Recent Posts :
Entries sorted by date
-
Sparta Bartreng gewennt Coupe de Luxembourg 2010
No 13 Joer gewennt Sparta am Joer 2010 d'Coupe de Luxembourg an schleit heimadder den gewenner vum leschten Joer.
Ween hätt daat doten virun deser Final geduercht dass d'Sparta sech sou eendaiteg keint oofsätzen an Coupe no 1997 rem eng Keier mat op Bartreng huelen.
Nierwt mengen Fotoen hun ech och dest Joer rem eng Keier en Panorama gemeet, leider sin puer Feeler dran an sou änelt 360° vue eischter engem Spill "trouvez l'intrus" wei soss eppes. Soubaal der en Feeler bemierkt kennt der desen jo kommenteiren.
Panorama
Am Panorama selwer kann een mat der Maus hin an hier goen, an mat + an - kann een ran oder rauszoomen © Fotoen clada.lu
-
Angel at my table EP release am Melu
Nodeems FunkyP an Metro hier CD schon am Melu virgestallt haaten, war et lo geschter un Angel at my table. En gudd gefellten Melu krut eng mega Show oofgeliwert an et ass nach deif bis an d'Nuecht weider gefeiert gin!
Dei leschten Deeg hun den Cedric (cedricletsch.com) an ech eis en bessen mei mat der Band vun Angel at my table beschäftegt. Fir si en bessen an hieren leschten Deeg virun hierer EP release an glaichzaiteg och hierem eischten Concert ze begleeden.
Sou waren mer dann och mat hinnen dobai wei se fir en Interview bei RTL Radio op Besuch waren, awer mir haaten och d'Meiglechkeet si bei den Prouwen ze besichen an kruten sou en ganz privaten Ableck an des Letzebuergesch Newcomer Band.
Geschter war dun den groussen Oofschloss vun deser fantastesch, witzeger Woch am Melu mat der offizieller release vun der neier Angel at my table ep dei den Numm City Romance dreit. Dei glaichnameg Single huet et iweregens geschter an der RTL Hitmaschine bis op Plaatz 1 ze klammen, an daat nemen no 7 Wochen! RESPEKT an Félicitationen nach vun deser Plaatz aus!
TOP / flop
Als Virgruppen stoungen Project Yoko an Jacob Conspiracy op der Bühn an hun den Leit richteg gudd virum Concert vun Angel at my table ageheizt. Zum Concert selwer : Wei schon am Viraus gesoot war den Melu gudd gefellt an d'Leit sin richteg matgaang, speziell bei der eischter Singleauskopplung huet een d'Leit richteg matgröllen heiren. Mengen dovunner kennen dei meeschten Bands bei hierem eischten Concert nemen dreemen!
Den flop vun desem Concert war leidergottes d'Luucht an den Toun. Eng gemeschten Luucht aus verschidden Faarwen huet et sou gudd wei onmeiglech gemeet "uerdentlech" Fotoen ze kreien. Hei hun dun missten d'ISO'en vun menger 7D drun gleewen an sou rauschen d'Fotoen och liicht! Leider war dest net ze vermeiden!
-
All Star Game 2010 zu Diddeleng
Nom Erfolleg vum All Star Game d'lescht Joer zu Contern huet dest Spektakel dest Joer zu Diddeleng stattfonnt.
D'Dammen spillen hieren Match glaich 99 op 99.
An bei den Hären gewennt den Norden knapps mat engem Punkt, 128-129 geint den Süden.
Wärend der Paus vum Härenmatch war et dun um DunkContest wou der och puer Fotoen an menger Gallery bewonneren kennt!






























