basket

30 Mee 2010

 

Sparta gewennt deen eischten Finalsmatch

Virun ausverkaaftem Atert, ass haut zu Bartreng dei eischten Final vun den Playoffs 2010 gespillt gin. Bartreng wollt onbedengt gewannen an dei Diddelenger wollten sech fir dei verlueren Coupe Final revancheieren!

Den besseren Start an den Match haat definitiv Bartreng. Si hun den Match vun Ufank un kontrolleiert an sin och greisstendeels zu einfachen Punkten komm. Den T71 stoung praktesch nierwt dem Terrain bei hinnen ass guer naicht zesummen gelaaf, an domadder steet et no der eischter vun 3 meiglechen Finallen 1:0 vir dei Bartrenger. En Freiden mussen dei Diddlenger lo an eegener Haal gewannen fir sech eng Optioun op den Titel ze haalen

Fotographesch gesinn

Fir mol eng keier eppes anescht ze maachen hun ech mer extra fir desen Match eng Rolleiflex vun menger Heischschoul ausgeleint. Fir dei dei et net wessen sollten, dest ass eng analog Mettelformatkamera an mecht Biller dei menger Meenung no schon baal aus enger aneren Welt kommen.

Firwaat sech extra sou vill mei maachen an daat "onmeiglecht" probeieren Sport mat enger analoger Kamera ze fotografeieren.

Ech hun et als extreem spannend emfonnt fir mol ze kuken wei d'Sportsfotographen freier Biller gemeet hun. Ouni manuellen Fokus an demnowei och nach ouni internen Beliichtungsmiesser hun si missten schaffen.
Bei mir waren d'Conditiounen ähnlech den Beliichtungsmiesser vun der Kamera ass futti (Cedric du kenns daat gefill ;)). Sou hun ech als eischten mol emmer miessen missten eier dass ech iwerhaapt eng Foto gemeet hun.

Bei desem Verfahren konzentreiert een sech dann och vill mei op den Cadrage, waat awer bei sou enger Mettelformat guer net sou einfach ass well alles nämlech spiggelverkeiert ass.
Sou hun ech mir am Kapp eng kleng Lescht gemeet vun Saachen dei ech onbedengt fotographeieren wollt an hun des lues a lues oofgeschafft andeems ech op den richtegen Moment gewaard hun.

2tens hun ech ma d'Mettelformat ausgeleint well ech am Fong en sou eng Foto maachen wollt :

Sparta - Diddeleng

Eng speziell Foto mat nemen enger Schärftenebene an der Metten |Fotoen clada.lu

Quizz

Kleng Quizzfro wei nennt een daat Verfahren, an wei ass des Foto entstaan?!

Fir den Recht sin ech lo just nach gespannt op meng analog Fotoen ... Soubaal des färdeg entweckelt an gescannt sin wärt ech se och hei posten!

Photos

  • Sparta - Diddeleng | Finals 2010
  • Sparta - Diddeleng | Finals 2010
  • Sparta - Diddeleng | Finals 2010
  • Sparta - Diddeleng | Finals 2010
  • Sparta - Diddeleng | Finals 2010
  • Sparta - Diddeleng | Finals 2010
  • Sparta - Diddeleng | Finals 2010
  • Sparta - Diddeleng | Finals 2010