Recent Posts :

Entries sorted by date

  • concert

    28 Oktober 2009

     

    Genialen Concert vum Richard Bona am Atelier

    Waat well een vill mei soen, ausser dass dest einfach nemen en genialen Concert war vun engem vun deenen greissten Bassisten deen des Welt kennt.

    Kuerz zu der Gesicht vun desem Festival deen vum Luxemboug City Tourist Office organiseiert gin ass. Desen "Live at Vauban" Festival ass 1995 zum Kulturjoer op d'Been gestallt gin an huet sech saitdeems emmer weiderentweckelt!

    Wei schon ugedeit ass den Richard Bona een, wann net souguer deen beschten Bassist deen een am Jazz an Afro-Welt fannen kann. Hien ass schon mat villen aneren Greissten opgetrueden wei zum Beispill den Chick Corea, Herbie Hancock oder Dave Sandborn.

    Geschter Owend war den Richard Bona dun am Atelier op Besuch vir sain neien Album "The 10 shades of blues" ze presenteieren! Hien wousst awer net nemen musikalesch ze iwerzeegen mee och duerch seng Entertainer Qualiteiten an Witz. Sou konnt hien mat enger perfekter Meschung d'Zuschauer op seng Sait gewannen an begeeschteren!

    Groussen Merci

    En groussen Merci un deser Plaatz un den Claude Fries, an d'ganzt LCTO Team fir d'Organisatioun vun desem genialen Concert. An natierlech och en groussen Merci un d'Madame Giorgetti fir d'Accreditatioun fir desen Concert kennen am Bild festzehaalen!

    Photos

    • Richard Bona @ Atelier
    • Richard Bona @ Atelier
    • Richard Bona @ Atelier
    • Richard Bona @ Atelier
    • Richard Bona @ Atelier
    • Richard Bona @ Atelier
    • Richard Bona @ Atelier
    • Richard Bona @ Atelier
  • basket

    23 Oktober 2009

     

    "We played like men today" - Sparta gewennt zu Reimech

    Sparta gewennt no enger spannenden Partie mat vill Asaatz vun beiden Saiten verdengt an kann sech weider un der Spetzt vun der Tabell haalen.

    Den Grondsteen vun deser Victoire huet Sparta an der eischten Halschend, an fir mei genau ze sin am 2ten Veierel gesaat. Ab desem Moment hun si d'Feierung kontinueierlech ausgebaut an waren net mei sou richteg an Bedrängniss fir des Victoire ze secheren.

    Noom Match war dem Larrie seng Aussoe : "We played like men today". An et huet een d'Impressioun wei wann Sparta Spiller emmer mei zueneen geifen fannen, an daat ganzt sou lues awer secher an d'Rullen kennt.

    En Sonden lo schon geet et op Ettelbreck wou dann en schweieren Geigner op Sparta waard.

    Photos

    • Pikes - Sparta
    • Pikes - Sparta
    • Pikes - Sparta
    • Pikes - Sparta
    • Pikes - Sparta
    • Pikes - Sparta
    • Pikes - Sparta
    • Pikes - Sparta
  • basket

    19 Oktober 2009

     

    Sparta klappt Diddeleng an eegener Haal

    Sparta gewennt geint den T71 Diddeleng no enger 1sten iwerzeegenden Halschend. An kann sech domadder op dei 2ten Plaatz an der Tabell nofierschaffen.

    No enger gudden eischten Halschend wou virun allem den Kollektiv geint dei Diddlenger d'Iwerhand gewonnen huet!

    Erauszehiewen aus desem Match ass virun allem den Xavier Engel deen an den eischten 20 Minuten 5/5 3er geschoss huet an sou en garant war fir des Victoire vun der Sparta.

    Photos

    • Sparta - Diddeleng
    • Sparta - Diddeleng
    • Sparta - Diddeleng
    • Sparta - Diddeleng
    • Sparta - Diddeleng
    • Sparta - Diddeleng
    • Sparta - Diddeleng
    • Sparta - Diddeleng
  • basket

    11 Oktober 2009

     

    Sparta verleiert zu Steesel

    Sparta verleiert sain eischten Match auswärts, geint Steesel!

    Weider Fotoen

    Weider Fotoen vun desem Match fannt der och op basketnews.lu

    n/a

    Photos

    • Steesel - Sparta
    • Steesel - Sparta
    • Steesel - Sparta
    • Steesel - Sparta
    • Steesel - Sparta
    • Steesel - Sparta
    • Steesel - Sparta
    • Steesel - Sparta