Recent Posts :
Entries sorted by date
-
Mando Diao an der Rockhal
Nodeems Mando Diao schon virun 2 Joer zu Letzebuerg um Rock a Field opgetrueden sin, waren si des Keier an der Rockhal op Besuch! Virgrupp waren Eternal Tango vun Letzebuerg.
Zum Concert kann ech leider net vill soen well ech eischter goen hun missten an am Fong nemen dei 3 eischt Lidder konnt gesinn.
Mee ech muss leider feststellen dass meng eischt Meenung dei ech mer um Rock a field vun hinnen gemeet haat rem eng Keier bestetegt gin ass an een sou eng liicht Impressioun vun Iwerhiewlegkeet op der Bühn feststellen muss. Mee ech mengen daat gefällt den Fans och sou un hinnen. Wann ech mech awer hei ieren sollt, dann schreiw mer en klengen Kommentar an beweis mer den Geigendeel. An sou kann een awer och net oofstreiden dass si musikalesch awer Top waren :)
Fotographesch gesinn
Dest war main eischten Concert mat der neien 7D an am groussen ganzen war ech ganz zefridden. Wei emmer sou schein gesoot gett waat een mei investeiert waat d'Zuel vun onschaarfem Ausschoss mei kleng gett! Dest kann ech dann och bestätegen. Zousätzlech sin Fotoen iergendwei mei kräfteg ouni awer wei bei der 40D an den Faarwen ze verbrennen.
Weider Detailer wärd ech mir fir main 40D / 7D Verglach ophaalen deen och an nächster Zait kommen wärt.
-
Ambitioneiert Fotographen an hir Problemer
Ween kennt et als ambitioneierten Fotograph net, Fotoen gin net emmer sou wei een sech daat firstellt. Mol ass et weinst dem Kadrage, mol weinst der Schärft oder ben einfach nemen weinst dem Sujet.
Ok, lo kann een sech och rem soen, ech huelen mer einfach mei Zait fir mech mat dem Sujet ze beschäftegen fir dann schlussendlech eng "perfekt" Foto rauszekreien. Mee leider gett et DEI perfekt Foto net. Zumols wann een als Reportagefotograph ennerwee ass an schnell handelen muss. Do huet een net emmer Zait alles perfekt anzestellen, et soll een jo och an deem Ableck nemen Dokumenteieren waat geschidd / geschidd ass, an d'Creativiteit gett doduerch (an muss) vun villen Fotgraphen zimlech baussen fir geloos.
Ech well awer lo net laang hei vun der Theorie schwätzen, mee einfach mol direkt op en konkreten Fall ze schwätzen kommen. Sou geschidd en Sonnden zu Treier um NBA Legends. Mol eng Keier war bei mengem geschilderten Problem net den Zaitdrock oder soss iergendeppes, mee einfach nemen Pech den wonnen Punkt! (och wann een et hätt kennen Viraus gesinn ... mee bon dono ass een emmer mei schlau).
Den Georges Noesen haat dei genial Iddi fir hannert all Bried wärend dem Basketsmatch tescht den NBA Legends an den Letzebuerger / Treier All Stars, en Fotoapparat ze monteieren. Dest huet dann och alles geschengt wonnerbar ze klappen! Mir waren zur Zait do fir alles ze monteieren an och ze testen. Alles wonnerbar! Leider Gottes haaten mir 2 net domadder gerechent dass d'Vibratiounen vun den Dunken sou en groussen Afloss op den Manuellen Fokuseierreng vun dem Fisheye Objektiv hätten. An sou huet sech mat all Dunk d'Schärft vun der Foto bessi mei an d'Onschärft bewegt.
Schlussendlech ass keng Foto notzbar gewierscht, op allenfall mol op där Sait wou meng 40D ugemeet war. Dofir sin awer puer cool Fotoen op dem aneren Kuerf erauskomm, eng Keier vum Georges Noesen an eng keier vum Gerry Schmit
Hei well ech dann mol souzesoen daat Tabu briechen dass d'Fotographen normalerweis emmer nemen hier beschten Biller weisen an dei "verschassen" emmer nemen op der Sait loosen. An sou hei dei 2 Fotoen dei wierklech Potenial gehaat hätten fir "baal perfekt" ze gin.


Fro un Ierch dobaussen
Lo einfach mol d'Fro un Ierch ambitioneiert Fotographen, hudd dir och sou Fotoën wou der Ierch soot "merde dei Foto hätt d'Potential gehaat eng TOP Foto ze gin mee leider leider......."?! Dann post einfach en klengen Kommentar mat der Foto oder mat dem Link, oder scheckt mer se per Mail.
Respektiv waat maacht dir mat deenen Fotoen dei extreem gail hätten keinten, et schlussendlech awer net gin sin! Haalt dir se, oder landen des direct an der Pubell!
-
NBA Legends - The game
Virun Ronn 4000 Leit ass et geschter an der Treier Arena nemen em d'Show gaang ,... an den Leit huet et gefall!
Waat eng Show, an trotzdeem ass opgefall dass sech awer alles ronderem den Superstar vum Owend gedreint huet!! Eegen Kabinn, extra mat enger Limousine gefuer gin,.... hien haat soen! An dobai muss een awer soen dass en wärend dem Match selwer net vill bruecht huet ausser domm do ze stoen an grimassen ze schneiden an ze klappen!
Naja daat hun dei Superstaren halt sou un sech!
Fotographesch gesinn
Sou grouss Events sin emmer nach mat vill Spass fir d'Fotographen verbonnen awer och mat vill Stress!
An sou ass leider geschter net alles riicht gaang, waat hätt kennen riicht goen, leider well soss sin eis mindestens 2 extrem gail Fotoen enthaalen bliwen :(
Mei dozou an puer Deeg!
-
NBA Legends am City Concorde - Sparta verleiert zu Contern
NBA Legends waren gescht am City Concorde - Sparta verleiert gescht geint Contern
Text wärt nach nokommen
vergiesst net ze commenteieren !
-
Just Jack am Atelier
Geschter haat Just Jack den Wee bis an den Atelier fonnt.
Ech sin dankbar fir all Remarque :)
Weider Fotoën
Weider Fotoën vun desem Concert kennt der op point24.lu bewonneren.







































