Recent Posts :

Entries sorted by date

  • events

    24 Mee 2009

     

    Impressiounen vum ING Marathon 2009

    Hei dann och vun mir eng kleng Billerstreck vum desjähregen ING Europe Marathon aus der Staad Lëtzebuerg.

    Dëst Joer war ech dann, schon fir 3ten Keier mam Photoapparat an der Staat ennerwee an hun probeiert puer Impressiounen vun desem Marathon am Bild festzehaalen.

    Et siew ze bedaueren dass dest Keier no eegenem Empfannen vill manner Leit den Wee bis an d'Staat fonnt hun dest awer warscheinlech och weinst der Vakanz dei ugefaang huet.

    Mee dest huet trotzdeem der flotten Athmosphere an der Staat keen Oofbroch gin, wou iwer 8000 Leit kräfteg ugefeiert gin sin.

    Photographesch gesinn

    Ech wees net firwaat mee ech sin am Moment iergendwei am Panorama Feiwer, ass wuel weinst dem Tito Dupret deen virun kuerzem bei eis an der Schoul eng Konferenz gehaal huet iwert Panorama'en an sain Site. Ech hun iweregens eng Ufro bei him gemeet fir en Beitrag bei http://clada.lu kennen ze schreiwen, krut bis lo awer nach leider keng Äntwert.

    Wei gesoot een Panorama bei souvill Menschen dei sech beweegen ass guer net evident, zumols fir d'Leit dann net 2 mol op der Foto drop ze kreien, well se sech jo logescher Weis an eng Richtung weiderbewegen.
    Leider haat ech bis lo nach keng Zait, respektiv d'Software (dei zu Namur op mengem iMac ass) fir den Panorama zesummenzestellen an en klengen Preview um Site ze weisen. Dest wärt ech awer nohuelen, dofir nach bessen Gedold.

    Photos

    • ING Europe Marathon 2009
    • ING Europe Marathon 2009
    • ING Europe Marathon 2009
    • ING Europe Marathon 2009
    • ING Europe Marathon 2009
    • ING Europe Marathon 2009
    • ING Europe Marathon 2009
    • ING Europe Marathon 2009
  • basket

    18 Mee 2009

     

    Contern ass Champion vun der Saison 2008/2009

    Nodeems Contern och hier 19 Partie doheem gewennt, secheren si sech den Championstitel!

    Et waren definitiv dei Conterner dei besser an Partie fonnt hun an hiert Spill mei souverain duerchgezunn hun. Mee d'Musel Pikes hun sech vun Ufank un net opgin an sech rem urugekämpft, eier dass Contern sech kuerz virun der Paus, liicht duercht Bascht gemeet huet.

    An der 2ten Halschend hun Pikes et zwar nach eng Keier gepackt erunzekommen awer konnten den Conterner Amerikaner, Brandon Gary deen rem en super Match gemeet huet, net an den Greff kreien.

    Et sollt awer nach eng Keier spannend gin wei Pikes en puer Minuten virun Schluss nach eng Keier bis op 4 Punkten erukomm sin. Mee dun hun se verschidden vun hieren Kierf net getraff sou dass Contern zum Schluss als Gewenner feststoung, an Champion vun deser Saison gett.

    Mat desem leschten Match geet eng laang Saison op en Enn, wou sech Contern duerchsätzen kann, an wou am fong keen sou direct, no deem miserabelen Start an dei nei Saison gegleeft hätt. Dofir och vun clada.lu Gleckwensch op Contern.

    Photographesch gesinn

    Wei lo schon zenter en puer Joer sin op den Finalen emmer an emmer mei Photographen vertrueden an jiddereen well natierlech seng Biller maachen, an se dann och sou schnell wei meiglech un d'Zeitung schecken fir dass dei nach virun Redaktiounsschluss des ereechen!

    Gott sai Dank stinn ech do net sou vill enner Drock, mee dei ganz Atmosphere ass awer schon iergendwei ustierchend, sou och zum Beispill bei der Foto ganz zum Schluss, wou Spiller mam Plateau um Buedem leien, do gett em all Zentimeter gekämpft. Daat ass alles net sou einfach zummols wann daat emmer spontan geschidd an d'Spiller sech einfach zu iergendengem Moment op den Buedem setzen.

    Virum Ufank vum Match haat ech mech dann awer och eng Keier an d'Mett vum Terrain getraut, fir rem eng Panorama Foto ze maachen. Eng Foto virun sou enger impressionnanter Kuliss mat 1800 Leit, waat jo och am Letzebuergeschen Basket net all Daag virkennt! Sin mol gespannt waat daat gett.

    Heimadder geet dann och vir mech eng laang Basketballsaison op en Enn, mat villen photographeierten Match, an ennert anerem och 7/8 Matcher aus den Final4 wou ech fir basketnews.lu ennerwee war. Op deser Plaatz dann och nach en groussen Merci un si an zumols un den Kevin Zender. MERCI. An op weiderhin nach eng gudd Zesummenarbescht.

    Weider Fotoen

    Och bei desem Match sin rem en groussen Undeel vun mengen Fotoen op basketnews.lu ze fannen.

    Photos

    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
  • basket

    17 Mee 2009

     

    Diddelenger sin Champion 2009 bei den Fraen

    Den leschten an decisiven Match, sollt entscheeden ween dest Joer Champion bei den Fraen sollt gin.

    An engem extrem bis zur leschter Minutt spannenden Match, ass et haut dun em d'Wurscht gaang. Nodeems keng vun den Equippe sech an der Ufanksphase richteg oofsätzen konnt ass et dun kuerz virun der Paus den Walfer Meedecher gelongen en klengen Equart mat an d'Paus ze retten.

    No der Paus waren et och weider si dei den Toun ugin hun an bis op 11 Punkten fortgezunn sin! Dono ass awer net mei vill zesummengelaaf an et sin vill onneideg Feeler an Feelschess gemeet gin sou dass d'Diddeleng sech rem erukämpfen konnt, an och d'Nues liicht virhaat. 6 Sekonnen virun Schluss sollt et awer dun nach eng keier spannend gin. Mat engem 3er huet d'Walfer do nämlech den Score nees egaliseiert an et huet alles op eng Verlängerung hingedeit. Mee dei Diddelenger haaten awer eppes dogeint an gewannen sou op den leschten drecken mat 62-60 an sin domadder Champion vun Letzebuerg.
    Felicitatiounen och vun clada.lu op Diddeleng :).

    Weider Fotoen

    Weider Fotoen och dest Keier rem op basketnews.lu vill spaas domadder :)

    Photos

    • Women Finals 2009 | T71 Diddeleng - Walfer
    • Women Finals 2009 | T71 Diddeleng - Walfer
    • Women Finals 2009 | T71 Diddeleng - Walfer
    • Women Finals 2009 | T71 Diddeleng - Walfer
    • Women Finals 2009 | T71 Diddeleng - Walfer
    • Women Finals 2009 | T71 Diddeleng - Walfer
    • Women Finals 2009 | T71 Diddeleng - Walfer
    • Women Finals 2009 | T71 Diddeleng - Walfer
  • basket

    16 Mee 2009

     

    Contern ziddert sech an en 3ten decisiven Match geint Musel Pikes.

    Virun 1400 Leit gewennt Contern deen 2ten FinalsMatch doheem an bleiwt domadder och den 16 Match noeneen doheem ongeschloen.

    Pikes mussen domadder färten och no deem 2ten Final4 ennerhalb vun 2 Joer rem eidel heemzegoen, sou heemstaark wei dei Conterner am Moment sin.
    Am Fong huet alles guer net sou schlecht ausgesinn fir d'Musel, mee dei Conterner hun awer emmer iergendwei en Wee fonnt fir Spill rem ze dreinen.

    Pikes waren definitiv dei Equippe dei besser an den Match gestart ass an sech sou och konnten en klengen Equart erausspillen. Desen huet awer net bis d'Paus gehaalen wei d'Contern rem dru war an sech alles huet missten an der 2ten Halschend entscheeden.

    Schlussendlech huet Contern an den 2ten 20 Minuten d'Blaat gedreint an en klengen Virsprong bis zum Schluss gehaalen. Sou kann Contern en 3ten an decisiven Match en Sonnden spillen.

    Photographesch gesinn

    Wei ech an d'Haal erankomm sin huet sech eng impressionant Kuliss mir entgeintgewierkt. Natierlech war d'Stemmung och um iwerkachen an dementspriechend waarm war et dann och an der Haal. Waat fir ze fotographeieren awer zimlech ustrengend ass zumols well een d'Impressioun haat d'ganz Hetzt geing sech um terrain zesummenballen.

    Fir den Recht waren haut all Zeitungen mat villen verschiddenen Fotographen besaat an sou gesait een dann och mol rem eent oder daat anert bekannten Gesiicht um Basket rem, waat och emmer rem interessant an spannend ass fannen ech.

    Weider Fotoen

    Wei emmer, op basketnews.lu eng ausfeierlech photographesch Dokumentatioun vun desem dach Heichpunkt vun der Basketballsaison 2008/2009.

    Photos

    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
    • Finals 2009 | Contern - Musel Pikes
  • concert

    10 Mee 2009

     

    Just Music Bartreng Concert 2009 an Arca

    Och dest Joer huet Just Music Bartreng rem op hieren Concert an Arca inviteiert.

    Dest Joer stoungen am ganzen 31 Kanner op der Bühn an Arca wou d'Kanner dun hier Talenter enner Beweis gestallt hun. Nierwt deen 8 Fotoën ennert desem Text wärten och nach Fotoen op deser Sait ze bestaunen sin.

    Photographesch gesinn

    Desen Concert konnt ech notzen fir mech frai op der Bühn an nierwt der Bühn ze bewegen. Waat mol eng gudd gesinnen Ofwiesslung war no all deenen Fotoen am enken Gruef.

    Sou konnt ech och zum Schluss vum eischten Deel bis op d'Bühn erop fir den Thierry an den Pit bei hierem Batterie Duo ze photographeieren, an menger Meenung no hun ech hei meng beschten Batterie's Spiller Fotoën gemeet bis lo. Eischtens mol dei interessant Konstellatioun vun 2 Batteuren bei eneen sou gudd wei 2 extrem Museker mat emotionaler Ausstrahlung hun mer et erlaabt flott Fotoën ze maachen. Sou dann och hei dei 4 Fotoen an menger Selectioun.

    Weider Fotoën

    Weider Fotoën vun mir vun desem Concert sin och nach op deser Sait ze fannen.

    Photos

    • Just Music Bartreng Concert 2009
    • Just Music Bartreng Concert 2009
    • Just Music Bartreng Concert 2009
    • Just Music Bartreng Concert 2009
    • Just Music Bartreng Concert 2009
    • Just Music Bartreng Concert 2009
    • Just Music Bartreng Concert 2009
    • Just Music Bartreng Concert 2009
  • basket

    10 Mee 2009

     

    Pikes gewannen doheem och geint Contern

    Pikes gewannen och den eischten Match an den Finalen, an sin sou an den Finals 2009 Series nach ongeschloen.

    Virun mei wei ausverkaaften Haal, 900 Leit vir genau ze sin (et sin der 500 erlaabt ... gott sai dank ass naicht geschidd), konnten Pikes an hierem 3ten Match hannerteneen d'Iwerhand behaalen, an wann sou den eischten vun 3 Meiglechen Finals Matcher.

    Bei sensationneller Stemmung war et en nervösen Ufank vun beiden Equippe wou et wierklech Schlag op Schlag goung. Eier dass Pikes sech lues awer secher oofsätzen konnten alt rem eng Keier duerch hier Draier an einfach Punkten, dei si trotz allem geint eng gudd gestaffelt Conterner Defense erzielen konnten.

    Sou ass et dun mat 35-25 an d'Paus gaang.

    No der Paus war et Contern dei mat 100 à l'heure aus den Vestiairen komm sin an hier Unhänger rem hoffen geloos dass desen Match dach awer nach keint op Contern goen.

    Contern huet sech Punkt vir Punkt erugeschafft an war bis op 4 Punkten rem drun. Pikes hun sech et schlussendlech awer net huelen geloos an weider clever opgespillt. An et war rem en Draier vum Laurent Schwartz deen eng kleng Virentscheedung kuerz virun Schluss vir Pikes bruecht huet, an den Conterner hier leschten Versich fir desen Match dach nach ze wannen vernicht huet.

    Mam Reck zur Mauer

    Weider geet et lo desen Freiden mat dem 2ten Spilldaag vun desen Finalen, an dann kann een mol gespannt sin wei Contern mat desem Szenario eenz wärt gin. Geint Diddeleng konnten si jo mol en 1:0 Reckstand zu hieren Gonsten em dreinen. Wärt daat och des Keier den Fall sin. Ob allenfall missten se dann deen nächsten Match mol wannen an dann geif et am 3ten an decissiven Match zu der Entscheedung kommen ween dest Joer CHAMPION am Basket gett.

    Weider Fotoën

    Weider Fotoen vun desem Match wärten och des Keier rem op basketnews.lu kommen. Merci hei och nach eng Keier fir des Zesummenarbecht.

    Photos

    • Finals 2009 | Musel Pikes - Contern
    • Finals 2009 | Musel Pikes - Contern
    • Finals 2009 | Musel Pikes - Contern
    • Finals 2009 | Musel Pikes - Contern
    • Finals 2009 | Musel Pikes - Contern
    • Finals 2009 | Musel Pikes - Contern
    • Finals 2009 | Musel Pikes - Contern
    • Finals 2009 | Musel Pikes - Contern
  • fussball

    09 Mee 2009

     

    Harel gewennt 1-2 zu Mamer

    Harel gewennt verdengt geint eng ennerleen an onkonzentreiert opspillend Mamer Equippe.

    Nodeems Mamer net richteg an den Match fonnt huet an net 200% an den Zweekämpf gin huet konnten Greenboys sech en klengen Avantage erausspillen an sou och mei Drock opbauen!

    Schlussendlech fällt den eischten Goal awer eischter zoufälleg well den Goalkeeper vun Mamer en bessen ze wait am Terrain stoung an den Ball sou iwert hien an den Goal fällt. Bis zum Enn vun der eischten Halschend konnt Harel desen Virsprong dun gereieren an och nach weider ausbauen duerch en Goal kuerz virun der Paus.

    An den 2ten 45 Minuten huet Mamer den Drock dun erheischt. Sou ass et dun och komm dass si mat engem Goal den Virsprong vun den Greenboys verkierzt hun an sou stoung et nemen nach 2-1. Mamer huet den Tempo probeiert weider heischzehaalen, an huet sech och puer schein Goalchancen erausgespillt. Schlussendlech sollt et awer net duergoen an Harel gewennt auswärts 2-1.

    Greenboys sin lo 5ten an der Tabell mat 41 Punkten an hun Wentger dei 4:3 verluer hun lo mat 2 Punkten Virsprong hannert sech geloos.

    Photographesch gesinn

    Dest war main 2ten Fussballsmatch deen ech je photographeiert hun. An obwuel ech mer verschidden aner Fotoen virgeholl haat sin ech am groussen ganzen fir main 2ten Match awer recht zefridden.

    Weider Fotoën

    Weider Fotoen vum Ben Majerus kann een och nach um offiziellen Greenboyssite kuken.

    Photos

    • Mamer - Harel
    • Mamer - Harel
    • Mamer - Harel
    • Mamer - Harel
    • Mamer - Harel
    • Mamer - Harel
    • Mamer - Harel
    • Mamer - Harel
  • concert

    05 Mee 2009

     

    Naturally 7 zu Trier an der Europahalle

    Um 4 Mee 2009 war dei Weltbekannten Formatioun Naturally 7 zu Treier an der Europahalle op Besuch.

    Alles huet ugefaang wei den Warren Thomas keng Batterie doheem konnt kreien an hien ugefaang huet dest Instrument nemen mat Hëllef vun der Stemm ze immiteieren. Schlussendlech hun sech dun 7 Leit fonnt dei mat hierer Stemm sennsationnel Saachen konnten maachen, an sou ass Naturally 7 gebuer, awer net sou wei een daat haut vun hinnen gewinnt ass mee als eischten mol als Accapella-Band, wou si och eischter am Kierchengesang activ waren.

    Wei all Band huet och Naturally 7 evolueiert an et huet sech erauskristaliseiert dass een mat hieren Talenter jo am Fong och Instrumenter keint immiteieren. An sou ass dann aus enger Accapella Band eng Grupp gin dei verschidden Instrumenter wei E-Guitare,Trompett, Percussion, ...., mee awer och hier Stemm perfect beherschen!

    Photographesch gesinn

    Desen Concert war mol eng Keier eppes anescht wei dei aner. An der haal wou ech och schon d'Maria Mena konnt photographeieren goen war des Keier mol keen Grouf vir d'Photographen firgesinn et war dest nämlech en bestullten Concert.
    Sou dass ech hei nemen teschend den Gäng konnt photographeieren waat net emmer grad einfach ass fir eng uerdentlech Perspekitv ze kreien fir Foto.

    Sou war och d'Beweegungsfraiheet bessen ageschränkt. Mee op der anerer Sait huet dest awer net vill Ennerscheed gemeet well ech deen eenzegen Photograph op desem Owend war. Sou zesoen exclusiv fotoen ;)

    Komesch bei dem Optrett war dass et zwar viergesinn war fir 3 Lidder ze photographeieren ech der awer menger Meenung no ze frei vun den security Leit erausgescheckt gin sin. Den Problem war nämlech folgenden dass daat eischten Lidd an 2 Deeler agedeelt war an dotescht eng keier eng paus vun 5 Sekonnen war, eier dass d'Lidd weidergaangen ass. Wei et schengt waren daat dann wuel 2 verschidden Lidder, wann een der Setlist (sou krut ech daat dono vun den Security Leit matgedeelt) gleewen soll.

    Groussen MERCI

    Danke nochmals an Poppconcerts und die Frau Popp.

    Photos

    • Naturally 7 @ Europahalle / Trier
    • Naturally 7 @ Europahalle / Trier
    • Naturally 7 @ Europahalle / Trier
    • Naturally 7 @ Europahalle / Trier
    • Naturally 7 @ Europahalle / Trier
    • Naturally 7 @ Europahalle / Trier
    • Naturally 7 @ Europahalle / Trier
    • Naturally 7 @ Europahalle / Trier
  • concert

    04 Mee 2009

     

    Hugh Masekela am Atelier

    Den 3ten Mai war den Hugh Masekela zum Ulaas vun senger 70th Anniversary Tour am Atelier op Besuch.

    Fir dei dei den Hugh Masekela net kennen hien ass en Süd-Afrikaneschen Trompetist, Cornettiste an Buglist aus der Jazz Szene. Hien steet schon iwer 40 Joer op der Bühn, 30 Joer dovun huet hien am Exil verbruecht duerch seng lutte geint d'apartheid, an huet wärend deser Zait mat all den groussen Staren op der Bühn gestaanen. 1968 ass sain hit "Grazing in the grass" souguer mei oft verkaaft gin wei den Rolling Stones hieren "Jumping Jack Flash", an dest huet him dun och en Grammy Award abruecht.

    Op sengem Concert am Atelier am Cader vum Printemps Musical huet hien ennert anerem seng nei CD "Phola" an seng live DVD "World Connection" virgestallt.
    Och wann den Atelier mol eng Keier net grad sou voll war war Stemmung awer definitiv um Siedepunkt an d'Leit hun mat gedanzt an gesong fir dei dei Afrikanesch konnten. Eng extrem interessant Meschung vun Kulturen ass sou op der Bühn wei am Publikum entstaan.

    Photographesch gesinn

    Dest war alt rem eng Keier, wei schon gesoot en Concert am Atelier waat net emmer grad mat deenen einfachsten Liichtconditiounen glaichzesetzen ass. An sou hun ech och mol heiansdo bis op ISO 3200 missten eropgoen, waat d'Bildqualiteit allerdengs daitlech drenner leiden geloos huet,... leider.

    Fir den Recht war et en bessen schwiereg den Hugh Masekela richteg am Bild anzefänken well hien 2 Mikroen do stoen haat. 1 fir seng Instrumenter an een vir seng Stemm ze verstärken. Sou haat een op der enger Sait emmer en Aarm am Gesiicht an op der anerer Sait en Mikro.

    Ech hun dun och probeiert dest ze vermeiden an deems ech mech an d'Publikum gestallt hun an vun do aus teschend den 2 Mikroen duerch photographeiert hun wei een daat och kann op der eischter Foto gesinn.

    Mat der 3ten Foto wollt ech mol eppes ganz aneschtes probeieren op et mer gelongen ass wees ech lo net, vlait kennt dir mir mol soen waat dir dovun denkt, andeems dir mir eng Mail schreiwt oder mech iwer Facebook kontakteiert.

    Groussen MERCI

    Och hei rem en Groussen Merci un den LCTO an den Här Schuler.

    Photos

    • Hugh Masekela @ Atelier
    • Hugh Masekela @ Atelier
    • Hugh Masekela @ Atelier
    • Hugh Masekela @ Atelier
    • Hugh Masekela @ Atelier
    • Hugh Masekela @ Atelier
    • Hugh Masekela @ Atelier
    • Hugh Masekela @ Atelier
  • basket

    05 Mee 2009

     

    SemiFinals 2009-Contern kann weider hoffen | Etzella deklasseiert

    Nodeems d'Musel Pikes an Diddeleng um eischten Mee hier jeweileg Mätcher gewonnen hun war et lo d'Heemequippen dei mam Reck zur Wand stoungen.

    Musel fiert mat gudder Leeschtung weider

    Nodeems Pikes en Freiden d'Etzella vun Ettelbreck förmlech iwerrannt huet, duerft een Haut op eng Reaktioun vun dem dach 1ten Titelaspirant gespaant sin.

    Dest huet sech och an den eischten 20 Minuten erugebaant wou d'Etzella domineiert huet an och 18 Punkten vir war.

    Mee dun ass rem Zait komm vun den Muselaner duerch Draier vum Schwartz an Braier koum d'Musel lues awer secher am 3ten Veierel erun, an op een mol war d'Etzella nemen nach 4 Punkten fir. Eier dass d'Musel dun 2 Minuten virun Schluss rem op 5 Punkten fortgezunn war an schlussendlech och den Saack zougemeet huet an mat 73:65 gewennt.

    An sou steet den eischten Finalist 2009 fest et ass dest wei och d'Lescht Joer d'Musel Pikes.

    Contern setzt sech doheem duerch

    An der 2ten Partie vun desen Semi-Finals 2009, ass den Geigner vun den Pikes an der Final gesicht gin, an hei waren dei Diddelenger zu Contern op Besuch.

    An dësem Match war et definitiv d'Conterner Equippe dei domineiert huet an sou och direct mat engem 17-2 duerchstarten konnt. Ab deem Moment waren si nemi ze bremsen. Si hun eng excellent Zone gespillt an Diddeleng huet vun waitem an einfach Schëss net getraff.

    Sou ass et komm wei et kommen huet missen Contern gewennt heich verdengt geint Diddelenger mat 89:59 an huet sech domadder eng Optioun opgemeet fir dach awer nach an d'Final 2009, no enger duerchwuessener Saison ze kommen.

    Hei kennt et lo en Mettwoch zum Showdown tescht den Conterner an den Diddelenger. An et muss een gespannt sin wei dei Diddelenger lo geint dei heemstaark Conterner Equippe well bestoen.

    Weider Fotoen

    Weider Fotoen fennt een och des Keier rem op basketnews.lu.

    Photos

    • SemiFinals 2009 | Contern - Diddeleng
    • SemiFinals 2009 | Contern - Diddeleng
    • SemiFinals 2009 | Contern - Diddeleng
    • SemiFinals 2009 | Contern - Diddeleng
    • SemiFinals 2009 | Contern - Diddeleng
    • SemiFinals 2009 | Contern - Diddeleng
    • SemiFinals 2009 | Contern - Diddeleng
    • SemiFinals 2009 | Contern - Diddeleng
  • basket

    02 Mee 2009

     

    SemiFinals 2009 - Eischten Spilldaag mat direct 2 Heemerfolleger

    No 2 extrem spannenden Finalen gewannen dei 2 Heemequippen an kennen domadder mat engem klengen moraleschen Virdeel an den Match en Sonnden erangoen!

    Diddeleng - Contern

    Als eischten Mol koum et op desem eischten Spill vun der Final4 Serie am Basket 2009 zum Remake vun der Coupefinale an selwescht wei demols gewennt Diddeleng geint Contern. Waat een awer schon als kleng Iwerraschung vun desem Spilldaag kann duerstellen, wu Diddeleng dach iwerhaapt Schwieregkeeten haat fir sech iwerhaapt fir den Final 4 ze qualifizeieren!

    Um Ufank vum Match waren et dei Diddelenger dei den besseren Start fonnt hun an vill mei konzentreiert opgetrueden sin. Nodeems Contern zereck an den Match fonnt haat an och zaitenwais rem konnten an Feierung goen, ass et hinnen awer net gelongen sech oofzesätzen. Schlussendlech hun dei Diddelenger am 4ten Veierel den Saack zougemeet an kennen lo en bessen mei berouegt un den Match en Sonnden erugoen!

    Musel Pikes - Etzella

    Kommen mer dann lo zum 2ten Match vun desen Halleffinalen wou et dach eng daitlech Victoire fir dei Muselaner gouf. Zur grousser Iwerraschung haaten d'Musel Pikes vun Ufank un den Match an der Hand an hun daat gefeierlecht Ettelbrecker Spill ni sou richteg zur Entfaalung kommen geloos. An sou war dann och Bommenstemmung zu Remich an der Haal dei baal iwergekacht ass! Do hun och dei gudd 10 Ettelbrecker Trommen net vill gehollef fir hier Equippe novirzebrengen.

    Erauszehiewen aus desem Match ass en iweraagenden Samy Picard deen elleng an desem Match 36 Punkten geschoss huet, huet praktesch aus allen Laagen getraff! An dest huet him net nemen Sympathien bei den Musel Pikes gin.

    Trotzdeem war desem Match en immens agressiven an hekteschen Match wou d'Arbitteren dann och eng oder dei aner Keier hun missten mat onsportleschen oder Techniquen agraiffen. An do kann ech leider Gottes verschidden Ettelbrecker Fans net verstoen dei d'Arbitteren zu deser Neierlaag vun der Etzella verantwortlech maachen. Well och wann d'Arbitteren vlait net hieren beschten Daag erwecht haaten, hätt dest secherlech keng Differenz gemeet fir d'Musel Pikes, dei haut sou iwerragend gespillt hun wei ech se nach ni gesinn hun. Op der anerer Sait war d'Etzella awer och erstaunlech schwaach haut, respectiv si waren och vun enger gudder Defense vun den Pikes emhüllt an konnten sech guer net richteg entfaalen. Kompliment un Pikes. Ech sin dann mol gespannt op si sech auswärts en Sonnden zu Ettelbreck och vlait suguer behaapten kennen.

    Weider Fotoen

    Weider Fotoen vun mir sin och nach op basketnews.lu ze fannen.

    Photos

    • SemiFinals 2009 | Diddeleng - Contern
    • SemiFinals 2009 | Diddeleng - Contern
    • SemiFinals 2009 | Musel Pikes - Etzella
    • SemiFinals 2009 | Musel Pikes - Etzella
    • SemiFinals 2009 | Musel Pikes - Etzella
    • SemiFinals 2009 | Musel Pikes - Etzella
    • SemiFinals 2009 | Musel Pikes - Etzella
    • SemiFinals 2009 | Musel Pikes - Etzella