Recent Posts :
Entries sorted by date
-
Rock a field 2009
Rem en gelongen Rock a Field mat desem Joer 18000 Leit an einfach nemen gudder Stemmung um Feld zu Réiser. Hei just en Virgeschmaach op d'Fotoen vun desem Festival, weiderer wärten nach folgen.
Mat Gruppen wei Ting Things, Peter Fox, Razorlight, Franz Ferdinand an Kings of Leon war den Festival all rem eng Keier top besaat.
Photographesch gesinn : net einfach
Ech muss soen dass et wierklech immens ustrengend ass, schwülen Temperaturen mat engem 10 Kilo Rucksaack vun Optrett zu Optrett ze rennen an do teschend gin et och net wierklech verschnauf Pausen!
Baal 2000 Fotoën waren et schlussendlech am ganzen! An soutz ech bis 3 Auer Moies do fir nemen dei eischten Selectioun vun den Fotoen ze maachen fir kennen op den DNR site ze setzen.
Merci DNR
Groussen Merci un deser Plaatz och nach eng Keier un den DNR mat deem ech vir dest Grousst Event fir d'eischten Keier coopereiert hun! Wär schein wann een dest nach bessen ausbauen keint! An deem Senn soen ech mol : Op eng gudd Zesummenarbescht!
Um DNR Site gin et och nach dei aner Fotoen vun mir. An wei gesoot des Gallery wärt an den nächsten Deeg och nach ausgebaut gin! Merci fir äer Gedold :)
-
Ranga Yogeshwar, FunkyP & Solomon Burke
Op desem Freiden war sou kuerz virum Rock a Field mol rem eng Keier en richteg eventraichen Daag.
Nodeems ech eng Reportage op engem Letzebuerger Radio iwert den Ranga Yogeshwar an sain neit Buch "Sonst noch Fragen" heieren haat, wollt ech hien awer och mol eng Keier an Persoun gesinn an net nemen op der Tele.
An och hei krut den Ranga mech mat senger interessanter, relaxen witzeger Art an Weis begeeschtert. Et war wierklech eng Erfahrung wärt an ech hun et och net bereit dohinner gaangen ze sin. Fir dei dei lo nach weider Informatiounen wellen wessen iwert dem Ranga seng Arbescht kaafen sech am beschten sain Buch.
Leider konnt ech net bis zum Schluss bleiwen well et dono schon direct weider op daat nächsten Event gaangen ass! Um Knuedler war nämlech Summer in the City ugesoot, mam Support Act FunkyP an dem Solomon Burke.
FunkyP huet wei emmer härlech Stemmung gemeet an d'Leit richteg an hieren Bann gezunn. Einfach nemen genial. Schlussendlech war dun nach den Solomon Burke als Headliner vun desem Owend, an och hien konnt iwerzeegen mat gudd bekannten Lidder an enger bombasteschen bühnenshow.
-
clada.lu - News am Juni
Nodeems et an leschter Zait en bessen mei roueg zougaang ass, geet et lo awer sou richteg lass, mat villen interessanten Neiegkeeten.
clada.lu um Rock a field zesummen mam DNR
Loosen mer d'Kaatz direct aus dem Saack, zesummen mam DNR. Groussen MERCI do och nach eng Keier un dei Verantwortlech.
Um RAF wärten niewt verschiddenen Letzebuerger Bands dei dëst Joer hier eegen Bühn wärten hun, ennert anerem The Ting Things, Peter Fox, Razorlight, Franz Ferdinand an Kings Of Leon optrieden. Wann d'Wieder matspillt ... naja am Moment gesait et net sou richteg dono aus... mee bon d'Virfreed ass dei greissten Freed, dann gett desen SOLD OUT Event alt rem eng keier en Toperliewniss.Weider Events
Et wärten awer och lo nach weider Eventer op mech duerkommen wei zum Beispill en secher genialen Concert vun FunkyP Freides den 26 Juni wou ech mech schon mega drop freen wou si als Support act fir den Solomon Burke wärten optrieden. An dann natierlech och nach den Rock um Knuedler wou ech wärt eng Accreditatioun probeieren unzefroen.
Objektiv ass ennerwee
Ech hun mer mol geduercht et wier rem Zait en bessen den Gear opzestocken an sou hun ech mech decideiert den 24-70 2.8L vun Canon mol ze bestellen. Ennert anerem och fir den RAF, leider kennt dest warscheinlech awer nemi firdrun un :(. Zu desem Ulaas hun ech mer och nach eng weider Spaicherkaart kaaft eng 8GB Extreme IV vun Sandisk dass den RAF net zum negativen Erliewniss soll gin.
Panorama
Waat Panoramafotographie ugeet hun ech och nach eppes ze vermellen. Eischtens mol haat ech mam Här Dupret riets deen Inhaber ass vum site http://1001merveilles.org. An hien huet mir lo accordeiert eng vun sengen Fotoen op mengem Site ze weisen an en klengen Eintraag iwert seng Arbescht ze schreiwen! Dest wärt ech dann och am Laaf vun den nächsten Wochen maachen.
Desweideren hun ech virun puer Wochen main Panorama vum Marathon mol endlech zesummengestallt. Schlussendlech ass et zwar nemen en 180° Panorama gin mee dest war schon schweier genuch desen zesummenzestellen. An schlussendlech sin ech och ganz zefridden mam Resultat.
Dann well ech awer och nach den Panorama vun den Finalen hei mat dobai leen. Deen empfannen ech och mol als eppes anescht waat een sou hei zu Letzebuerg menger Meenung no nach net gesinn huet :)
-
Fête de la musique Kayl
En Sonnden war dun en weideren Daag vun der Fête de la musique wou ennert anerem Sulivan an Joshua aus der Belge opgetrueden sin.
Nierwt Sulivan stoung, nach d'Raggae Band "Sons of Gaia" vun Marseille, an dei bekannten belge Formatioun Joshua op der Bühn zu Kayl.
Photographesch gesinn
Leider war et op desem Sonnden net grad sou waarm wei all dei aner Deeg an et war een och frou d'Sonn mol nees ze gesinn. Mee waat et emmer mei deif an d'Nuecht erangaangen ass waat et emmer mei kaal gin ass. Dest war guer net evident fir ennert deenen Situatiounen ze photographeieren.
Zousätzlech zu der Keelt ass awer nach eng leider mettelmeisseg Luuchtenanlaag dobai komm, mat enger extrem nerveger Niwelmaschine dei et engem net mei einfach gemeet huet fir dei verschidden Gruppen oofzeliichten.
-
Sulivan op der fête de la musique zu Diddeleng
Nodeems Sulivan schon geschter an Clausen op der Fête de la musique gespillt huet, stoungen si en Samsden zu Diddeleng op der Bühn.
Et haat sech en eventraichen Weekend ugekennegt. Mat ennert anerem verschidden Fête de la Musique'en an natierlech dem Heischpunkt : Nationalfeierdaag.
Sou hun Sulivan et sech net huelen geloos fir direct 3 Concerten am Laaf vun 3 Deeg ze spillen.
Photographesch gesinn
Alt rem eng Keier eng Bühn wou Beliichtung alles anescht wei gudd war, mee als Photograph muss een sech halt un des Luuchtkonditiounen upassen an daat bescht draus maachen. Leider kommen dann och mol verschidden Schwaarz-Waiss Fotoën dobai rauskommen well een dei aner einfach net gebrauchen kann.
Eppes anescht huet sech awer geschter extrem an den Virdergrond gedreckt, an zwar den Volume vun den Boxen deen menger Meenung no vill ze haart war (den Tountechniker huet eis dono verooden dass et um Meschpult bis zu 100dB waren). Sou huet sech meng eischten Uschaafung vun desem Mount : Ouerenstepp sech direct gelount.








































