie Smith deen mat elleng 14 Punkten am 3ten Veierel glänzen konnt!

    Diddeleng ass zwar nach puer mol erunkomm mee d'Sparta konnt sech schlussendlech mat hellef vun enger staarker Kollektivleeschtung an der Defense duerchsetzen an gewennt sou och den 2ten Match op desem eischten Play-offspilldaag verdengt mat 87-74.

    Photos

    • Sparta - Diddeleng | Fabio sechert 2 Punkten
    • Sparta - Diddeleng | Pit gett ennert dem Kuerf gefoult
    • Sparta - Diddeleng | Larrie gett bedrängt
    • Sparta - Diddeleng | Larrie setzt sech duerch
    • Sparta - Diddeleng | Rebound
    • Sparta - Diddeleng | Moritz
    • Sparta - Diddeleng | Laurent setzt sech duerch
    • Sparta - Diddeleng | Xavier mecht 2 wichteg Punkten
  • concert

    07 Februar 2009

     

    Maria Mena Concert an der Europahalle Trier

    Geschter war d'Maria Mena op Besuch zu Treier. No enger 1 an 1/2 Stonnen laanger Show kennt bei mir awer sou lues d'Ernüchterung dass et vlaicht nach en bessen frei fir mech war fir sou en "groussen" Concert.

    Eischten groussen Concert

    Dëst war main eischten groussen Concert wou ech eng Fotoakkrediteierung zougedeelt kritt haat, an desem Senn nach eng keier groussen Merci vun poppconcerts.de. Mee et huet mech och rem op den Buedem vun den Taatsaachen zereckbruecht an deem ech mer soen muss dass et nach vill ze leieren gett, an dass et mer einfach un Erfahrung feelt!

    Ech hun dest missen an Erfahrung zeihen wei kuerz 3 Lidder am fong sin, ech kann just soen extrem kuerz, an ech muss och zougin dass ech bessen an den Stress kommen sin.

    En aneren Faktor deen main Härz wärend dem Concert nach mei schnell schloen geloos hues as d'Spaicherplaatz vun mengen Compact Flash Kaarten. Zwar hun ech 3 Kaarten, eng 2 GB, 1 GB an eng 512 MB. Mee zenter dass ech RAW shooten geet daat zwar vlaicht duer fir den Basket wou een wärend dem Match schnell mol nach puer Fotoen läschen kann wann d'Kaart voll ass, mee op engem Concert kritt een do einfach keng Zait mei dofir.

    Also souzesoen vill Faktoren beieneen dei mech bessen aus der Faasung bruecht hun! Mee d'Erfahrung war et op allenfall wärt, an Feeler sin do fir draus ze leieren! Dofir direct daat eischten waat ech ma lo kaafen wärt, ass eng nei Spaicherkaart :)

    Lo awer zum Concert

    Maria Mena daat bekannt gin ass duerch Lidd "Just hold me",an domadder europawait oofgeraumt huet, huet sech et net huelen geloos fir och mol an enger mei klenger Staat wei Treier ze spillen.

    Mat extrem Talenteierten Musiker ass et zaitenweis richteg oofgaang an der Europahalle, eier dun rem en bessen mei lues Lidder iwert dem Maria Mena seng Vergaangenheet eng eischter melancholesch Athmosphere opkommen geloos hun. Mee daat ass halt och dem Maria sain Style.

    Mee d'Leit waren awer begeeschtert an mat sengen witzegen Aussoen zweschenduerch huet Maria Publikum op seng Sait gezunn. An no 1 Stonn 30, an villen gewonnenen Erfahrungen fir mech war et dun eriwer, an et ass rem Richtung Letzebuerg gaang.

    Iweregens hei nach 2 aner Gallerien vum Concert vun geschter eng keier vum Danièle Reuter fir Eldoradio an vum Dan Thuy.

    Photos

    • Maria Mena @ Trier
    • Maria Mena @ Trier
    • Maria Mena @ Trier
    • Maria Mena @ Trier
    • Maria Mena @ Trier
    • Maria Mena @ Trier
    • Maria Mena @ Trier
    • Maria Mena @ Trier