Recent Posts :

Entries sorted by date

  • concert

    31 Januar 2010

     

    Billy Talent waren an der Rockhal op Besuch

    Desen Weekend ass et nom groussartegen Concert vun Nickelback nach eng Keier sou richteg oofgaang an der Rockhal mat Billy Talent.

    Par rapport zu Nickelback war d'Bühn zwar extreem geschmolzt an huet am Fong winzeg ausgesinn, mee dest huet Billy Talent awer net dovunn oofgehaalen den Dausenden Visiteuren eng monster Show oofzeliweren.

    An d'Leit sin och sou richteg matgaang sou wei daat sech bei engem Concert geheiert.

    Fotographesch gesinn

    Fir mol bei der Virgrupp unzefänken, des war eischter als Zaitvertreib unzegesinn well se do einfach guer keen Luuchten wärend den 3 Stecker unhaaten an sou jeeglech Fotoen fir d'Kaaz waren.

    Den Concert selwer war awer dann wonnerbar ausgeliicht.
    An als Fazit vun deser dach Turbulenter Woch muss ech soen dass ech ganz zefridden sin mat den Resultater vun desen 2 groussen Concerten.

    clada.lu kritt 1 Joër

    Wei d'Zait vergeet, muer firun engem Joer ass clada.lu offiziell online gaang, an zenterhier ass vill geschidd. Am groussen ganzen zeihen ech awer och hei en positiven Bilan deen ech och eng Keier, soubaal ech Zait hun an engem Blogeintrag wärt verfaasen. Merci op allenfall fir all dei dei mer trei bliwen sin.

    Photos

    • Billy Talent @ Rockhal
    • Billy Talent @ Rockhal
    • Billy Talent @ Rockhal
    • Billy Talent @ Rockhal
    • Billy Talent @ Rockhal
    • Billy Talent @ Rockhal
    • Billy Talent @ Rockhal
    • Billy Talent @ Rockhal
  • concert

    28 Januar 2010

     

    Nickelback an der ausverkaaften Rockhal zu Besuch

    Riesenbühn, tonnen Leit, 5900 fir genau ze sin, mega Spektakel. Sou kann een desen Concert an puer Wieder zesummenfaassen. Mee et sollt awer net alles perfekt sin.

    Sou war natierlech wei emmer en mega Stau vir an Esch eranzekommen, an do ass nach dobai komm dass den Concert, also d'Virgrupp net wei op dem Rockhal Site em 20:30 mee schon em 20:00 ugaang ass. Sou gouf et bei Daughtry schon mol keng Meiglechkeet mei vir nach puer Schnappschess vun hinnen ze erweschen.

    Am Entréesberaich ukomm dun den nächsten "Schock", do louch en Kontrakt deen all Fotograph huet missten ennerschreiwen fir iwerhaapt kennen eranzekommen.

    Gott sai Dank no kuerzen driwerfleien stoungen lo net zevill schlemm Saachen dran mee daat hätt awer net missten sin! Naja Canadier halt.

    Den Concert selwer

    No engem giganteschen Knall vum Freedefeider huet den Concert no scheinbaar endlosen Waarden ugefaang. An sou konnt Nickelback wärend enger 2 Stonnen Show beweisen firwaat si iwer 30 Milliounen Albumer verkaaft hun.

    Kommenteieren

    Vergiesst net ze kommenteieren oder mir ze soen waat fir eng Foto äeren Favorit ass.

    Photos

    • Nickelback @ Rockhal
    • Nickelback @ Rockhal
    • Nickelback @ Rockhal
    • Nickelback @ Rockhal
    • Nickelback @ Rockhal
    • Nickelback @ Rockhal
    • Nickelback @ Rockhal
    • Nickelback @ Rockhal
  • basket

    10 Januar 2010

     

    Sparta gewennt den Spetzematch Match geint den Tabellenleader

    Nodeems den Philippe Gilberti seng Chargen als Headcoach bei den Hären vun der Sparta oofgin huet, schengt Sparta rem vum neien Elan gepaackt se sin. Den Equippengeescht ass rem förmlech ze spieren an et gett endlech mol rem em all Ball gekämpft.

    Sou kann een soen dass desen Match och wierklech den Numm Spetzematch verdengt haat, et war alles dran Kampf op beiden Saiten, gepacht mat Siegeswellen. Kuerz gesoot den Match war spannend.

    Um Ufank vum Match konnt keng vun deenen beiden Equippen sech sou richteg duerchsätzen. No kuerzer Ulaaf Zait konnt Sparta sech awer dun liicht oofsätzen ouni kennen dovun zezeihen. An mat engem klengen Laaf vun den Ettelbrecker stoung et dun an der Paus 33-33.

    No der Paus ass Sparta besser an den Match komm an konnt sech rem liicht oofsätzen ouni awer den Saack kennen zouzemaachen.

    Dest ass hinnen reicht am leschten Veierel gelongen wou d'Ettelbrecker Etzella hiert Spill einfach zevill forzeiert huet.

    Sou gewennt Sparta schlussendlech verdengt, an et dierf een gespannt sin waat an nächster Zait nach sou kennt.

    Desen Spetzematch war dem Doug Marty, dem neien Head Coach vun den Sparta Hären sain eischten Match an och glaichzaiteg sain Gebuertsdaag. Sou kann een soen dass hien desen mat Bravour iwerstaan huet.

    Photos

    • Sparta - Etzella
    • Sparta - Etzella
    • Sparta - Etzella
    • Sparta - Etzella
    • Sparta - Etzella
    • Sparta - Etzella
    • Sparta - Etzella
    • Sparta - Etzella
  • events

    01 Januar 2010

     

    Sylvester 2009/2010

    An alt as een Joer riwer, an en neit Joerzengt geet un. Sou wenschen ech Ierch alles Guddes fir daat neit Joer. An Merci vir äer Fideliteit am Joër 2009.

    Geschter huet een alt rem dei vill verschidden Nationaliteiten an der Staat gesinn, em sou mei wann een fir d'Wort ennerwee ass an puer Stemmungsfotoen maachen well.

    Kukt Ierch d'Fotoen un an soot mer waat der dovun haalt!

    Photos

    • Sylvester 2009 @ The Last Supper
    • Sylvester 2009 @ Art Scène
    • Sylvester 2009 @ Knuedler
    • Sylvester 2009 @ Knuedler
    • Sylvester 2009 @ Knuedler
    • Sylvester 2009 @ Knuedler
    • Sylvester 2009 @ Knuedler
    • Sylvester 2009 @ Knuedler