Recent Posts :
Entries sorted by date
-
Bierchem gewennt am Handball & Sparta am Basket
clada.lu war fir Ierch rem fotographesch sportlech ennerwee. Bierchem am Handball an d'Sparta am Basket heeschen dei 2 Gewenner vun desem Weekend.
Handball an der Coque
Am Hanball konnt sech Bierchem an der Coupe mat 34 op 29 geint Käerjeng duerchsetzen an steet domadder an der Coupe Final geint den Geigener deen den Owend am Match HB Esch - HB Red Boys Differdange wärt gewannen.
Spetzematch am Basket zu Bartreng
Am Basket war et dun den Optakt vun den Playoffs an hei kann sech Sparta dach knapps geint Etzella vun Ettelbrëck duerchsetzen.
An der eischten Halschend huet et alles anescht wei dono ausgesinn dass dest sou en spannenden Match sollt gin. Sparta ass mat enger konfortabeler Avance an d'Paus gaang. No den eischten 20 Minuten huet d'Sparta den Equippengeescht awer komplett verluer an d'Etzella konnt sech rem Punkt vir Punkt erukämpfen an souguer och rem virkommen.
Sou sollt et bis zum Schluss extreem spannend bleiwen. Nodeems den Nelson Delgado en Offensiv Feeler gepaff krut, an d'Sparta rem an Ballbesetzt waren et nach 3,7 Sekonnen op der Auer an et stoung 59-59.
No engem Timeout huet den René Wolzfeld sech en Härz geholl, obgeschoss an getraff. Op den Kuerf lo wierklech regulär war daat ass eng aner Fro...
Sou gewennt Sparta den eischten Match vun den Playoffs an kanns sech mat Diddeleng un Spetzt vun der Tabell setzen.
-
Kolleisch in Concert 2010
Fir dei 31ten Keier war et dest Joer kuerz virun der Fuesvakanz rem sou wait, Kolleisch in Concert 2010. Dest Joer mat engem Musical daat schon am Joer 1996 fir eischten Keier opgefouert gin ass: Elisabeth. Hei eng Gallery mat weideren Fotoen
Den Kolleisch in Concert war wei all Joer an 2 Deeler agedeelt. Den eischten Deel als pueren Musicaleschen mat den eenzelnen Museker an Dänzerinnen aus dem Kolleisch. An den 2ten Deel mat dem Musical Elisabeth, wou alleguerten dei eenzel Museker perfekt harmoneiert hun.
Gallery mat weider Fotoen
Eng Gallery mat weideren Fotoen ass ennert desem Link hei ze fannen. Vill Spaas beim kuken an vergiesst net ze kommenteieren.
-
Siegesserie hällt och an der Coupe un
No 2 spannenden Partien stinn all d'Finalisten vun der Coupe de Luxembourg 2010 fest. Bei den Damen konnten sech Pikes an bei den Hären d'Sparta duerchsetzen.
Besser kann een en Basketsnometten net erliewen, no 2 extreem spannenden Partien sech sech dei 2 uewengenannten Equippen dach verdengt duerch an treffen lo bei den Dammen op Esch an bei den Hären op Diddeleng.
Eng oder dei aner gudd Foto ass och nach dobai eraus komm also waat well een mei!
Mir gesinn eis rem an der Final dei den 17ten Abrell an der Coque wärt stattfannen.
-
Deen eischten Coupe Finalist steet fest
No engem dach eesaitegen Match kann den T71 Diddeleng sech an der eischten Halleffinal bei den Männer, an den Basket Esch bei den Fraen sech duerchsätzen.
Beim Match vun den Damen huet et zimlech laang gedauert bis sech erauskristalliseiert haat dass den Basket Esch dach den längeren Otem sollt hun, sou gewannen si dach souverän geint D'Ettelbrecker Etzella.
Am zweeten Match vum Owend sollt et fir d'Etzella net vill besser ausgesinn, D'Jongen vum Jan Enjebo hun en extreem staarken Match gespillt, siew et an der Defense oder am Ugreff. Si kennen sech schlussendlech verdengt mat 20 Punkten Virsprong duerchsetzen!
Den Match ass leider kuerz virun Schluss vun engem trageschen Zweschenfall iwerschatt gin, wei den Pit Hoffmann bei engem Ugreff, ouni Awierkung vum Geigner mat dem Gesiicht op den Buedem gefall ass (Merci un den Patrick fir des Info). Vun hei aus eng gudd Besserung un den Pit.






































