Recent Posts :
Entries sorted by date
-
Sparta gewennt deen eischten Finalsmatch
Virun ausverkaaftem Atert, ass haut zu Bartreng dei eischten Final vun den Playoffs 2010 gespillt gin. Bartreng wollt onbedengt gewannen an dei Diddelenger wollten sech fir dei verlueren Coupe Final revancheieren!
Den besseren Start an den Match haat definitiv Bartreng. Si hun den Match vun Ufank un kontrolleiert an sin och greisstendeels zu einfachen Punkten komm. Den T71 stoung praktesch nierwt dem Terrain bei hinnen ass guer naicht zesummen gelaaf, an domadder steet et no der eischter vun 3 meiglechen Finallen 1:0 vir dei Bartrenger. En Freiden mussen dei Diddlenger lo an eegener Haal gewannen fir sech eng Optioun op den Titel ze haalen
Fotographesch gesinn
Fir mol eng keier eppes anescht ze maachen hun ech mer extra fir desen Match eng Rolleiflex vun menger Heischschoul ausgeleint. Fir dei dei et net wessen sollten, dest ass eng analog Mettelformatkamera an mecht Biller dei menger Meenung no schon baal aus enger aneren Welt kommen.
Firwaat sech extra sou vill mei maachen an daat "onmeiglecht" probeieren Sport mat enger analoger Kamera ze fotografeieren.
Ech hun et als extreem spannend emfonnt fir mol ze kuken wei d'Sportsfotographen freier Biller gemeet hun. Ouni manuellen Fokus an demnowei och nach ouni internen Beliichtungsmiesser hun si missten schaffen.
Bei mir waren d'Conditiounen ähnlech den Beliichtungsmiesser vun der Kamera ass futti (Cedric du kenns daat gefill ;)). Sou hun ech als eischten mol emmer miessen missten eier dass ech iwerhaapt eng Foto gemeet hun.Bei desem Verfahren konzentreiert een sech dann och vill mei op den Cadrage, waat awer bei sou enger Mettelformat guer net sou einfach ass well alles nämlech spiggelverkeiert ass.
Sou hun ech mir am Kapp eng kleng Lescht gemeet vun Saachen dei ech onbedengt fotographeieren wollt an hun des lues a lues oofgeschafft andeems ech op den richtegen Moment gewaard hun.2tens hun ech ma d'Mettelformat ausgeleint well ech am Fong en sou eng Foto maachen wollt :

Eng speziell Foto mat nemen enger Schärftenebene an der Metten |Fotoen clada.lu
Quizz
Kleng Quizzfro wei nennt een daat Verfahren, an wei ass des Foto entstaan?!
Fir den Recht sin ech lo just nach gespannt op meng analog Fotoen ... Soubaal des färdeg entweckelt an gescannt sin wärt ech se och hei posten!
-
Sparta gewennt Basketkrimi
No engem reegelrechten Basketskrimi steet d'Sparta vun Bartreng als Gewenner fest vun der eischten Halleffinal an den Playoffs 2010.
Waat en Match, bis en puer Sekonnen virun Schluss vun der 2ten Verlängerung wosst keen an der Haal ween desen Match geif fir sech entscheeden. Reicht en Feelworf an en Ballverloscht vun den Ettelbrecker hun et der Sparat erlaabt desen Match vir sech entscheeden ze kennen.
Den Match war vun Ufank un séreiert an keng Equippe konnt sech su richteg oofsetzen. Den Larrie ass dei eischten Halschend gudd verteidegt gin an huet sou laang op seng eischten Punkten waarden missten. Op der Sait vun deenen Ettelbrecker ass den Tim Giver erviirzehiewen deen mat sengen Draier dei temporär "entscheedend" Akzenter konnt setzen.
An desem Match ass et vill em dei mental Stärkt gaang sou hun ech och den Fokus op dei Fotoen gesaat.
En Sonnden geet et lo weider zu Ettelbreck mat dem 2ten Match aus den Halleffinalen.
-
Fussball fir den gudden Zweck
Virun ausverkaaftem Stadion hun europäesch Fussballer sech fir den gudden Zweck agesaat. Ennert der Leedung vum Zinedine Zidane an Figo ass iwer 70 Minuten laang fir den gudden Zweck gekickt gin.
Ween hätt et geduercht d'Letzebuerger Auswiel huet geint Staren mat 6:3 den kierzeren gezunn. Mee d'Resultat war jo och net sou wichteg, well et sollt nämlech op d'Kannerkrankheet Leukodystrophie opmierksam gemeet gin.
Ennert anerem stoungen follgend Leit um Terrain :
Zidane, Figo, Koller, Marschall, Ziege, Wiltord, Sylvestre, Frechaut, Wilmots, Strasser, Hellers an Mutsch. -
Pazz Festival in Oldenburg
Vom 24ten April bis zum 2ten Mai fand in Oldenburg nach 2008 das 2te Performing Arts Festival statt. Einige Studenten der Hochschule Mannheim konnten sich über ein Stipendium freuen und durften eine tolle Woche in Oldenburg verbringen.
Zusammen mit 12 anderen Stipendiaten, aus unterschiedlichen Bereichen, begleiteten wir das Performing Arts Festival hinter den Kulissen. Mit 2-3 Theatervorstellungen am Nachmittag, hatten wir ein gut gefülltes Programm. Zusätzlich hatten wir die Möglichkeit die Künstler zu einem Gespräch zu treffen um Fragen zu stellen oder einfach um über das Stück zu diskutieren. Dies war nicht immer einfach weil wie jeder weiß : "Das Leben ist komplex" – der Author möchte nicht genannt werden.
Die Aufgabe von uns Kommunikationsdesignern war es das Event in Bewegtbild und Bild festzuhalten und den Blog vom Pazz Festival zu füttern oder in anderen Wörtern ausgedrückt das Festival bunter zu machen.
Einige Fotos von der Olga und mir kann man auch auf dem Blog des Festivals begutachten
Nachdem einer der Stipendiaten im letzten Moment abgesprungen war hatte ich das große Glück an diesem Programm teilzunehmen und mit vielen Anekdoten, netten Bekanntschaften und neugewonnen Erfahrungen nach Mannheim zurück zu reisen.







































