Recent Posts :

Entries sorted by date

  • concert

    16 September 2009

     

    Fleet Foxes am Atelier

    Geschter waren Fleet Foxes bei relaxer Stemmung, am ausverkaaften Atelier op Besuch. Support Act waren Blitzen Trapper.

    Text wärt nach nokommen!

    Vergiesst net ze commenteieren!

    Photos

    • Blitzen Trapper @ Atelier
    • Blitzen Trapper @ Atelier
    • Fleet Foxes @ Atelier
    • Fleet Foxes @ Atelier
    • Fleet Foxes @ Atelier
    • Fleet Foxes @ Atelier
    • Fleet Foxes @ Atelier
    • Fleet Foxes @ Atelier
  • concert

    6 September 2009

     

    Millencolin am Atelier - Concertsaison ass rem um gaang!

    Nodeems lo baal een Mount Concertstechnesch am Land baal guer naicht gelaaf ass, geet et lo rem lass.

    An haut waren et dun Millencolin dei am Atelier oofgaang sin anescht kann een daat waat een erliewen konnt net beschreiwen!

    Fotograpesch gesinn

    Ech muss schon soen et war komesch fir rem eng Camera an der Hand ze haalen, no sou laanger Abstinenz;) Mee et huet awer wierklech rem Spaas gemeet och wann d'Konditiounen haut alles anescht wei perfekt waren fir top Fotoen kennen ze maachen!

    Photos

    • eXtinct @ Atelier
    • eXtinct @ Atelier
    • Millencolin @ Atelier
    • Millencolin @ Atelier
    • Millencolin @ Atelier
    • Millencolin @ Atelier
    • Millencolin @ Atelier
    • Millencolin @ Atelier
  • fotographie

    02 September 2009

     

    Canon EOS 7D Preview - den Allrounder

    Um éischte September huet Canon seng neisten Entwécklung virgestallt, Canon EOS 7D. Dës wäert d'Canon Rei kompletéieren an huet puer Features drop op déi d'Fotographen sech freeë kennen.

    Schon zënter längerem huet et bei Canon rumouert dass an nächster Zäit eng nei entwéckelt Kamera wäert erauskommen. An hei ass se lo, déi nei EOS 7D vun Canon. Endlech kann een do wuel nemen soen.
    Wei ech et schon an der Intro ugedeit hunn bréngt Canon lo an nächster Zäit eng nei DSLR mat 17.92 Millioune Pixel eraus. Dëse Modell gëllt ass competitiv Geigensteck zu der Nikon D300 an D300s. Als Prais schwätzt Canon vun ongefeier 1700€.

    Nei Features vun der CANON EOS 7D

    An dësem klenge Preview probéieren ech just déi wichtegst Saachen unzeschwätze mä ech konnt et awer net loossen all déi nei Feature wéinstens eng kéier opgezielt ze hunn :

    Ennert anerem huet sech Canon et net huele gelooss en neie Sensor, neien AF System, Metering System, neien Bildschierm, eng nei TTL Kontroller Funktionalitéit an nei Konfiguratiounen an Optiounen anzebauen déi ee bis lo nach an kenger Canon fonnt hat, an dat zu deem dach erschwengleche Präis!

    Par Rapport zu der neier 50D ass d'Kamera nach en bësse méi grouss an sou soll een nach en bessere Feeling hunn wann een dës an der Hand hält.

    Den Autofokus ass ganz nei entwéckelt ginn an sou kann de Fotograf lo op en 19-Punkt-System zeréckgräifen, wat hoffentlech och der Genauegkeet vum Auto-Fokus zegutt kennt. Den Auto Fokus ass mir perséinlech ganz wichteg well ech Sport an Concerte fotographéieren, an well 5D am Fong éischter als lues fokusseierend Kamera bekannt ginn ass sinn ech lo ganz frou dass et do lo eng Alternativ gëtt.

    An mat de Features vun der 5D kenne mer am Fong direkt weider fuere well an Testbiller kann ee feststellen dass d'Rausche bei heigen ISO'en erstaunlech niddereg bei dëser neie Kamera sinn!

    En weider interessante Feature sin dei 8 Biller an der Sekonn dei des Kamera maache soll.

    clada.lu Fazit

    Canon huet missten op Konkurrenz reageieren an nodeems se eng nei 5D erausbruecht hun, ass d'Virstellen vun der 7D en Schrett an dei richteg Richtung. Well des Kamera schengt wierklech, wann een den Tester gleewen kann net schlecht ze sin, mat villen neien Features dei ze iwerzeegen wessen!

    Kamera ass am Fong eischter als allrounder ze gesinn, mat 18 Milliounen Pixel kann een sech gudd Virstellen domadder fir greisser Projeten ze schaffen. Dobai ass Kamera awer och gudd fir den Sport mat 8 Biller an der Sekonn an neiem AutoFokus System, awer och fir Concerten an schlechtbeliichten Szenen mat gudden Resultater bis zu 1600 ISO mat Meiglechkeet fir bis op 12800 ISO opzestocken.

    Obwuel d'7D richt gëschter virgestallt ginn ass huet mech dës nei Kamera schon gepackt, an ech verspieren dauernd sou en "Dat muss ech hunn" Gefill. Naja mol kucken op dat dann hanneno wierklechde Fall wäert sinn.