Recent Posts :
Entries sorted by date
-
FunkyP Cd Release am Melu
Waarden huet endlech en Enn, FunkyP huet endlech hier nei CD released. Dest Spektakel konnt een op engem Freiden Owend zur beschter Stonn am Melu materliewen, an ech kann nemen soen dei dei net do waren sin selwer Schold.
En Review vum Concert wärt ech och nach schreiwen sou baal ech Zait hun.
Daat selwescht gellt och fir CD, mee ech kann just soen : äusserst empfehlenswert.
-
Neien Atert - Panorama Preview
Ween bis lo nach net an der neier Haal zu Bartreng op Besuch war kann sech mat desem Panorama mol en eischt Bild maachen.
En puer Eckdaten
Desen Panorama besteet aus ongefeier 50 Fotoen, dei all eenzel am Heischformat mat Hellef vun engem Panoramastativ opgeholl gin sin.
Dono sin se dun an engem Programm zesummengesaat gin, an manuell bearbescht gin bis alles perfekt gepasst huet. An hei dann lo d'Resultat.
Panorama Preview
Am Panorama selwer kann een mat der Maus hin an hier goen, an mat + an - kann een ran oder rauszoomen © Fotoen clada.lu
Panorama als Foto
Fir dei dei et interesseiert. Iwert desen Link kann een den Panorama och nach als flaach Foto ukuken.
Feedback
Ech freen mech iwert all Commentaire deen dir op mengem Site oder iwer Mail kennt hannerloosen.
-
Contern verleiert an engem spannenden Match geint Sparta
No 2 Neierlaagen gewennt Sparta mol rem auswärts geint eng gudd opgeluechten Conterner Equippe. Schlussendlech sollt d'Differenz 2 Punkten maachen an desen Match entscheeden.
An der Ufanksphase huet d'Sparta den Tempo ugin an si konnten och liicht fortzeihen. Mee Contern huet sech erugekämpft an konnt sou och mat engem klengen Virsprong an Paus goen!
Den Virsprong ass dun weider bis op 9 Punkten gewues bis Sparta ze konteren wosst an glaich en puer mol glaich zitt ouni sech awer behaapten ze kennen.
Sparta gewennt schlussendlech dank deenen 2 läschten Kierf vum Larrie mat 2 Punkten geint Contern.
-
Finnesch Rockband "His Infernal Majesty" alias HIM zu Letzebuerg
Geschter war HIM am Club an der Rockhal zu Besuch. 1999 konnten si an Daitschland an an hierem Heemeschtsland Finnland mat hierem Album "Razorblade Romance" hieren greissten Erfolleg feieren.
Vir d'Publikum unzeheizen stoung DOMMIN als Virgrupp op der Bühn. Bei zimmlech monotonen Liichtverhältnisser war et hei awer erstaunlech einfach fir puer gudd schnappschess ze kreien.
Mee wärend deenen eischten Lidder huet sech awer schon ugedeit dassen bessen vill Leit am Gruef vun dem Rockhal Club fotographeieren wollten. Zousätzlech war desen extreem kleng! Dest huet d'schaffen am Gruef net grad vereinfacht!
Sou sollt et dun och leider wärend dem Concert kommen. En puer Fotografen dei wuel nemen weinst HIM do waren sin nach dobai komm, an sou war et zimlech onmeiglech sech nach eierbar am Gruef ze bewegen, respektiv verschidden prise de vue'en auszeprobeieren!
Eng kurios Saach nach zum Schluss. Wärend dem Concert waren d'Securityleit bemeit all Fan aus dem Publikum den Akku aus den Fotoapparaten ze huelen, hun ech och bis lo nach neierens gesinn!
-
Diddeleng gewennt verdengt zu Bartreng
Diddeleng haat d'Zepter vum Ufank vum Match un an der Hand an gewennt desen läschten Match an der Poly geint d'Sparta.
Vun Ufank hun huet Diddeleng den Tempo ugin, an huet sech duerch einfach Kierf en klengen Equart erausspillen kennen.
Sou sollt et dann och weider goen. Eng Treffsecher Diddelenger Equippe huet desen Virsprong dun am 2 an 3ten Vierel nach weider ausbauen kennen.
Am entscheedenden Veierel ass Sparta dun nach eng Keier zaitenweis erukomm ouni awer des Diddelenger Victoire an Gefoer ze brengen.
Dest war domadder och den leschten Heemmatch fir d'Sparta an der Poly an ab der nächster Keier gett rem am neigemaachten Atert gespillt.
Eröffnungsfeier ass hei den 17ten März. -
Canon EOS 7D review
Nodeems ech meng Canon EOS 7D lo 3 Méint a Betrib hunn gëtt et Zäit fir en klenge Review vun dësem neiste Modell vu Canon aus der EOS Serie.
En puer Fakten fir unzefänken
18.0 Megapixel APS-C CMOS senor
Dual DIGIC IV processors
ISO 100-6400 (12.800 meiglech)
19-punkt Auto Fokus
8 Biller an der Sekonn
3 Zoll groussen LCD mat 920.000 Bildpunkten
Magnesium Body7D Geheis
Et ass en richtegen Genoss déi nei 7D an der Hand ze halen. Géigeniwwer menger Virgänger Modell der 40D huet Canon hei verschidden Saachen ëmgeännert. Sou huet een mat Hëllef vun deem nei entwéckelten Grip eng perfekt Haptik. Canon huet zousätzlech all Knäppercher mäi grouss gemeet an méi handlech disposéiert. Sou kann een och souguer mat Händschen 7D ouni Problemer bedéngen.
Deen neien 3 Zoll grousse LCD mat 920.000 Bildpunkten ass am Gebrauch vun der Kamera eng wonnerbar Hëllef fir d'Fotoe kenne schnell ze iwwerblécken. Hei huet Canon wierklech eng grouss Verbesserung an d'7D par Rapport zu der 40D agebaut. Dobäi sief awer ëmmer rëm betount dass een engem Bildschirm op der Kamera ni trauen däerf! Dann éischter den Histogramm kucken an dono definitiv um Computer entscheeden.
Hei nach eng Keier meng aal Kamera (40D) lenks am Verglaich zu der neier Kamera riets (7D) © Fotoen clada.lu
Performance
Wat Performance vun der Camera ugeet, kann ech nemen Positives beriichten. Den neien 19-Punkt Autofokus mécht souguer ënnert schwierege Bedingungen eng extrem gutt Aarbecht. Zumols d' "AF Expansion" Fonctioun huet mir et ugedoen. Hei wielt een en Beräich aus an deemde Fotoapparat de Fokus siche soll. Dest erliichtert zumols d'Schaffen am Serien-Bild-Modus, wou een dann net ëmmer 100 prozentesch muss mat engem eenzelnen AF-Punkt um Motiv sinn. Leider ginn et awer souguer och mat dem neien AF System Feelfokusseierungen, mee dës hunn sech awer extrem minimiséiert par Rapport zu menger 40D. Sou bleift festzestellen : Watee mei an de Body investéiert wat d'Ausbeute un schaarfe Fotoe méi heisch ass.
Bild Qualitéit
Qualitéit vum Bild ass zum gréissten Deel excellent. Bei niddregen ISO Zuele kann d'7D seng 18 Megapixelen ausspille fir wonnerbar Detailer prais ze gin. Ab 800 ISO fänkt d'Rauschen dann awer un opzefalen, mee richt ab 6400 fänken d'Biller un wierklech onbrauchbar ze ginn. Sou ass d'Extensioun op 12.800 ISO och just fir an absoluten Noutfäll ze gesinn, an dann och nach just fir kleng Prints oder den Internet.
2 Fotoen mat der neier 7D bei 1600 ISO an verhältnissmässeg schlechten Liichtbedingungen © Fotoen: clada.lu
Features
En Featuren op deen ech mech bei der 7D richteg gefreet hunn ass d'Méiglechkeet den interne Camerabletz als Master zu externe Speedlight Slaves ze benotzen. Dëst war fir mech zemools praktesch well ech momentan nemen en Speedlight 430EX hunn an dësen net als Master benotztka ginn! Ween heizou méi Informatioune wëllt kann och eng Kéier hei laanscht luusse goen.
Dës weidere kann ee mat der 7D awer och Filmen an zwar an HD Qualitéit. Des Funktionalitéit huet mech bis lo nach net sou richteg interesséiert, mee an nächster Zukunft muss ech mech awer onbedéngt mol domadder befaassen!
perseinlech Aschätzung an Fazit
Keng Kamera ass perfekt, mee dës 7D kennt menger Virstellung wat eng Kamera alles bréngen muss respektiv soll en weideren Schrëtt méi no.
Als negativ Punkte muss ech leider soen, dass déi 18Megapixelen mir en béissen ze vill sinn. RAW files ginn immens grouss (+/- 25mb). Dat mécht et net nemen schwéier vir op engem Event zu fotographéieren mee schränkt een och bessen am Backup vun den Fotoen an.
En weideren negativen Punkt, fir mech op allenfall mol, ass den Crop Sensor. Canon huet wat Rauschen ugeet zwar schon vill drun geschafft, mee sou richteg zefriddestellend et awer nach net! Leider huet een am Sport / Concert am Semi-Professionellen Beräich keng richteg alternativ. 5D MarkII ass hei wei gesot bëssen lues am AutoFokus.Fir den Recht huet Canon awer eng top Aarbecht geleescht, zemools mat hirem neien AF System, mee weess awer och an villen aneren Beräicher ze iwwerzeegen.
An sou kann ech als Fazit nemen soen dass d'7D, fir mech am Moment déi beschten Kamera am APS-C (1.6 Crop) DSLR Beräich ass. Also fir ambitionéiert Amateuren wierklech ze recommandéieren.

Canon 7D an Combinatioun mam 24-70 2.8L © Fotoen clada.lu
EOS 7D Fimware Update
Fir alleguerten déi déi schon eng 7D hier eegen nennen kennen, sollten op allefalls den Firmware Update vun Canon op Kamera spillen, méi zu dësem Thema kann een op deser Sait gewuer gin










































