Recent Posts :

Entries sorted by date

  • concert

    30 Abrëll 2009

     

    Al di Meola am Atelier

    Um 29 Abrëll war den wuel schnellsten Guitarist (vun der Welt) an bekanntesten Grammy Gewenner aus der Jazz-Rockszene zu Lëtzebuerg et geet riets vum Al di Meola.

    Mat senger onwahrscheinlechen Begaabung an senger technescher Finess, brengt hien et färdeg Publikum ennerhalb vun kierzester Zait ze begeeschteren. Sou sollt et dann och net anescht op engem Mëttwoch Owend an engem ausverkaaften Atelier sin. Nodeems dest net sain eischten Concert zu Lëtzebuerg war, huet hien geschter sain am Joër 1999 créeierten multiculturellen Projet "World Sinfonia" virgestallt.

    Mee hien war awer net elleng op Lëtzebuerg komm, mee direct mat engem 6 Käppechen Team vun begaabten Museker. Ennert anerem mat engem Batteur engem Percussionist, engem Contrabassspiller, engem Guitarist an awer och mat enem Accordionist. Beim Virstellen vun desem leschteren konnt en sech awer net verknäfen ze soen dass den Accordion nierwt der Guitare sain Lieblingsinstrument ass. An sou huet dest Instrument wärend den eischten Minuten eng wichteg Roll vun desem Concert ageholl.

    Photographeieren am Atelier

    Photographesch gesinn war et net grad deen einfachsten Concert. Den Gruef war op allenfall mol gudd gefellt mat 6 Fotographen waat net emmer einfach ass zumols am Atelier fir net een deen aneren ze henneren! Op der anerer Sait war dei kleng Bühn am Atelier och gudd gefellt mat deenen eenzelnen Museker an d'Noutenpulter hun alt och mol heiansdo gehennert fir kennen fraien Bleck op d'Bühn ze hun.

    Astellungen

    Op desem Concert hun ech mol rem eng Keier am manuellen Modus geschafft, well et awer en zimlech beweegungsaarmen Concert war an ech mir dest erlaaben konnt. Sou sin dei meeschten Fotoen bei 1/60 bei Blend 2.8 an 1600 ISO entstaan. Leider gett mer am Moment emmer mei kloer dass ech mat der 40D bei sou Concerten definitiv un d'Limiten vum Senor kommen. Sou hun ech geschter mol gesinn bei enger Nikon Camera erregt een praktesch daat selwescht Resultat mat 1/60 Blend 4.0 an ISO 800. Daat gett engem dann schon ze denken op Canon am semi-professionellen Beraich trotz top Objectiver (do kann een soen waat een well mee do mecht Canon wierklech en top Job) dei richteg Entscheedung war.
    En Sonnden geet et op allenfall direct weider mat deem nächsten Concert am Atelier an zwar mam Hugh Masekela, mol kuken op ech do vlait dei richteg "Atelier Astellungen" fannen :)

    Groussen Merci

    Ech kann et net oft genuch soen an dofir nach eng Keier en Groussen Merci un den LCTO an speziell un den Här Schuler.

    Photos

    • Al di Meola @ Atelier
    • Al di Meola @ Atelier
    • Al di Meola @ Atelier
    • Al di Meola @ Atelier
    • Al di Meola @ Atelier
    • Al di Meola @ Atelier
    • Al di Meola @ Atelier
    • Al di Meola @ Atelier
  • concert

    29 Abrëll 2009

     

    Pascal Schumacher Quartett & Rabih Abou-Khalil

    Nodeems de Pascal Schumacher mat sengem Quartett den Recordlabel gewiesselt huet, an zenter hier bei der renomeierten Münchener Label ENJA enner Vertraag steet, schengen sech fir hien an seng Museker nei Dieren opgemeet ze hun!

    Als eischten ass lo mol en neien Album erauskomm : "Here We Gong" deen dann och um Concert an der Abtei Neumünster firgestallt gin ass! An zweetens haat den Quartett Meiglechkeet en Concert mam Rabih Abou-Khalil ze organiseieren mat Hellef vum Luxembourg City Tourist Office dem Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster an dem Management vum Pascal Schumacher Monday Night Production!

    Des Coopératioun dei am Fong eischter duerch en Zoufall enstaan ass huet sech schlussendlech als groussen Succès erausgestallt. Kommen mer dann och lo direct zum Concert wou d'Musiker virun engem ausverkaaftem Tuutesall opgetrueden sin.

    An engem eischten Deel hun den Pascal Schumacher mat sengem Quartett hier nei CD "Here We Gong" virgestallt. Mat Stëcker dei all vun deenen eenzelnen Museker komponeiert gin sin, dem Pascal Schumacher (Vibraphon) selwer, dem Pianist vum Franz von Chossy, vum Jens Düppe (Batterie), an och nach vum Christophe Devisscher (Kontrabass).
    An engem 2ten Deel ass dun den Rabih Abou-Khalil mat senger Oud zum Concert baigestouz an huet dem Publikum seng Qualiteiten op desem dach ongewinnten Instrument (c.f. Foto) zum beschten gin. No engem eischten Stëck wou een sech en bessen un dei nei Kläng konnt gewinnen ass et dun awer och schon zum lëschten Steck vun dësem Concert komm. En extra vir dësen Concert komponeiert Stëck waat no eegenen Aussoen vum Pascal Schumacher eng Herausfuerderung war.

    No desem Stëck an enger Zugaab geet desen kuerzen an awer genialen Concert op en Enn an et freet en sech op weider Kompositiounen an CD'en vun desem talentraichen Quartett.

    Groussen Merci

    En groussen Merci vun deser Plaatz aus och dann nach un den Här Scholer vum LCTO an den Här Junker vun Monday Night Production

    Photos

    • Pascal Schumacher Quartett & Rabih Abou-Khalil
    • Pascal Schumacher Quartett & Rabih Abou-Khalil
    • Pascal Schumacher Quartett & Rabih Abou-Khalil
    • Pascal Schumacher Quartett & Rabih Abou-Khalil
    • Pascal Schumacher Quartett & Rabih Abou-Khalil
    • Pascal Schumacher Quartett & Rabih Abou-Khalil
    • Pascal Schumacher Quartett & Rabih Abou-Khalil
    • Pascal Schumacher Quartett & Rabih Abou-Khalil
  • clada

    26 Abrëll 2009

     

    clada.lu - NEWS

    Nodeems et lo schon laang naicht neies mei gouff op clada.lu well ech leider net vill Zait haat mat Examen.

    No dëser klengen Paus gett et awer lo rem eppes ze berichten:

    Basket :

    Lo geet et lass mat den Basketshalleffinalen an direct dono Finalen wou ech wärt fir basketnews.lu eng photographesch Berichterstattung maachen. An opwuel Sparta et net an den Final 4 gepackt huet sin ech awer gespannt wien am Joer 2009 wärt Champion am Basket gin!

    Concert :

    An lëschter Zait war et definitiv en bessen mei roueg an desem Beraich! Obwuel vill verschidden Concerten zu Lëtzebuerg ugebueden gin sin, an ech d'Managements vun den eenzelen Artisten ugeschriwen haat hun ech greisstendeels nemen Oofsoen kritt fir dei eenzel Concerten!

    Schlussendlech kann ech awer lo 3 Concerten vum Printemps Musicale vun dem Luxembourg City Tourist Office photographeieren goen! An daat am Laaf vun enger Woch : Et geet un mat engem Concert vum Pascal Schumacher Dënschdes den 28 Abrëll, deen ech duerch Just Music Bartreng kennen geleiert hun an deen sech am Laaf vun der Zait zu engem vun den beschten Musiker hei zu Lëtzebuerg etableiert huet!

    Als nächsten steet dann Mettwochs den 29 Abrëll dem Al di Meola sain Concert um Programm, hien gett als schnellsten Guitariste gehandhabt.
    Last but not least ass dann nach en Sonnden den 03 Mee 2009 den Hugh Masekela zu Lëtzebuerg op Besuch!

    Zousätslech hun ech nach puer Demanden an der Bearbeschtung an mol kuken op ech do vlaicht och nach positiv Äntwerten kann kreien.

    !!!!!UPADTE!!!!!

    An do krut ech lo grad bestätegt dass ech Naturally7 kann op Treier fotographeieren goen en Meinden den 04 May 2009.

    Desweideren sin ech am gaang eng kleng Schwaarz Waiss Fotogallery vun engem Concert ze plangen deen ech nach net online gesaat haat! Also drubleiwen an kuerzer Zait wärt des dann hei op desem Blog ze fannen sin!

    Follow me :)

    Virun puer Deeg hun ech mech lo och mol bei Twitter ugemellt, nodeems desen Service am Laaf vun engem Mount seng Matgliederschaften verduebelt. Schlussendlech hun ech awer dun gemengt dass ech Twitter net mei einfach lenks leien keint loosen an mat op desen Norichtenservice-Zuch opsprangen. Wann der mech als wellt followen dann kennt da mol op twitter sait kuken goen : http://twitter.com/cladalu

  • basket

    18 Abrëll 2009

     

    Sparta gewennt heichverdengt geint Contern

    Sparta gewennt schlussendlech heichverdengt geint Contern an huet sech domadder all Dieren opgemeet fir och dest Joer rem an den Final 4 ze kommen.

    Nodeems Sparta an den lëschten Spilldeeg net sou richteg iwerzeegen konnt! Ass se haut als Kollektiv geint eng eischter schwaach Conterner Equippe opgetrueden!
    Sparta huet vun Ufank un den Tempo ugin an konnt sou och eng liicht Feierung erausspillen dei si bis zum Schluss ni an Gefoor kommen geloos hun!

    No dem Match an der Bestätegung dass Ettelbrëck geint den T71 Diddeleng gewonnen hätten ass et awer dun mam rechnen lass gaang, et gin nach vill Combinatiounsmeiglechkeeten an am Moment ass also och nach net sou richteg gewosst ween dann lo dei aner 2 Equippen an den Final 4 wärten sin. Gewosst ass just wann Sparta den Match en Sonnden geint Musel Pikes wennt sin se secher bei den 4 bäschten mat vun der Partie.

    Photos

    • Sparta - Contern
    • Sparta - Contern
    • Sparta - Contern
    • Sparta - Contern
    • Sparta - Contern
    • Sparta - Contern
    • Sparta - Contern
    • Sparta - Contern
  • basket

    05 Abrëll 2009

     

    Sparta kämpft mee Diddeleng wosst op alles eng Äntwert

    En zimlech secher gegleewten Match geet der Sparta verluer andeems sie an der eischten Halschend net zu hierer Defensiver Stärkt fonnt hun an sou vill onneideg Kierf geschoss kruten.

    Um Ufank vun der Partie haat Sparta sou seng Schwieregkeeten fir an den Match ze fannen, an der Defense sin vill ze vill Reim opgeloos gin, an sou haaten dei Diddelenger och net vill Schwieregkeeten vir fortzezeihen ouni awer wierklech en frapanten Ecart hierzestellen!

    An enger eischten Phase woust Sparta sech awer ze hellefen an konnt dun och kuerz virum 2ten Veierel mat engem Buserbeater vum Laurent Nittler op 3 Punkten erukommen.

    Hoffnung am 2ten Veierel

    An den 2ten 10 Minuten huet een eng ganz aner Sparta um Terrain gesinn vill mei konzentreiert an Offense an an der Defense. Sou konnten se sech och kuerzzaiteg eng kleng Feierung erausspillen dei awer bis Paus schon rem verluer war an sech an en 8 Punkten Rëckstand gedreint haat.

    No der Paus huet d'Sparta rem gudd ugefaang an mat 3 Punktenwerf vum Xavier Engel lues awer secher rem erukommen. Desen Kampf ass awer dun rem ennerbonnen gin vun 3 Draier um Steck vum Tim Whitworth, deen haut wierklech duerch seng Offensiv Stärkt opgetrumpft ass.

    Sparta am Pesch

    Sparta konnt sech awer alt rem eng Keier rukämpfen mee et schengt wierklech wei wann et net der Sparta hieren Daag gewierscht wier, an der Attaque sin vill einfach Schess net getraff gin an op der anerer Sait muss een awer och en groussen Respect un Diddelenger Equippe gin dei op alles waat Sparta gemeet huet eng Äntwert woussten ze gin.

    Sou verleiert Sparta schlussendlech dach daitlech mat 94-72, an muss lo kuken dei 2 wochen Paus ze notzen fir den Equippengeescht rem remzefannen.

    Photos

    • Diddeleng - Sparta
    • Diddeleng - Sparta
    • Diddeleng - Sparta
    • Diddeleng - Sparta
    • Diddeleng - Sparta
    • Diddeleng - Sparta
    • Diddeleng - Sparta
    • Diddeleng - Sparta
  • basket

    04 Abrëll 2009

     

    Net gudd gespillt an trotzdeem gewonn

    No enger ufänglecher Nervositeit an villen Ballverloschter gewennt Sparta schlussendlech dach verdengt mat 67-62 an kann dei 3ten Positioun am Final Four behaapten.

    Nodeems Sparta an den eischten Minuten den besseren Start an den Match fonnt huet an mat 2 Draieren vum Xavier Engel an Feierung gaangen ass, huet Spill sech an den eischten Minuten zimlech equilibreiert, an zwar duerch vill beidsaiteg Ballverloschter an Konterattaquen.

    Reicht no der Awiesslung vum Jean de Marchi ass en bessen mei rou an der Sparta hiert Spill kommen an den Ball ass emmer besser gedreint. Sou konnt Sparta sech och en liichten Virsprong erausspillen ouni sech awer definitiv oofsätzen ze kennen.

    No der Paus huet d'Awiesslung vum Christopher Jones en ähnlechen Phenomän an der Steesler Equippe erfierbruecht an sou sollt et zum Schluss vun der Partie nach eng Keier spannend gin. Wei Steesel 10 Punkten hannen, den Travis Dupris mat 4 Feeler virbelaascht war huet den Steeseler Trainer ugefaang mat Handballschangementer fir Zait stoppen ze kennen an sou nach awer eng Chance op den Gewenn vun der Partie ze hun.

    Steesel ass mat desem System och nach eng Keier op 5 Punkten erukomm mee den Tom Wagner konnt 4 Punkten vun der Fraiworf Linn secher verwandelen sou dass Sparta schlussendlech dach verdengt an enger zimlech haart emkämpften Partie gewennt.

    Photos

    • Sparta - Steesel
    • Sparta - Steesel
    • Sparta - Steesel
    • Sparta - Steesel
    • Sparta - Steesel
    • Sparta - Steesel
    • Sparta - Steesel
    • Sparta - Steesel
  • clada

    01 Abrëll 2009

     

    Bilanz no 2 Meint clada.lu

    Op den Daag genau sin et 2 Meint hier dass clada.lu online ass. An an 2 Meint ass main Bilan am groussen ganzen positiv. 1000 Visiten ... einfach nemen WOW.

    Sou sin ech och frou annonceieren ze kennen dass zenter dem eischten Februar 1000 Leit op menger Sait passeiert sin. Daat geet iwer all meng Erwaardungen dei ech fir main Site haat eraus... an sou dann och en groussen Merci un all dei Leit dei den Wee bis op clada.lu fonnt hun.

    Hei dann nach puer Statistiken

    • Visits : >1000
    • Average Visits a day : 17
    • Most Visits per day : 130
    • Pageviews : 4799
    • Average Time on Site : 3:49
    • 42,58 % Direct Traffic | 46,51 % Refering Sites | 10,91 % Search Engines
    • Visits from 11 different countries : Luxembourg 594 (58,41 %) | Belgium 224 (22,03 %) | United Kingdom 52 (5,11%) ....
    • all d'Statistiken kommen vun google analytics



    An leschter Zait huet sech vill gedoen waat daat Fotographescht ugeet an mengen 2 Lieblingsberaicher Sport an Concertsfotographie.

    Basketsfotographie

    Op der enger Sait photographeieren ech nach emmer vir d'Sparta op deenen eenzelnen Matcher, mee mat Hellef vun basketnews.lu an der flbb war et mer meiglech d'Final vun der Coupe an d'Harlem Globetrotters an der Coque fotographeieren ze goen, waat allen beid eng extreem flott Erfahrung war, vum spillerechen awer och einfach vum Ennerhaltungsfaktor.

    Concertsfotographie

    Zum aneren Deel hun ech ugefaangen dei eenzel Band's respectiv Promoteren vun den Concerten unzeschreiwen mat zum Deel Erfolleg. Mathellef vun deser Method haat ech d'Meiglechkeet d'Maria Mena op Treier, den Joshua Redman an den Atelier, an Stacey Kent an d'Philharmonie photographeieren ze goen. En groussen Merci hei och nach eng keier un popconcerts, den Luxembourg City Tourist Office an d'Philharmonie, dei mir erlaabt hun des eenzel Konzerten fotographeieren ze goen.

    En klengt Schlusswuert

    Et gett einfach naicht mei scheines fir mech wei kennen 2 vun Mengen Leidenschaften mat eneen ze verbannen op der enger Sait Sport mat Fotographie an op der anerer Sait Musek mat Fotographie.

    An nächster Zait wärt et dann warscheinlech awer net an desem Tempo weider goen, eischtens Basketssaison geet sou lues op en Enn, domadder reckelt main Termin fir meng Bachelorarbescht och emmer mei no. An sou en Blog ass nun eemol Zait opwenneg..... naja mol kuken...

    Mee waat ech op allenfall mol nach un d'Laafen well brengen daat ass d'Kommentarfunktion, well et ass wierklech bessen schued dass een net sou direct en Feedback kritt zu deem Thema.