Recent Posts :
Entries sorted by date
-
40 000 Leit an der Staad um Gala Tour de France
Och dest Joer war den Gala Tour de France rem en Publikumsmagneit an huet 40 000 Leit an d'Staat gezunn.
Waat en Spektakel an der Staad, einfach nemen den Wahsinn! An jiddereen huet nemen op eis Lëtzebuerger gewaart. Mat vill Begeeschterung sin si um Knuedler empfangen gin, eier et dun op den 1,5 km laang Streck gaang ass wou et 40 Mol ronderem gaang ass!
Dei eischten Tier waren vun Attakten geprägt, an dei eenzel Lëtzebuerger hun sech probeiert ze weisen. Den Tempo deen am Ufank nach ganz gemächlech war ass vun Tour zu Tour mei ugezunn gin, an sou lues hun sech d'Favoriten dun erauskristalliseiert! Alt war den Andy mol fir dann mol rem den Fränk oder den Kim. Sou sin d'Zuschauer och komplett op hier käschten komm.
Natierlech huet dann och jiddereen op en Kim, Fränk an Andy gehofft dass en si desen Gala Tour de France sollten gewannen! An schlussendlech war dest och den Fall, den Fränk gewennt no enger decisiven Attak am leschten Tour an kann sech sou an dem Palmares vun desem Kriterium androen.
Photographesch gesinn
Daat war schon en bessen chaotesch an der Staat. No kuerzer Zait ass schon vun 90 Presse Accreditatiounen geschwaat gin, waat awer schon immens ass vir sou en Event. Mee dest huet sech dun awer och bemierkbar gemeet wei et drems gaangen ass bei der Team Presentatioun eng uerdentlech Foto ze kreien.
Nodeems Course un war, sin ech dun mat verschiddenen aneren Fotographen iwert Streck gaang. An hun dun vun verschiddenen Schlësselplaatzen photographeiert.
Weider Fotoën
Weider Fotoën sin um DNR Site ze fannen.
-
Snow Patrol an der Rockhal
En Freiden den 25ten Juli war Snow Patrol an der Rockhal an bei hierer eischter Letzebuerg Visite d'Massen begeeschtert.
Als Virgrupp vun Snow Patrol stoung Daniel Balthasar mat der Band op der Bühn. Si konnten awer leidergottes nemen an accustic versioun optrieden well soss d'Embauten zevill laang gedauert hätten.
Dun war et sou wait Snow Patrol ass op enger riesegen LED-wand op d'Bühn gebieden gin. Hei wossten Sie dun mat enger flotten Bühnenshow d'Leit ze begeeschteren.
Photographesch gesinn
Dest war main eischten groussen Concert an der Rockhal. An eierlech gesoot souvill Luucht haat ech guer net erwaard. Virun der Show sin mer informeiert gin dass dei eischten 3 Lidder zimlech daischter wieren an dass mer dono nach keinten aus den Leit eraus Fotoën maachen. Sou haat ech mech virum Concert schon drop agestallt fir bei daischtersten Conditiounen Fotoen maachen ze mussen. Mee wei dun mol all dei eenzel Spoten uwaaren dun war alles sou hell, dass ech um Ufank awer schon Upassungsschwieregkeeten haat!
Zousätzlech war et immens schweier fir dei eenzel Persounen an Evidenz ze sätzen well d'Ennerscheeder tescht extreem heller Luucht an extremer Daischtert einfach ze grouss waren.
-
Jamie Cullum um Gent Jazz Festival 2009
Hien war als Headliner vum Festival ugekennegt an sou sin och vill Leit desem Opruff gefollegt fir des genial Show materliewen ze kennen.
No senger laanger Paus dei en sech no senger leschten Welttournée gegönnt haat, ass den Jamie Cullum rem zereck. Des Paus huet hien dann och ausgenotzt fir un verschiddenen Projeten, ennert anerem dem Soundtrack vum Gran Torino Film mam Clint Eastwood (desen ass iweregens fir en Golden Globe nomineiert gin) ze schaffen. Am November soll dann och den neien Album The Pursuit erauskommen, wou een sech eischter op mei popesch (Mainstream) Lidder kann astellen.
Op desem Concert huet den Jamie sech et dann awer och net huelen geloos fir verschiddener vun sengen neien Lidder virzestellen. Des sin dann och wierklech gudd vum Publikum opgeholl, an frenetesch auplaudeiert gin. An den Jamie schengt sech och richteg wuel mat deenen neien Songs ze spieren, wann een sain Twitter account en bessen verfollegt : "New songs starting to sound like part of the set forREAL"
Fir dann lo op den Ufank vum Concert zereckzekommen huet desen anescht ugefaang wei verschiddener sech daat vlait erwaard hätten, an zwar mat "please don't stop the music" vum Rihanna, mee daat ass halt och den Jamie. No desem Ufankslidd sin dun als eischten mol dei eenzel Museker virgestallt gin, an hun dun och direct en Solo zum beschten gin. Dest fannen ech eng gudd Method vue que dass Fotographen an deem Moment jo nach am Gruef stin an sou och mol eischter op dei eenzel Museker fokusseieren wei op den Jamie. Mee dozou glaich mei.
Weiderhin am Programm huet hien dun Lidder vun sengen 2 läschten Albumen présenteiert, awer daat ganzt ouni Setlescht. An sou huet een d'Museker dann och mat hellefsloosen Gesiichter gesinn eier dass se d'Lidd dann erheiert haaten an daat richteg Instrument zur Hand huelen konnten. Net ganz evident fir am Fong "Rockmuseker" do mathaalen ze kennen. Iergendwei haat een d'Impressioun wei wann hier Museker vun der leschten Tour den Geoff Gascoyne um Bass an den Sebastiaan de Krom op der Batterie, des Transitiounen besser verstoppt hätten. Vlaicht hun ech awer och just des Keier vill mei dorobber opgepasst.
No 2 Stonnen Concert war desen extrem gelongenen Owend dun awer och schon leider eriwer. Ouni ze iwerdreiwen war dest deen beschten Concert deen ech bis lo gesinn hun, waat Leit ubelaangt, Stemmung an natierlech dei musikalesch Performance,.... einfach nemen genial.
Fotographesch gesinn
Jo waat soll ech do lo dozou soen, gär geif ech hei vun mengen Erfahrungen aus dem Gruef schwätzen mee dest war leider net meiglech well desen schon komplett iwerfellt war. Ech haat +/- 13 Fotographen gezielt waat an deem mini-Gruef wierklech schon baal zevill war.
D'Fotographen haaten eng Limit vun 3 Lidder wou si Fotoën maachen konnten, mee dest war wierklech schon baal iwerdriwen, well elleng dei 3 Lidder 30 Minutten gedauert hun. An an desen 30 Minuten war alles dran waat een sech als Fotograph wenschen kann, Action-Action an nach eng Keier Action. Sou ass den Jamie wei schon baal op all Concert vun dem Piano eroofgesprong huet um Piano gerockt an einfach nemen sech ameseiert.
Op der anerer Sait ass awer baal jiddereen mat enger grousser Camera alias Spiggelreflex duercht d'Geigend gelaaf well keen d'Kierf an der Entrée kontrolleiert huet. Daat huet mech wei ech daat gesinn hun awer schon bessen vill opgereegt. Mee op der anerer Sait fir en Objectiv an der Menschenmass ze wiesselen daat ass guer net sou evident, an sou war et awer besser "nemen" mam handy do gewierscht ze sin.
En klengen Video
En Video vun desem Concert wärt an deenen nächsten Deeg nach folgen ech haat leider nach keng Zait fir desen färdeg ze schneiden an eropzelueden. Mee dest wärt awer net mei laang daueren. Dofir kukt mol roueg rem eng Keier vun Zait zu Zait eran!
-
Blues & Jazz Rallye 2009
Och dëst Joër war d'enner Staad rem schwarz vun Leit, an zaitenweis war et sou iwerfellt dass een guer net mei vun dem Gronn bis an Clausen kommen ass!
Photographesch gesinn
No deenen villen Concerten mat 3 Lidder Restrictiounen an Kontrakter ennerschreiwen, war desen Festival mol rem en richtegen Genoss. Et konnt een goen wou een wollt, an den Gruef ass een och komm, waat well een mei.
Op der anerer Sait war dest awer och immens ustrengend fir mussen mat 10 Kilo um Reck 6 Stonnen duerch d'enner Staad ze rennen, an di ganzen Zait vun lenks an riets zerdreckt ze gin. Dofir iwerleen ech ma daat awer nach eng keier op ech dest widderhuelen wärt an den nächsten Joëren.
-
Acels Studentenbal um P&R Bouillon 2009
Op desem 17ten Juli huet et rem all lëtzebuerger Studenten op den Studentenbal vun der Acel gezunn! Link mat der Gallery steet am Text!
Photographesch gesinn
Dest Joër war ech um Studentenbal vir d'Lëtzebuerger Wort ennerwee. An sou war dest eischter en Schaffbal wei en Bal vir ze feieren! Mee et huet mer awer trotzdeem extrem vill Spaas gemeet! Just dass natierlech verschidden alcooliseiert Leit engem d'Liewen net einfach maachen fir uerdentlech Fotoën hinzekreien!
Fir alleguerten dei et interesseiert hei dann eng kleng Gallery mat verschiddenen Andreck.
Den Artikel wärt dann en Meinden den 20ten Juli am Wort stoen.
-
Rod Stewart zu Déifferdeng
Haut den Owend war den Rod Stewart zu Déifferdeng op Besuch. Leider duerft ech d'Fotoën net op main Blog sëtzen dofir stin se awer um DNR site. Also luust mol eng keier eran.
Zum Concert kann ech leider net vill soen well ech nemen d'Meiglechkeet haat dei 2 eischt Lidder dozebleiwen ... sou stoung et halt am Kontrakt awer dozou glaich mei am nächsten Abschnitt.
Photographesch gesinn
Wei schon ugedeit gouf et des Keier alt mol rem eng Keier en Kontrakt ze ennerschreiwen, mee menger Meenung no net een vun deenen groussen Knebelkontrakten, mee daat heiten ass eischter een vir den Leit Angst ze maan.
Groussen Merci
Groussen Merci nach eng Keier un den Här Meisch an d'Gemeng Deifferdeng dei mer erlaabt hun desen Concert (mat Aschränkungen ;)) fotographeieren ze goen
Waat mech en bessen un deem leschteren nerwt ass dass ech d'Fotoën net därf op main Site setzen well dest sou am Kontrakt festgeluecht war.Mee daat war mol nach net daat schlemmst zousätzlech sin mer och nach hannen bei "House Sound Mixing Desk Area" verbannt gin sou dass mer just aus 60m Entfernung Fotoën konnten maachen.
Am léiwsten hätt ech desen Konzert boykoteiert an deems ech einfach nee gesoot hätt zum Kontrakt. Daat wär hinnen just sou eppes vun egal gewierscht well jo dann awer alleguerten dei aner Medien desen Event gecovered hätten. An sou main Boykott guer naicht bruecht hätt. Schlussendlech muss ech soen war et eng gudd Erfahrung fir daat och mol eng Keier materliewt ze hun, ouni gréisseren Drock op den Schelleren ze droën.
Link mat den Fotoen
Jo vue que dass d'Fotoën jo dann hei net därfen gewisen gin, bieden ech Ierch op desen Link op DNR's Sait ze klicken.
-
Diplomiwereechung an Promnight 2009 am Kolleisch
Des Keier mol bessen en anert Event, no all deenen Festival'en, Concerten an Basketsmatcher. Sou war ech geschter Owend mam Fotoapparat am Kolleisch ennerwee.
Hei dann en klengen Fotoreportage vun desem Event am Kolleisch, clickt hei.
Fir alleguerten dei Leit dei un den Fotoen interesseiert sin sollen sech bei mir iwert des Mail adress mellen, an dann kann een jo kuken wei een sech do arrangeieren kann :)
-
Rock um Knuedler 2009 - Dëst Joër mat Simple Minds
Bei der 19ter Editioun ass um Knuedler mol rem sou richteg gerockt gin. Headliner des Keier waren Simple Minds dei mat Begeeschterung erwaard gin sin.
Virun Ronn 10 000 war den Rock um Knuedler alt rem eng Keier och nach am 19ten Joër en vollen Erfolleg. Nierwt verschiddenen lëtzebuerger Bands sin dann och dest Joër rem grouss international Gruppen ugekennegt gewierscht. Dës woussten dun och beim lëtzebuerger Publikum ze iwerzeegen.
Groussen Merci an desem Senn och nach eng Keier un den Luxembourg City Tourist Office dei wei all Joër rem eng wonnerbar show am cader vum Summer in the City op Been gestallt haaten.
Weider Fotoën
Fir dei dei och nach aner Fotoën kuken wellen, hei nach puer aner Fotographen dei deen Owend do waren : Cedric Letsch, Georges Noesen, Dan Thuy, Steve Müller
-
Me you zik Festival um Knuedler
Dëst Joer war et schon dei 3ten Versioun vum Me you zik Festival um Knuedler organiseiert vum Luxembourg City Tourist Office.
Den Knuedler war alt rem eng Keier schwarz vun Leit sou dass een och an desem Joer rem vun engem Erfolleg vun desem Festival kann schwätzen.
Op der Bühn stoungen Bands wou d'Länner vun Letzebuerg ennerstetzt gin, sou ennert anerem Leit aus Mazedonien, Afrika oder och nach aus den Asiateschen Länner.
Hei dann lo nach en puer Fotoen vun desem Festival.
Groussen Merci nach eng Keier un den LCTO.














































